Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ass et zu Lëtzebuerg zu enger plëtzlecher Verschlechterung vun de Wunnkonditioune komm?
International Kultur https://moien.lu/world-of-tanks-preferential-matchmaking-removal/

https://moien.lu/what-is-the-dating-scene-like-in-nyc/

Reegelméisseg verëffentlecht Eurostat Statistiken doriwwer, a wéi engem Zoustand sech

https://moien.lu/dating-a-patient/
International Kultur https://moien.lu/world-of-tanks-preferential-matchmaking-removal/

Steesel: Konferenzzyklus a Visite guidée an den ënnerierdesche Festung-Anlagen

Mir besichen di ënnerierdesch Galerien a Kasematte vun de Forte

Asbl AKUT: “D‘Ëmwelttoxikologie sollt een net ënnerschätzen”
International Kultur https://moien.lu/world-of-tanks-preferential-matchmaking-removal/

Asbl AKUT: “D‘Ëmwelttoxikologie sollt een net ënnerschätzen”

Fir de Jean „Muck“ Huss, President vun der Asbl AKUT,

De Lex Delles op der Tourismusfoire ITB zu Berlin

De Lex Delles op der Tourismusfoire ITB zu Berlin

Den Tourismusminister Lex Delles huet e Mëttwoch bei der Erëffnung vum Salon de Tourisme ITB, déi vum 6. bis den 10. Mäerz 2019 an der däitscher Haaptstad Berlin organiséiert gëtt, deelgeholl. Mat iwwer 10.000 Aussteller an 160.000 professionellen a private Visiteuren ass d’ITB eng vun de wichtegste Manifestatioune fir sech iwwert d’Trends am Tourismus auszetauschen an nei Méiglechkeeten an dësem Beräich ze entdecken.

Och Lëtzebuerg huet ganz traditionell ee Stand op der ITB fir esou de Grand-Duché als touristesch Destinatioun ervir ze hiewen an eng Plattform fir Partner am touristesche Secteur ze offréieren. Nom neie Konzept kann ee beim Lëtzebuerger Stand een thematescht Universum vu Sehenswierdegkeeten a verschiddenen Highlights vum Land erliewen.

Mat dobäi sinn de Luxembourg City Tourist Office, D’Therm zu Munneref, d’Luxair, Voyages Emile Weber, City of Luxembourg & Urban Timetravel an d’Hotels- an Tourismusschoul vum Grand-Duché.

Wärend sengem Besuch op dëser Foire huet de Minister Lex Delles och d’Stänn vu Slowenien an Estland bewonnert. Zesumme mat sengem sloweneschen Homolog, dem Zdravko Pocivalsek, hat hien ee Gespréich iwwert den nohaltegen Tourismus. Donieft huet de Minister sech awer och mam Magnus Sameli, dem Direkter vun der Agence fir touristesch Fërderung an Estland, iwwert déi digital Transformatioun an den Impakt op d’Acteuren aus dem touristesche Secteur ënnerhalen.

De Lex Delles ënnersträicht: „D’ITB zu Berlin ass eng exzellent Geleeënheet fir, zesumme mat eise Partner, d’Highlights vu Lëtzebuerg ze entdecken als Destinatioun mat diverse Facetten an eis Positioun nieft der grousser professioneller a privater Ëffentlechkeet ze stäerken. Déi nohalteg Entwécklung an d’Digitalisatioun sinn zwou staark Tendenzen an der Tourismus-Industrie déi sech bei der Foire ITB ervir hiewen..“

Bei senger Rees op Berlin huet de Minister de gréisste privaten Hotel an Europa, mat 1.125 Zëmmere besicht. Den Etablissement zielt ausserdeem de gréisste Kongresszentrum vu Berlin, bei deenen d’Manifestatioune bis zu 12.000 Visiteuren ziele kennen.

Opmaacherbild: © MECO

Ähnlech Sujeten Berlin, ITB, Lëtzebuerg, Lex Delles, Tourismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel