Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Black Widow: deen heemlechen deen aus der Däischtert kënnt
Geek Neiegkeeten

Black Widow: deen heemlechen deen aus der Däischtert kënnt

De Black Widow vun der Steeseler Stuff Brauerei, ass esou

Kastagnetten ausgepaakt! Flamenco Festival 2019
Geek Neiegkeeten

Kastagnetten ausgepaakt! Flamenco Festival 2019

Wéi déi Jore virdrun och, wëllen de Cercle Culturel Espagnol

dislike
Brexit: Hir Lordschafte stellen der britescher Regierung d‘Been
Geek Neiegkeeten

Brexit: Hir Lordschafte stellen der britescher Regierung d‘Been

Am „House of Lords“ ass fir d‘Bäibehale vun der EU-Charta

geek

Selwer Mario-Levelen designen: Super Mario Maker 2

Ab dem 28. Juni 2019 op der Nintendo Switch

Selwer Mario-Levelen designen: Super Mario Maker 2

Wie schonn ëmmer eng Kéier den italienesche Blechschléier mam markante Schnutz duerch eege kreéiert Levele guidéiere wollt, wäert mat der Verëffentlechung vu Super Mario Maker 2 voll op seng Käschte kommen. Der Kreativitéit schéngt opgrond enger helle Wull u Gestaltungsméiglechkeeten beim Nofolger vu Super Mario Maker (Wii U & Nintendo 3DS) keng Grenze gesat. D’Spill wäert ab dem 28. Juni 2019 exklusiv op der Nintendo Switch erschéngen.

Hënt huet Nintendo an enger Presentatioun vu 15 Minutten nei Detailer zum Spill präisginn, woubäi nach net all d’Geheimnisser opgedeckt goufen. Nieft enger grousser Unzuel un neien Elementer, déi een a seng Levelen integréiere kann, gëtt et neierdéngs e Story Modus souwéi d’Méiglechkeet, zu puer zesummen ze spillen (Multiplayer Modus).

Super Mario Maker 2

Eng helle Wull u Méiglechkeeten, säin eegene Level ze gestalten! © Nintendo/Nintendo Direct

Wat ass Super Mario Maker 2 iwwerhaapt?

Genau sou wéi seng Virgänger, ass Super Mario Maker 2 eng Mëschung aus Stage Builder a “Platformer” – sou nennt een déi Zort Spiller, an deenen een tëscht Plattformen hin an hir spréngt an Hindernisser iwwerwanne muss. Heescht konkret: Ech bauen e Level, deen ech duerno spille kann. Och dem leschten Nostalgiker wäert d’Häerz héich schloen, wann een tëscht deene verschiddene Mario-Stiler auswiele kann – kommen op eemol eng ganz Rei Erënnerungen op!

Wiem d’Levelgestaltung elo näischt seet a léiwer direkt an d’Action sprange wëll, dee ka sech beispillsweis u Levele vun anere Leit probéieren. Jidderee ka seng Kreatiounen am Spill online deelen, virausgesat ass heibäi awer en Abonnement vun Nintendo Switch Online. Eemol e Level vun engem aneren erofgelueden, kann een dësen dann awer och offline spillen.

Nei ass dës Kéier e Story Modus, woufir ee keng Internetverbindung brauch. Duerch iwwer 100 vun Nintendo gebastelt Levele muss ee sech duerchboxen a Mënz sammelen, fir der Prinzessin Peach hiert Schlass nees opzebauen.

Super Mario Maker 2

Hei am Design vu Super Mario Bros. 3 mat e puer Ännerungen: Den Toad (blo) an d’Toadette (rosa) sinn zwee vun de véier Protagonisten an dësem “Online-Kampf”. © Nintendo/Nintendo Direct

Fir déi ganz ambitiéis gëtt et ënner anerem online eng Kategorie, an där et zum Kräftemoosse kënnt. Wie packt eng gewëssen Zort Levelen am séiersten a ka sech soumat ganz uewen an der Ranglëscht placéieren? Wien et dogéint léiwer manner kompetitiv ugoe wëll, deem seet de Koop-Modus wuel éischter eppes. Hei musse véier Spill gemeinsam dru schaffen, de Level ze meeschteren.

Et dierft een also méi wéi gespaant sinn, wat déi kreativ Käpp aus aller Welt fir Meeschterstécker schafe wäerten!

Opmaacherbild: Ab dem 28. Juni kann ee sech op der Nintendo Switch ganz selwer als Shigeru Miyamoto am Level-Design probéieren. © Nintendo

Ähnlech Sujeten Nintendo, Nintendo Switch, Super Mario, Super Mario Maker 2
Nächsten Artikel Virrechten Artikel