Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Verkackt Parlamentswahlen a Spuenien
Quiz

Verkackt Parlamentswahlen a Spuenien

Ah wann dat de „Generalissimo Francisco Franco“ mat eegenen Aen

Big Business mam Grondwaasser
Quiz

Big Business mam Grondwaasser

D‘Mineralwaasser aus de Bierger vum franséischen Osten ass bekannt op

Politesch Entscheedungen an hir Folgen
Quiz

Politesch Entscheedungen an hir Folgen

Wa politesch Entscheedungen esou schwéier Konsequenzen hunn, wéi dat de

Kriss du eng Datz an eiser Prüfung zur Lëtzebuerger Geschicht oder bass de méi schlau wéi de Proff?

Kriss du eng Datz an eiser Prüfung zur Lëtzebuerger Geschicht oder bass de méi schlau wéi de Proff?

Wéi gutt kenns du eis Geschicht?


Wéi gutt kenns du eis Geschicht?

Question 1 of 14.

Wéini gouf d'Neutralitéit vu Lëtzebuerg formal opgehuewen?

1. 1919
2. 1939
3. 1948

Dat war 1948 de Fall

Question 2 of 14.

Tëscht 1795 an 1814 war dat deemolegt Herzogtum Lëtzebuerg gläich an e puer franséisch Departementer agegliddert. Wéi eent dovunner hat de gréissten Deel vum haidege Land?

1. Departement Ourthe
2. Departement des forêts
3. Departement Sambre-et-Meuse

Den Departement des forêts hat 2/3 vun der Fläch vum Herzogtum Lëtzebuerg

Question 3 of 14.

Des Persoun war Premierminister vu Lëtzebuerg. Wéi heescht des Persoun?

1. Joseph Bech
2. Pierre Dupong
3. Pierre Frieden

Dat ass de Pierre Dupong

Question 4 of 14.

Wéini krut Lëtzebuerg seng haideg Form?

1. 1839
2. 1932
3. 1815

1839 gouf Lëtzebuerg fir d'lescht gedeelt

Question 5 of 14.

Wéini krut Lëtzebuerg seng éischt Verfassung, déi sougenannte Konstitutioun vun de Stänn?

1. 1841
2. 1868
3. 1912

Den 12. Oktober 1841 krut Lëtzebuerg eng sougenannenten Konstitioun vun de Stänn

Question 6 of 14.

Wéini huet Lëtzebuerg sech offiziell fir d'Verfolgung vun de Judden am Zweete Weltkrich entschëllegt?

1. 1945
2. 2015
3. 1957

Dëst war eréicht 2015 de Fall

Question 7 of 14.

Dat heiten ass de Loschbur-Mann, de sougenannten eelste Lëtzebuerger. Wéini soll hie gelieft hunn?

Vum (iz). Ingozwank at de.wikipedia - Eegent Wierk ((iz)), Ëffentlechen Domaine, https://commons.wikimedia.org/w/index.php?curid=16325500

1. 2.000 Joer
2. 8.000 Joer
3. 5.000 Joer

Hie soll viru ronn 8.000 Joer gelieft hunn

Question 8 of 14.

Wat war eent vun de wichtegsten Elementer vun der Schoulreform vun 1912

1. D'Schoulgeld gouf agefouert
2. D'Pause fir d'Kanner goufe festgeluecht
3. Der Kierch gouf vill Afloss op den Enseignement entzunn

D'Paschtéier waren no dëser Reform net méi zoustänneg fir d'Iwwerwaachung vum Enseignement

Question 9 of 14.

Wéini ass Lëtzebuerg der NATO bäigetrueden?

1. 1968
2. 1949
3. 1954

Lëtzebuerg ass 1949 der NATO bäigetrueden

Question 10 of 14.

Bis wéini war Lëtzebuerg Member beim däitschen Zollveräin?

1. 1867
2. 1919
3. 1839

Lëtzebuerg war bis 1919 Member beim däitschen Zollveräin

Question 11 of 14.

Wéini huet Lëtzebuerg säin 150 järegt Bestoe gefeiert?

1. 1989
2. 1939
3. 1919

Dat war 1989 de Fall

Question 12 of 14.

Des Persoun war Premierminister vu Lëtzebuerg. Wéi heescht des Persoun?

1. Pierre Frieden
2. Joseph Bech
3. Pierre Werner

Dat ass de Joseph Bech

Question 13 of 14.

1919 gouf et hei am Land en éischte Referendum. Wourëm goung et bei dësem éischte Referendum NET?

1. D'Maulkuerfgesetz
2. D'Wirtschaftsunioun
3. De Statut vum Land

Et goung net ëm d'Maulkuerfgesetz, mee et gouf iwwert de Statut vum Land an iwwert eng Wirtschaftsunioun gestëmmt

Question 14 of 14.

Des Persoun war Premierminister vu Lëtzebuerg. Wéi heescht des Persoun?

1. Pierre Frieden
2. Joseph Bech
3. Pierre Dupong

Dat ass de Pierre Frieden

Next question 1 of 14

All 14 questions completed!


Share results:

Wéi gutt kenns du eis Geschicht?

Gefält dir moien.lu?

Abonnéier dech op eisen Newsletter
Keng Angscht, mir spammen net. Dir kritt 1 Newsletter pro Dag.

D’Geschicht vun eisem Land ass nawell zimlech oniwwersiichtlech a komplex. Grad dowéinst ass et ëmmer erëm wichteg, säi Gediechtnes op ze frëschen. Eise Quiz kann der do bestëmmt weider hëllefen!

Ähnlech Sujeten Geschicht, Lëtzebuerg, Quiz, test
Nächsten Artikel Virrechten Artikel