Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fëmmen op der Terrass vum Bistro oder Restaurant bleift zoulässeg
Money Neiegkeeten

Fëmmen op der Terrass vum Bistro oder Restaurant bleift zoulässeg

Am Juli 2018hat den Daniel Reding seng Petitioun, fir de

Luxembourg Balloon Trophy: Sech d‘Land emol vun uewen ukucken
Money Neiegkeeten

Luxembourg Balloon Trophy: Sech d‘Land emol vun uewen ukucken

Reklamm ass eigentlech genuch gemaach ginn, a wiem et trotz

Schwäiz: e Kanton wëll de „Burka-Verbuet“
Money Neiegkeeten

Schwäiz: e Kanton wëll de „Burka-Verbuet“

Gutt Zweedrëttel vun den Awunner vum Schwäizer Kanton Sankt Gallen,

money

De Lex Delles wëll den Entreprisen hëllefen

De Lex Delles wëll den Entreprisen hëllefen

Wéinst der Pandemie, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, gerode vill Entreprisen, ganz onofhängeg vun hirer Gréisst, ëmmer méi ënner Drock. Elo huet de Mëttelstandsminister Lex Delles (DP) deenen ënnert hinnen, déi op lëtzshop.lu present sinn, weider Ënnerstëtzung zougesot.

No der Concertatioun mat de 17 Gemengen, dem Handelsverband an der Handelskummer, gouf entscheet, datt de Joresbäitrag vu 500 Euro am Joer fir déi wou do Aktiv sinn oder aktiv wëlle ginn, annuléiert ass. De Mëttelstandsministère an d‘Direktioun vum Mëttelstand, hunn zu dësem Zweck eng Cagnotte zesummegedroe, fir d‘Cotisatioune fir d‘Joer 2020 integral ze iwwerhuelen.

An dësem Kontext huet de Lex Delles preziséiert, datt et elo wichteg ass, eis Solidaritéit ënner Beweis ze stellen, an alles drun ze setzen, fir déi wirtschaftlech Auswierkunge vun dëser Kris méiglechst geréng ze halen. Dozou gehéiert och d‘Entreprisen – déi Butzeg eppes méi wéi déi Grouss – op finanziellem Niveau esouwäit méiglech konsequent ze entlaaschten.

Gläichzäiteg sollen d‘Entreprisen encouragéiert ginn sech eng digital Strategie ze ginn. Iwwert d‘Plattform lëtzshop.lu kënnen d‘Entreprise hir Produkter weider vermaarten, dat ouni datt d‘Mataarbechter oder d‘Clienten engem Risk auszesetzen. Vill Entreprisen a Betriber hunn dës Offer begréisst an d‘Plattform kritt och entspriechend Zoulaf, wat nees vum Minister begréisst gëtt.

Den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana (LSAP), President vum GIE „Luxembourg for Shopping“ (jo och do ass een der Landessprooch net mächteg) huet sengersäits preziséiert, datt dës vum Mëttelstandsminister getraffen Entscheedung, och d‘Efforte vun de Gemenge stëtzt, déi sech mat villen Initiative beméien hire Geschäftsleit an Zäite vun der sanitärer Kris bäizestoen.

Fir déi meeschte Geschäfter ass den Ament d‘Plattform lëtzshop.lu déi eenzeg Plaz op där si nach Handel bedreiwen, an esou d‘Iwwerliewe vun hirem Commerce séchere kënnen. Dës virtuell Maartplaz (oder op nei-lëtzebuergesch „Marketplace“) ass gutt opgestallt an well ee jo och méiglechst sollt doheem bleiwen, ass d‘Ausliwwerung vun de bestallte Wueren eng gutt Optioun.

Esou muss ee sech net zwéngend un auslännesch Enseignen oder Plattforme wennen, fir dat wat een esou brauch akafen ze kënnen. Et ass dann och, grad a schwieregen Zäiten net verkéiert, wann een eppes méi „lokal“ akeeft. Domadder kréien esouwuel déi genannte Geschäfter gehollef, wéi dem Eenzelhandel am Land gewise gëtt, datt een an der Nout gutt beroden ass zesummenzehalen.

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, LetzShop.lu, Lex Delles, Marketplace, Online-Handel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel