Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ibakus: En Tool fir méi Sécherheet
Money Neiegkeeten

Ibakus: En Tool fir méi Sécherheet

SPONSORED STORY Den 26. Juni ass ee wichtegen Datum fir

ULC: „D‘Wahlprogrammer an hir Verspriechen“
Money Neiegkeeten

ULC: „D‘Wahlprogrammer an hir Verspriechen“

D‘Chamberwahle sti vrun der Dier, an och de Konsumenteschutz (ULC)

250 Milliounen Euro Steiervirdeel, einfach esou…
Money Neiegkeeten

250 Milliounen Euro Steiervirdeel, einfach esou…

Et gëtt där Deeg, do kanns de der just nach

money

Lëtzebuerger Zentralbank leet Joresbericht vir

D‘BCL huet den Exercice vum Geschäftsjoer 2019 mat 207,3 Milliarden Euro ofgeschloss

Lëtzebuerger Zentralbank leet Joresbericht vir

Wann dëst Resultat géintiwwer 2018 ëm 9% erofgaangen ass, esou de Benefice selwer awer stabil bliwwen. An hirem Communiqué geet d‘Zentralbank op déi ënnerschiddlech Felder unhand deenen sech dann och dës notabel Baisse liicht erkläre léist. Et ass dann och alles esouwäit an de Rei, an et gëtt näischt dat engem elo direkt misst Kappzerbrieches maachen.

Ob sech datt 2021 esou och nach fir de Bilan vun dësem Joer behaapte léist, ass dann awer eng aner Affär. Nieft enger käschtespilleger sanitärer Kris déi sech ganz desagreabel op eise BIP auswierkt, an déi sech grad an der Entwécklungsphas befëndlech Wirtschaftskris, wäert och zu gréissere Verwerfungen am Finanz- an Versécherungssecteur kommen, wat och Afloss op den Exercice huet.

Als interessant wier nach ze notéieren, datt wäert vun de Geldschäiner déi am Ëmlaf sinn an dem Lëtzebuerger Undeel zougeschloe ginn, e Wäert vun 3.878 Milliounen Euro huet (+ 627 Millioune géintiwwer 2018). Den Netto Zënsproduit ass vu 493 Milliounen Euro op 514 Milliounen Euro geklommen. En Deel dovunner gëtt awer nees am Eurosystem den Reegelen entspriechend verdeelt.

Personalméisseg huet d‘BCL 18 nei Mataarbechter kritt, a kann sech elo op 410 Salariéeë fir hir villsäiteg Missioune stëtzen. Hei ass et dann och wichteg nach emol drun ze erënneren, datt déi Lëtzebuerger Zentralbank esouwuel eng national wéi och eng europäesch Institutioun ass. Si verzeechent ee staarke Wuesstem, bezunn op d‘Zounam vun de vill Missiounen déi si erfëlle muss.

Annex: De Joresbericht a senger Integralitéit

Illustratioun: © Jason Dent / unsplash

Ähnlech Sujeten BCL, Exercice 2019, Joresbericht, Lëtzebuerger Zentralbank
Nächsten Artikel Virrechten Artikel