Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

coollove
Policereform ass ficeléiert an domadder gëtt sech méi Sécherheet versprach
Love Neiegkeeten

Policereform ass ficeléiert an domadder gëtt sech méi Sécherheet versprach

No enger Transitiounsphase vu gutt zwee Joer an dat onofhängeg

laughinglovesurprise
Editorial: Maach den Handy aus!
Love Neiegkeeten

Editorial: Maach den Handy aus!

Dat den Educatiounsminister Claude Meisch haart driwwer nodenkt, d‘Benotze vum

dislike
Keng Jamaikakoalitioun fir eis däitsch Noperen
Love Neiegkeeten

Keng Jamaikakoalitioun fir eis däitsch Noperen

Et ass komm wéi et huet misse kommen. Déi sëlleche

love

Kann dëse Projet dem Eenzelhandel zu Lëtzebuerg hëllefen?

LetzShop.lu bidd de Commercen am Land eng nei Plattform

Kann dëse Projet dem Eenzelhandel zu Lëtzebuerg hëllefen?

D’Geschäfter an eise Stied hunn et ëmmer mi schwéier, hier Clienten ze kréien. Dat stëmmt souwuel am Ausland, wéi och hei am Land. Virun allem den Eenzelhandel kritt dat ze spieren. Do gëtt gäre mam Fanger op den Internet gewisen: Hie géif eng ze grouss Konkurrenz fir si duerstellen. Ma anstatt en als Konkurrenz ze begräifen, wëll een en elo als Chance erkennen: Mat der Plattform Letzshop.lu kritt den Eenzelhandel eng digital Vitrinn offréiert.

D’Francine Closener (LSAP), d’Staatssekretärin fir Wirtschaft, huet haut de Projet virgestallt. “Den Eenzelhandel gesäit sech villen Erausfuerderungen ausgesat, virun allem der wuessender Wichtegkeet vum Onlinehandel. De Wirtschaftsminister mécht en Effort fir d’Entreprisen an hirer Iwwergang an dat digitaalt Zäitalter ze begleeden”, esou d’Fancine Closener. Den Dan Biancalana, President vu Luxembourg for Shopping, mengt: “Den Eenzelhandel dréit op eng substanziell Manéier zur wirtschaftlecher Diversitéit, zur Schafung vun Aarbechtsplazen an zum sozialen Austausch an eise Gemenge bäi.”

De Startschoss fir dës nei Plattform fält den 14. September 2018. Iwwert 100 Geschäfter hu schonn hir Participatioun confirméiert. Bis zum Start kënnen awer nach weiderer dobäi kommen.

Gegrënnt gouf dës Plattform vum Wirtschaftsminister a vum Groupement d’Intéret économique Luxembourg for Shopping. An dësem Grupp sinn de Wirtschaftsminister, d’Handelskummer, d’CLC an déi 16 Gemengen, déi um Projet matmaache, vertrueden. D’Geschäfter, déi hier Wueren doropper wëllen ubidden, bezuele 500€ am Joer. Et gi keng Kommissiounen op d’Verkeef erhuewen.

Dës Gemengen a Stied maache bei letzshop.lu mat:

  • D’Stad Lëtzebuerg,
  • D’Gemeng Klierf
  • D’Stad Dikrech
  • D’Stad Déifferdeng
  • D’Stad Diddeleng
  • D’Stad Iechternach
  • D’Stad Esch-Uelzecht
  • D’Stad Ettelbréck
  • D’Stad Gréiwemaacher
  • D’Gemeng Jonglënster
  • D’Gemeng Miersch
  • D’Gemeng Mäertert
  • D’Gemeng Péiteng
  • D’Gemeng Réiden
  • D’Stad Réimech
  • D’Stad Wolz

Mam Service information et presse

Ähnlech Sujeten Déifferdeng, Diddeleng, Dikrech, Eenzelhandel, Esch-Uelzecht, Ettelbréck, Francine Closener, Gréiwemaacher, Iechternach, Jonglënster, Klierf, Lëtzebuerg, Letzshop, Mäertert, Miersch, Péiteng, Réiden, Réimech, Stad Lëtzebuerg, Wirtschaft, Wolz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    1

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    2