Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Onsiichtbar: Eng Milliard Mënschen déi et „esou“ guer net gëtt
Meenung

Onsiichtbar: Eng Milliard Mënschen déi et „esou“ guer net gëtt

Se sinn iwwert eng Milliard an der Welt déi et

Trump: Sanktioune géint den Iran a Menace fir déi aner
Meenung

Trump: Sanktioune géint den Iran a Menace fir déi aner

Nodeems hien alles dru gesat huet d‘Sanktioune géint den Iran

Editorial: Schlecht Zäite fir de Journalismus?
Meenung

Editorial: Schlecht Zäite fir de Journalismus?

E Méindeg huet déi franséisch Justiz geuerteelt, datt d‘Beschlagnamung vun

Nëmme wat ee gesäit, existéiert och

E Kommentar

Nëmme wat ee gesäit, existéiert och

Et gëtt vill vu Representatioun geschwat. A wéineg doriwwer, wéi wichteg se ass. Datt op der Olympiad dëst Joer de Kuss tëscht zwee Homosexuellen fir esou vill Opmierksamkeet suergt, ënnersträicht dëst. Well wéi de Sportler selwer et seet: En hätt et am Liewe méi einfach gehat, hätt en esou eppes als Kand gesinn.

De Schutz vun de Kanner hat Russland bei de Spiller zu Sotchi an de Virdergrond gestallt. Eng schonn deemools lächerlech Excuse, déi haut skurril schéngt. Well d’Kanner schützt een net doduerch, datt een hinnen d’Welt enthält. Et schützt een se, andeems een se weist an erkläert. Och dowéinst muss et esou Beispiller ginn.

Do spillt et dann och keng Roll, vu wéi engem Beräich mer schwätzen. Ob Politik, Konscht oder Sport: Mënschlech Bezéiunge sinn iwwerall present. Do schued et net, se an all hire Varianten wouer ze huelen. A wat fir Homosexualitéit stëmmt, ass och wou anescht anescht net falsch. D’Representatioun vu Frae klëmmt, ass awer nach wäit vun engem wënschenswäerten Niveau fort. An a punkto Transgender oder Asexualitéit – do gëtt ganz oft mol net dru geduecht! Well nëmme wat ee gesäit, existéiert och.

Et gëtt a ville Beräicher nach ganz vill ze dinn, fir d’Akzeptanz – net nëmmen d’Toleranz! – ze steigeren

Et muss nach vill gemaach ginn, fir datt sech Homosexualitéit wierklech normaliséiert. Dat ass och dann erreecht, wann et keng groussaarteg Schlagzeil méi der Wäert ass, wann eng Perséinlechkeet sech out. Well och den normalen Ëmgang domat wëll geüübt sinn. Dat huet dann och eng Signalwierkung, well wat d’Allgemengheet méi selbstverständlech mat ëmgeet, wat déi kommend Generatiounen et mi einfach hunn.

Well vergiesse mer net, datt et di Jonk hei am schwéiersten hunn. Ënnert Jugendlechen ass et ëmmer nach normal, een “schwul” oder “Schwuchtel” ze vernennen. Kee braucht mir elo ze komme, ech dierft kengem virschreiwen, wéi en ze schwätzen huet! Wann een esou Wierder an de Mond hëlt, fir engem wéi ze doen, weist een, datt Homosexueller net wëllkomm sinn. An do kréien jonk Homosexueller et mat der Angscht ze dinn an hu Problemer, sech selwer esou ze akzeptéieren, wéi een ass.

Wa mir an enger fräier an oppener Gesellschaft liewen, musse mer léieren, anerer ze respektéieren. Dat gëllt fir all Generatioun, an et ass e Wäert, deen een onbedéngt muss weider ginn.

 

Ähnlech Sujeten Gesellschaft, Lëtzebuerg, LGBT
Nächsten Artikel Virrechten Artikel