Search

You may also like

De maltesesche Premier op „Aarbechtsvisite“
Neiegkeeten

De maltesesche Premier op „Aarbechtsvisite“

Empfaange gouf de Joseph Muscat den 18. Juli an Hotel

Geschwënn ass nees „Black Friday“ an den Handel wëll nëmmen äert Bescht
Neiegkeeten

Geschwënn ass nees „Black Friday“ an den Handel wëll nëmmen äert Bescht

E gëtt ëmmer nees als dee „Verkafsevent“ vum Joer verkläert

Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser
Neiegkeeten

Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser

En Donneschdeg hunn den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) an den

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen

Dat weist eleng d'Beléiftheet vum Sproochecours

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen

Leschten Dënschden goufen an der Stad insgesamt 571 Diplomer un Schüler aus dem Joer 2016/2017 verdeelt. 523 Persounen kruten en Diplom fir den Cours vun der lëtzebuergesch Sprooch an Kultur. 48 Persounen fir léieren vun der “Deutschen Gebärdensprache”.

Dat an der Präsenz vum Educatiounsminister, Claude Meisch, an dem Office luxembourgeoise de l’Accueil et de l’Intégration. Do dernieft waren och Vertrieder vun der Stater Gemeng, der Commission consultative communale d’intégration, vum Comité participatif “Besoin spécifique”, vun der Commission de l’action sociale, de la Santé et du 3e âge an vun der Commission de l’égalité entre femmes et hommes uwiesend.

Wichteg fir d’Integratioun

De Gemengerot huet den Absolventen gratuléiert an och nach eemol betount, wei wichteg et fir d’Integratioun ass, d’Sprooch vum Land ze beherrschen. Des Weideren begréisst den Gemengerot och nach déi héich Unzuel vun den Participanten déi lëtzebuergesch Sprooch léieren wëllen.

Wat de Cours fir d’lëtzebuergesch Sprooch an Kultur ugeet, hunn 58% vun den Schüler hiren Certificat an der Täsch. Wat e Minus ass vum lëschten op dëst Joer: 2015/16 waren et 69%.

Beim Cours fir déi Däitsch Gebäerdesprooch huet um Enn keen ouni Diplom missen do stoen. Sou louch den Taux de réussite bei 100% woubäi et an den Joren virdrun vun 2011/12 bis 2015/16 ëmmer nëmmen an déi 80% waren.

Preparatiounen fir dat nächst Joer alafen deemno och schonn op héich Touren. Wann een also Interessi huet sech unzemellen soll een net zecken. Et muss een sech iwwert den “Service Intégration et besoin spécifique” oder iwwert Internetsäit vun der Stad umellen.

Fir dat neit Schouljoer bitt Stater Gemeng och nei Couren un an hëlt och puer Ännerungen un deenen elo schonn existéierenden Couren fir. Sou gëtt de Cours fir lëtzebuergesch Sprooch op véier Joer an véier Niveauen opgedeelt.

Fir alleréischt bitt Stad Lëtzebuerg och Couren un, fir Lëtzebuergesch schreiwen ze léieren a fir lëtzebuergesch Kultur. Dat fir Léit déi Lëtzebuergesch scho beherrschen.

Déi verschidden Couren ginn verdeelt an eenzelen Quartieren vun der Stad ofgehalen, wéi zum Beispill zu Bouneweg, um Cents, op der Gare oder zu Hollerech.

Foto : Soubry Charles

 

Related topics Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch, Sproochcours, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post