Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

#Metoo ass keng Iwwerraschung, mee eng traureg Erënnerung un eis Realitéit als Fraen
Money Neiegkeeten

#Metoo ass keng Iwwerraschung, mee eng traureg Erënnerung un eis Realitéit als Fraen

Iwwert déi lescht 24 Stonnen huet sech mäin Facebook Feed

Wat ee Fest!
Money Neiegkeeten

Wat ee Fest!

Vun der Relève vun der Gard virum Palais, iwwert de

Italien: Kann sech d‘Lega Nord an de Regionalwahlen duerchsetzen?
Money Neiegkeeten

Italien: Kann sech d‘Lega Nord an de Regionalwahlen duerchsetzen?

Et war nees där Optrëtter een, deen un däischter Zäiten

money

Dem Lex Delles seng Erausfuerderungen: e politesche Challenge

Dem Lex Delles seng Erausfuerderungen: e politesche Challenge

Et ass der Regierung hire jéngsten, hien denkt an handelt liberal, bleift senger Heemechtsstad Munneref – wou hien de Leit als Buergermeeschter vill Freed bereet huet – verbonnen. Et geet heibäi ëm keen anere wéi de Lex Delles (DP) neie Mëttelstand- an Tourismusminister.

Hien erwaarden nieft éischte groussen Erfarungen, och eng Rei zolidd a virun allem onbequem Dossieren. Ganz am Sënn vum „schaffe ronderëm d‘Auer“ wäert sech de jonke liberale mat den Ëffnungszäiten am Eenzelhandel beschäftegen. De Lex Delles hält et fir en Anachronismus, datt 2019 e Minister nach muss eng Ausnamegeneemegung ënnerschreiwen, wann e Geschäft Sonndes seng Diere wëll opmaachen. Eng Ausso déi an de Gewerkschaftszentralen den Alarm ausléist.

De Lex Delles huet en Dënschdeg virun der Kommissioun drun erënnert, datt en Déifferdenger vum administrative Geriicht d‘Recht zougeschwat kritt huet, seng Bäckerei eppes méi fréi opzemaachen. De Minister ass entspriechend zouversiichtlech, datt et bis 2020 zu enger fundamentaler Reform vun den Geschäftëffnungszäite komme kann. Hie schéngt da bereet ze sinn sech mat de soziale Partner an de Betraffenen aus dem Secteur iwwert d‘Modalitéite vun der Reform ze ënnerhalen.

De Mëttelstand stäerken

Mam 4. Mëttelstand-Aktiounsplang aus dem Joer 2016, huet de Minister e weidert gliddegt Eisen am Feier leien. Hie well sech mam héije Comité zur Ënnerstëtzung vum Mëttelstand zesummesetzen. Dat méiglechst schonn am Februar, fir ze erläuteren, wéi een d‘Entreprise nach besser ënnerstëtzte kann. Gefuerdert gëtt vun de mëttelstännegen Entreprisen, eng Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten, Sonndesaarbecht a Steierentlaaschtung op héijem Niveau.

Vun der Kommissioun ass de Lex Delles gefrot ginn, wéi sech déi national Plattform fir online-Handel (LëtzShop.lu) bewäert. Fir de liberale Minister steet fest, datt de System performant ass, iwwert d‘Chrëschtdeeg eng Zounam festgestallt gouf, an sech nees weider Gemenge fonnt hunn, déi sech dësem GIE (Gruppement vun ekonomeschen Interessen) uschléisse wëllen.

Eng Parenthes: „Et kann duerchaus sinn, datt mir de System vu LëtzShop.lu net ganz verstanen hunn, mee eiser Opfaassung no, sollt et eng Plattform fir den Eenzelhandel sinn, an ëm de Kommerz mat Wueren. Schléissen sech hei d‘Gemengen un fir dem Geschäfter aus hire Stied oder Dierfer den Zougank ze erméiglechen, oder si se selwer Acteur, oder wat maachen si do?“.

Tourismus ass eppes Feines

Am Kontext vu sengem Mandat als Tourismusminister, ka sech de Lex Delles doriwwer erfreeën, datt seng Virgängerin hei scho villes op de richtege Wee bruecht huet. Hie kann sech deemno voll a ganz op d‘Strategien „Tourismus 2022“ an „Meetings, Incentives, Conferences, Exhibitions“ (MICE) konzentréieren. Dofir mussen och d‘Bezéiungen tëscht de Ministère besser ginn, heescht et.

Lëtzebuerg als Destinatioun fir Naturfrënn. Op Wanderungen oder Cyclotourismus, hei wier nach vill Potential datt onbenotzt ass. Den Tourismusminister ass entscheet dofir, méi Vëlospiste fir den Cyclotourismus ze schafen, a wëll all Gemeng déi esou Pisten uleet, mat Subventiounen ënnert d‘Äerm gräifen. Ob de finanziellen Ureiz eleng duer geet, muss sech iwwert d‘Méint erweisen.

„Tourismus goes Digital“ wier e weidere Slogan, deen de Minister hätt kënnen an de Raum Stellen. Hie wëll méi Digitales, an hei sollen sech déi ënnerschiddlech Bedierfnesser vun dediéierte Sitten erfëllt ginn. Eng App fir Randonneuren, eng fir d‘Attraktiounen an esou weider… Den Dossier LuxExpo muss sech de Lex Delles och op d‘Long zéien. Et wier en Ufank eng Plaz ze fannen…

Ähnlech Sujeten Erausfuerderung, Lex Delles, Mëttelstandsministère, Tourismusministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel