Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Aktioun géint Riets: Eng digital Krichserklärung
Meenung https://moien.lu/bowes-lyons-dating/

serious online dating websites

Si gehéiert zu deene berüchtegtsten Lëtzebuerger Säiten op Facebook. Net

What the Fakt – Stëll ass d’Nuecht!
Meenung https://moien.lu/bowes-lyons-dating/

What the Fakt – Stëll ass d’Nuecht!

Mir all kennen wuel d’Lidder, déi un Helleg Owend gesonge

What the Fakt – Viru 15 Joer huet de Montecore säi Meeschter mam Hals geholl
Meenung https://moien.lu/bowes-lyons-dating/

What the Fakt – Viru 15 Joer huet de Montecore säi Meeschter mam Hals geholl

An de 60er Joer haten de Siegfried a Roy eng

Parlamentaresch Froen op lëtzebuergesch: wou ass de Problem… (e Gedankesprong)

Ass et elo den Deputéierten hir Schold datt net jiddereen der Landessprooch mächteg ass?

Parlamentaresch Froen op lëtzebuergesch: wou ass de Problem… (e Gedankesprong)

Datt et wuel – zumindest dagsiwwer wann net grad Kollektivcongé ugesot ass – méi Mënschen zu Lëtzebuerg gëtt, déi net dem lëtzebuergesche mächteg sinn, datt ass bekannt. Datt de Lëtzebuerger dräi Sprooche beherrscht allerdéngs eng Ënnerstellung.

Dëst Joer huet dat lëtzebuergescht Sproochegesetz 35 Joer gefeiert, d‘Regierung huet am Kader vun der Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch e „Sproochekommissär“ agesat, an ëmmer méi oft hu Ministèren an aner Administratiounen am Internet och lëtzebuergeschen Inhalt. Den „offizielle“ Courrier an déi „legislativ“ Sprooch gëtt nach ëmmer „franséisch“ gehalen. Datt elo ëmmer méi Deputéiert hir parlamentaresch Froen op lëtzebuergesch formuléieren, wier problematesch.

Esou gëtt et Stëmmen déi sech erhiewen an sech drop behaapten datt déi „legislativ Sprooch“ dat franséischt wier, an d‘Volleksvertrieder all d‘Mënschen am Land ze representéieren hätten, also hir Fro gefällegst och op franséisch ze stellen hätten. Zil vun dësem Aktionismus ass et zwou Parteien eppes méi un de rietse politesche Bord ze stoussen. Dat sinn engersäits d‘ADR an anersäits d‘Piraten. Keng vun dëse politesche Parteien hätt bis ewell eng Fro op Franséisch gestallt.

„En français s‘il-vous-plaît“

An dësem Kontext mussen dann awer ee puer Remarken erlaabt sinn. Zum engen ass et – wat déi ganz Administratiounen ubelaangt – esou gereegelt, datt déi op Bréiwer déi a Lëtzebuerger Sprooch verfaasst goufen, och op lëtzebuergesch äntwere mussen. Zum aneren ass um Site vun der Regierung däitlech vermierkt, datt d‘Sprooch net „festgeluecht“ ass, déi Deputéiert sech also an enger vun den dräi zur Verfügung stoende Sprooche bedénge kann. De fräie Choix besteet also.

Et dierf een zudeem drop hiweisen, datt d‘Verkéierssprooch um Krautmaart, bei den Debaten oder soss Diskussiounen, och lëtzebuergesch ass. Datt déi parlamentaresch Froen traditionell op franséisch gestallt goufen, kann awer am Kontext vun der Fërderung vun der Landessprooch net als Grondlag hierhalen, den Deputéierten déi franséisch Sprooch beim Schrëftverkéier opzezwéngen. An d‘Ministeren hu gefällegst och an där Sprooch ze äntweren, an där d‘Fro gestallt gouf.

Erlaabt eis nach d‘Feststellung, datt et natierlech fir all déi Leit déi net d‘Sprooch beherrschen, dat „noliese“ vu Froen um Site vun der Chamber komplizéiert ass. Et ass leider net gewosst, wéi vill et där Leit gëtt, déi sech: a) d‘Froen um Site ukucken, b) politesch aktiv sinn an c) och Wieler sinn. Et sinn éischter d‘Journaliste vun der frankophoner Press, déi sech hei schwéier dinn, well déi een novollzéibaren Interêt un der Lektür vu parlamentaresche Froen hunn.

Dann awer geet d‘Fuerderung net wäit genuch. Da missten d‘Pressekonferenze vun de Parteien an de Ministèren och op franséisch ofgehale ginn, wat nees de däitschsproochege Kollegen net géif entgéint kommen. Do gëtt dann argumentéiert, datt déi „geschriwwe“ Verkéierssprooch sollt déi franséisch sinn, an déi „geschwaten“ da lëtzebuergesch. Also zumindest fir d‘Administratiounen an déi politesch Organisatiounen/Parteien, well dat dann angeblech jidderee géif gläichstellen.

Si wëllen eis Sprooch muedebëtzeg maachen

Datt déi Lëtzebuerger Sprooch jo och soll an der Verfassung e besonnesche Stellewäert zougestane kréien, an de permanente Lëtzebuerger Sproocherot a sengem Avis gefuerdert huet, datt dem Statut vun den dräi genotzte Sproochen am Land en eegent Kapitel muss erhalen, erliichtert d‘Diskussioun net wierklech, woubäi dat mat der Verfassung jo net fir muer ass. Geet et vläicht net och drëms eis e schlecht Gewëssen anzerieden, eis en ënnerschwellege Rassismus ukräiden ze wëllen?

Wann d‘ADR an d‘Piraten sech dem Virworf vum Populismus stelle mussen, just wëll si gebrauch vun der Landessprooch maachen, da gëtt de Bou iwwerspaant. Wann doriwwer eraus d‘Thees opgestallt gëtt, datt een als Deputéierten „all Bierger“ representéiere misst, huet een entweder dat mat der Demokratie oder der Politik net verstanen. Wahrscheinlech béides net, wat natierlech och net derzou bäidréit, datt déi sozial Kohäsioun am Land ka gestäerkt ginn.

Rassismus an Intoleranz kéint een eventuell do gesinn, wou d‘Leit sech enger Déngschtleeschtung erwieren oder sech der Diskussioun verweigeren, wann net lëtzebuergesch geschwat gëtt. Et ass deemno normal datt ee gefällegst franséisch ze verstoen huet wann een an d‘Spidol, de Restaurant oder de Supermarché geet. Datt et ee Respektdefizit ass, wann een säit längerem am Land ass, a sech der Sprooch verwiert, dat soll een ëm Gottes wëllen net soen, dat wier scho rassistesch, soen se…

Illustratioun: Gerd Altmann/Pixabay

Ähnlech Sujeten Frankophonie, Krautmaart, Lëtzebuerger Sprooch, parlamentaresch Froen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel