Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kriss du eng 1 an eiser Lëtzebuergesch-Prüfung oder éischter eng Datz?
https://moien.lu/best-time-to-start-dating-after-a-break-up/

Kriss du eng 1 an eiser Lëtzebuergesch-Prüfung oder éischter eng Datz?

D’Lëtzebuergesch Sprooch huet nawell seng mi schwéier Säiten! Wéi gutt

dating sites in austin
https://moien.lu/best-time-to-start-dating-after-a-break-up/

the hook up experiment read online free

D’Stad Lëtzebuerg ass souwuel national wéi international vun enormer Bedeitung.

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Sympathesch Kauzen (Erzielungen)
https://moien.lu/best-time-to-start-dating-after-a-break-up/

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Sympathesch Kauzen (Erzielungen)

Den Henri Losch mécht nees seng Schatzkëscht vun den Erënnerungen

No Planet B: Mobiliséierung vum lëtzebuergesche Finanzsecteur fir de Klimaschutz

No Planet B: Mobiliséierung vum lëtzebuergesche Finanzsecteur fir de Klimaschutz

Greenpeace Lëtzebuerg huet um 18. September 2018 säin éischte Klimaschutzbüro um Kierchbierg, Kär vum lëtzebuergesche Finanzzentrum opgemaach.

Eng 15 Meter héich Ofbildung vum Eiffeltuerm, den als Symbol vum Paräisser Klimaschutzofkommes dénge soll, an ee mobille Büro op der Funiclaires-Platz sinn Treffpunkt fir Bierger, Politiker an Acteuren aus dem Finanzsecteur, fir mat de Greenpeace-Mataarbechter iwwer d’Roll vun der lëtzebuergescher Finanzindustrie bei der Bekämpfung vum Klimawandel ze diskutéieren. Nach bis zum Enn vun der internationaler Klimakonferenz COP24 Mëtt Dezember kann een den Eiffeltuerm an de mobille Büro kucke goen.

Greenpeace ass iwwerzeegt, datt de lëtzebuergesche Finanzsecteur eng grouss Roll beim globale Klimaschutz spille kann. Fir d’Zieler vum Präisser Klimaofkommes ze erreeche musse Milliarden u Suen aus dem private Secteur mobiliséiert ginn. Dëst Geld gëtt momentan an fossil Brennstoffer investéiert a soll zukünfteg an erneierbar Energie an nohalteg Infrastrukturprojeten ëmgeleet ginn.

Fir déi global Hausse vun der Temperatur op 1,5C ze begrenzen an ee katastrophale Klimawandel ze vermeiden, musse fossil Brennstoffer am Buedem bleiwen. Dëst bedeit, datt vill Investitiounen an kuelestoffräich Verméigenswäerter zu „verluere Verméigenswäerter“ (sougenannte „standed assets“) ginn. Dat kann zu engem systemateschem makroekonomesche Risiko fir Lëtzebuerg féieren“, erkläert den Diogo Guia, Campaigner vu Greenpeace Lëtzebuerg.

lëtzebuergesche

Fir Greenpeace besteet déi zentral Aufgab vun der neier Regierung doran, keng ëffentlech Gelder méi a fossil Brennstoffer ze investéieren an déi potentiell finanziell Risiken ze bewäerten, deene Lëtzebuerg duerch Investitioune vum Finanzsecteur a fossil Brennstoffer an aner Kuelestoff-intensiv Industrien, ausgesat ass.

Déi zukünfteg Regierung muss gëeegent Moossnamen ergräifen, sou datt net nëmmen ee marginalen Deel den zu Lëtzebuerg gemaachten Investitiounen a klimafrëndlech an nohalteg Projeten investéiert ginn. De gesamte Finanzsecteur muss säi Bäitrag leeschte fir ee schnellen Iwwergang zou enger kuelestoffarmer Wirtschaftsweis ze erzielen.

„D’Ëmlenke vu Milliarden Euro aus klimaschiedlechen Investitiounen an klimafrëndlech an nohalteg Kaderen ass souwuel eng Noutwendegkeet, wéi och eng Chance fir déi lëtzebuergesch Finanzindustrie“, kommentéiert de Raymond Aendekerk, Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg. „Dëst kéint fir Lëtzebuerg de gréisste Beitrag géint de Kampf géint de weltwäite Klimawandel a fir eng nohalteg Zukunft ginn.“

All Informatiounen an Besuchszäite vum „Greenpeace Climate Action Office“ an dem Eiffeltuerm fannt dir ënnert www.greenpeace.lu

Foto: © Greenpeace, Lëtzebuerg

Ähnlech Sujeten COP24, Finanzplaz, Greenpeace, Klimaschutz, Raymond Aendekerk
Nächsten Artikel Virrechten Artikel