Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Doudeger bei Protester am Iran, de Regimm warnt
Neiegkeeten

Doudeger bei Protester am Iran, de Regimm warnt

Um Méindeg hunn déi iranesch Autoritéiten d‘Manifestanten, déi zanter ëm

Den Donnie an d‘Melania a Quarantaine
Neiegkeeten

Den Donnie an d‘Melania a Quarantaine

Zwou Stonnen nodeems offiziell bekannt gouf, datt d‘Conseillère Hope Charlotte

Mäerderesche Weekend op Lëtzebuerger Stroossen
Neiegkeeten

Mäerderesche Weekend op Lëtzebuerger Stroossen

Et geet an den Hiecht eran an d‘Wieder fänkt un

No Uschëllegunge vum LFR: De Minister Asselborn erkläert d’Situatioun

No Uschëllegunge vum LFR: De Minister Asselborn erkläert d’Situatioun

Nodeems de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot (LFR) gëschter mat engem Schreiwes op d’Verletzung vun de fundamentale Rechter beim Areeche vun der Demande op Asyl am Groussherzogtum opmierksam maache wollt, wiert sech de Minister fir Immigratioun an Asyl Jean Asselborn a weist d’Virwërf zeréck. Tatsaache goufe verdréint, d’Realitéit gouf anescht duergestallt an et géif ee sech un déi gesetzlech gereegelt Verflichtungen halen.

Zum engen huet den LFR drop higewisen, datt d’Demandeuren verängstegt an entmuddegt Aussoe gemaach hätten. Dës Temoignage misste relativiséiert ginn, d’Medaile huet schliisslech zwou Säiten: D’Agenten vun der Direktioun fir Immigratioun gi reegelméisseg mat respektlosem Verhale konfrontéiert, gi bedreet an och d’Sécherheetspersonal misst agräifen.

Entgéint dem LFR hätt déi sanitär Kris och keng Auswierkungen op d’Ofgi vun der Demande gehat. D’Gesetz vum 18. Dezember 2015 zum internationale Schutz an temporäre Schutz gouf a gëtt weiderhi respektéiert. Den Accueil vun der Direktioun war wärend Kris ëmmer op an d’Regierung huet souguer all Attester vum Depot vun enger Demande op internationale Schutz, déi oflafe sollten, iwwert den État de Crise verlängert.

Tëscht 29. Juni an 9. Juli 2020 koum et zu technesche Problemer vum System „Eurodac“, wouduerch keng Demande enregistréiert konnte ginn. Déi concernéiert Leit goufe gebieden erëm ze komme soubal de Problem behuewen ass, a goufen iwwerdeems vum Nationale Büro fir Opnam (ONA) encadréiert.

Informatioune sinn eng Obligatioun

Nom Artikel 11 vum Gesetz vum 18. Dezember 2015 an nom Artikel 4 vum Reglement vun Dublin III sinn d’Agente verflicht den Demandeuren déi noutwenneg Informatiounen ze vermëttelen. Dobäi gräift een op d’Hëllef vun engem Iwwersetzer zeréck, sou datt alles soll verstane ginn. Am Gesetz sinn d’Situatiounen festgehalen, wéini duerch Inkompetenz oder Onzoulässegkeet aner Decisioune getraff dierfe ginn

Fir keng falsch Hoffnungen ze maache mussen noutwenneg Informatiounen direkt vermëttelt ginn.

De Minister Asselborn weist dorop hin, datt et oft virkënnt, datt Persounen no dësen Informatiounen decidéieren hir Demande net méi ofzeginn. Si mussen dann bei de responsabele Memberstaat zeréck oder bei de Memberstaat, deen hinne schonn internationale Schutz gebueden huet. Hir Decisioun gëtt schrëftlech festgehalen a vun alle Bedeelegten ënnerschriwwen.

De Persounen, déi schonn ënnert dem Reglement vun Dublin stinn, profitéiere vum internationale Schutz a sinn am Besëtz vun enger Openthaltsgeneemegung an engem anere Memberstaat. Si kréien doduerch sozial a materiell Hëllef vun deem Memberstaat, schaffen deemno wéi souguer do a kënnen, wéi all aneren EU-Bierger, fräi am Schengenraum zirkuléieren

Wien trotzdeem eng nei Demande hei zu Lëtzebuerg areeche wëll, kritt dës systematesch als onzoulässeg erkläert (oft och den Dag selwer schonn). D’Decisioun stellt an deem Fall kee Refus vum Enregistrement vun der Demande duer. Concernéiert Persoune hunn hei kee Recht méi op Hëllefen.

Falsch Ugaben zur eegener Persoun

E Punkt, deen de Minister ofschléissend opgegraff huet, ass d’Ausso vum LFR, datt Mannerjäreger op d’Strooss géife gesat ginn, well hir Demande onzoulässeg wier. Hie weist dorop hin, datt hie verflicht ass Kanner an de Foyeren a Schoulen ze schützen.

Ëmmer erëm kënnt et vir, datt Erwuessener sech als Kanner ausginn, fir esou verschidde Virdeeler ze kréien. Am leschte Joer hu ganzer 64 Persounen e falschen Alter uginn, 2018 waren et 40 Persounen.

Trotz dëser Stellungnam säitens dem Minister Jean Asselborn, wäert hie sech och nach emol physesch mat de Memberen vum LFR zesummesetzen, fir all Punkten auszediskutéieren.

An dësem Kader haten d’Pirate sech mat zwou parlamentaresch Froen (QP 2651 an QP 2654) gemellt.

Opmaacherbild © European Union

Ähnlech Sujeten Demande op Asyl, Gesetz vum 18. Dezember 2015, Immigratiounsdirektioun, Internationale Schutz, Iwwersetzer, Jean Asselborn, Lëtzebuerger Flüchtlingsrot, LFR, Mannerjäreg, Minister fir Immigratioun an Asyl, Obligatioun, Reglement vun Dublin III, Respekt, Sécherheetspersonal, Treffen, Uschëllegungen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel