Search

You may also like

International Neiegkeeten Stories

Galerie: Nationalfeierdag zu Mamer

D’Parkplaz Kris ass a Wierklechkeet eng Kris vum ëffentlechen Transport
International Neiegkeeten Stories

D’Parkplaz Kris ass a Wierklechkeet eng Kris vum ëffentlechen Transport

Bis virun d’Dier muss de mam Auto kommen. Direkt virum

Liicht politesch Onrouen an der Belsch
International Neiegkeeten Stories

Liicht politesch Onrouen an der Belsch

Nodeems de Charles Michel e Samschdegowend konnt gemaach huet, datt

Bréissel wëll d‘Rechter vun der LGBTQI-Communautéit stäerken

Bréissel wëll d‘Rechter vun der LGBTQI-Communautéit stäerken

Der EU-Kommissioun ass elo och opgefall, datt d‘Diskriminéierung vu sexuelle Minoritéiten an der Europäescher Unioun zouhuelen. Dogéint soll elo eppes ënnerholl ginn, firwat sech d‘Technokraten eng Strategie zesummeschrauft hunn, déi um Donneschdeg virgestallt ginn ass.

Et war d‘EU-Kommissiounsvizepresidentin Vera Jourova, déi sech dësem Thema ugeholl huet an si huet dann och emol direkt däitlech gemaach, datt d‘Situatioun alles anescht wéi zefriddestellend ass an deem muss entgéintgewierkt ginn. Si erkennt un datt et iwwert déi lescht Joer zu Verbesserunge komm ass, an datt bannent der EU net an all Land gläich schlecht ass. Do gëtt et Ënnerscheeder…

Besonnesch a Länner mat enger stramm konservativer bis nationalistescher Politik, ass de Klima fir Homosexueller, Trans- an/oder Intersexuell Mënsche bedreelech. An der ganzer EU, esou eng Etüd, fillen sech 43% vun de Mënschen aus der LGBTQI-Communautéit diskriminéiert. Dat sinn der vill méi wéi nach virun engem Joerzéngt. Esou eppes huet dann och soziologesch Konsequenzen.

„Iwwer d‘Hallschent vun den LGBTQI-Persounen trauen sech kaum oppen ze weise wien si sinn. Dat heescht datt si Angscht hunn, hir Gefiller ze offenbaren. Si hunn Angscht virun der sozialer Stigmatiséierung no hirem ‚Coming-Out‘“ esou d‘Vera Jourova. Dogéint muss een elo virgoen a mat der neier Strategie, sollen Diskriminéierung a systematesch Benodeelegung verhënnert ginn.

Net nëmmen duerch eng besser Ofstëmmung tëscht de Natiounen an d‘Eenegung op gemeinsam Wäerter, mä virun allem duerch eng ganz Rëtsch un europäesche Strofdotbestänn. Haasspriedegten a Gewaltkriminalitéit géint sexuell Minoritéite sollen dann an der ganzer Unioun kënne juristesch verfollegt ginn. Dat dierft besonnesch an Ungarn an a Polen ganz opmierksam notéiert gi sinn.

Et muss kee „reparéiert“ ginn

Interessant och, datt d‘EU-Kommissioun géint frowierdeg Praktike virgoe wëll, déi angeblech dës LGBTQI-Persoune kéinte vun hirer „Krankheet“ heelen. „Kee Mënsch muss reparéiert ginn. Et ass d‘Diskriminéierung déi muss ausgeläscht ginn. Mat schiedlechen Agrëff, esou wéi Operatioune bei intersexuelle Kanner muss Schluss sinn“, esou d‘Helena Dalli, EU-Gläichstellungskommissärin

Si stellt kloer, datt dat och Verstümmelungen an/oder déi pharmazeutesch Zwangsbehandlung vun Transpersoune mussen ënner Strof gestallt ginn. D‘EU-Kommissioun fuerdert dann och d‘Anhale vun der Gläichberechtegung, fir sougenannt „Reebou-Familljen“. Familljeverhältnisser mussen an der ganzer Unioun dee selwechte Stellewäert hunn, esou d‘EU-Kommissiounsvizepresidentin.

„Wa Reebou-Familljen eng EU-Grenz iwwerschreiden, kann et virkommen, datt „däi Kand net méi däi Kand ass“, esou d‘Vera Jourova, déi festhält, datt esou eppes net akzeptabel ass. Dëse Virstouss vun der EU-Kommissioun gëtt vun der LGBTQI-Communautéit gelueft, woubäi et net wäit genuch geet. Et geet hei net duer op d‘Kanner ze kucken, Partnerschafte mussen EU-wäit unerkannt ginn.

Et misst an der Konsequenz dann och zu Verfare géint eenzel EU-Memberlänner kommen. Well wärend zu Bréissel un enger Strategie geschrauft gëtt, ginn an enger ganzer Rei Staaten d‘Rechter vun eben dëser LGBTQI-Communautéit maximal ageschränkt. Esou wëll Ungarn mat engem neie Familljegesetz gläichgeschlechtleche Koppelen d‘Adoptioun quasi onméiglech maachen.

Am Oste geet een anescht vir

Mee do stinn d‘Technokraten dann nees mam Réck zur Mauer: „Familljerecht ass d‘Saach vun de Länner. Déi sollte bei Reformen op hir mënschlech Verflichtungen uechten an sech d‘EU-Gesetzer halen“, esou d‘Vera Jourova, déi dann och direkt d‘Grenze vun der EU-Kommissioun-Strategie hei opweist. Déi kann nämlech nëmmen aktiv ginn, wann ee Gesetz a Kraaft ass, also vill ze spéit.

Dat léisst sech um Beispill vu Polen androcksvoll beweisen. Déi nationalkonservativ a reliéis fundamentalistesch ausgeriichte Regierung hat 2019 „LGBT-Fräi Zonen“ ausgewisen. Als Äntwert dorobber, huet Bréissel de Polen Subventioune gestrach, wat Warschau animéiert huet eppes méi gebrauch vu sengem Vetorecht ze maachen. Déi polnesch Regierung weist awer al Virwërf zeréck.

50 Ambassadeure a Vetrieder vun iwwerstaatlechen Institutiounen haten de Weekend an engem oppene Bréif u Polen ëm „Respekt“ gebueden, wat zu Warschau fir zolidd Onmutt gesuergt huet. De fréieren Ausseminister Witold Waszczykowski huet de Bréif als „Amëschung an intern Ugeleeënheeten“ bezeechent. De gleewegen a fundamentalistesche Chrëscht wëll keng Toleranz.

De Regierungschef Mateusz Morawiecki behaapt, datt d‘Auteure vum Bréif de Fake-News vun der inkriminéierter Minoritéit zum Affer gefall ass. Hie behaapt sech drop, datt Toleranz an der DNA vum polnesche Vollek stécht. Pole wier dat beschte Beispill vir Toleranz, Polen hätt dat iwwer den Zäitraum vu Joerhonnerte geléiert. An esou enger Zäitspan kann emol eppes a vergiess geroden…

D‘Faschiste sinn zumindest kloer an däitlech

Am Ungarn vum Viktor Orban, dee seng Politik ëmmer méi der nationalsozialistescher Ideologie upasst, soll d‘Geschlechterdefinitioun an der Verfassung verankert ginn. D‘Justizministerin Judit Varga huet ee ganze Sak voller Gesetzprojeten, déi sech däitlech géint alles riicht, wat net oppen Heterosexuell ass. Esou soll an der Verfassung stoen: „D‘Mamm ass eng Fra, de Papp ass e Mann“.

Fir sécherzestellen, datt Basis vun enger Famill d‘Bestietnes tëscht engem Mann an enger Fra ass, soll d‘Gläichstellungsverwaltung EBH ofgeschaaft ginn. Fir Kanner soll et eng Erzéiung opgrond vun de Wäerter, déi op der ungarescher verfassungsméisseger Identitéit an der chrëschtlecher Kultur berouen, ginn. An dat soll genee esou am ungaresche Grondgesetz néiergeschriwwe ginn.

Zanter den Orban d‘Land iwwerholl huet a seng Fidesz-Kläpper erkennbar gläichgeschlechtlech Koppele vun der Strooss verdriwwen hunn, ass et an Ungarn eppes „komplizéiert“. 2012 gouf an d‘Verfassung geschriwwen: „d‘Bestietnes ass d‘Vereenegung tëscht Mann a Fra“. Domadder kënnen sech gläichgeschlechtlech Koppele weder bestueden nach Kanner adoptéieren.

Säit Mee vun dësem Joer gëtt et esouguer ee Gesetz, datt d‘Geschlecht vun engem Mënsch unhand primärer Geschlechtsmerkmaler a Chromosome, eemoleg bei der Gebuert festleet. Intersexuell oder Transsexuell Mënsche ginn hei kloer diskriminéiert a kënnen och spéider hiert Geschlecht am Auswäis änneren. A steet dat alles an der Verfassung, da sinn och d‘Geriichter dru gebonnen…

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Ian Taylor / unsplash

Related topics Diskriminéierung, EU-Kommissioun, EU-Recht, Gläichberechtegung, Helena Dalli, LGBTQI-Communautéit, Minoritéiten, Vera Jourova
Next post Previous post