Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CFL an Nordstadpolitiker geroden sech an d‘Hoer (nogeduecht)
International Neiegkeeten https://moien.lu/speed-dating-sport/

https://moien.lu/discord-dating-over-18/

D‘Eisebunn (CFL) ass – wéi de Minister fir Verkéiersonsécherheet a

Lët‘z Say No: E Signal setzen, d‘Mënsche sensibiliséieren!
International Neiegkeeten https://moien.lu/speed-dating-sport/

Lët‘z Say No: E Signal setzen, d‘Mënsche sensibiliséieren!

An den nächsten Deeg gi markant Staatsgebaier (Cité Judiciaire, Bourse,

Bëschbrand zu Lëtzebuerg: Mat engem bloen A dervu komm
International Neiegkeeten https://moien.lu/speed-dating-sport/

Bëschbrand zu Lëtzebuerg: Mat engem bloen A dervu komm

Déi grouss Dréchent huet och viru Lëtzebuerg net Halt gemaach,

Lacrosse: Lycée Guillaume Kroll gewënnt Jugendturnéier an der Belsch

LGK séchert sech déi éischt Plaz zu Machelen

Lacrosse: Lycée Guillaume Kroll gewënnt Jugendturnéier an der Belsch

Déi Lëtzebuerger Lacrosse-Ekipp aus dem Lycée Guillaume Kroll (LGK) huet e Samschdeg, den 11. Mee 2019 zu Machelen an der Belsch fir eng fauschtdéck Iwwerraschung gesuergt. Op hirem éischten Turnéier konnten déi jonk Borschten zum Schluss d’Coupe fir déi éischt Plaz feierlech an d’Luucht strecken.

Encadréiert vun hirem Sportsproff Olivier Haan a mat der Ënnerstëtzung vum Nationaltrainer Peter Graham, hunn déi 13 Jugendlech sech als Aussesäiter op de Wee bis op Machelen gemaach. Zu deem Zäitpunkt hat ee wuel nach net domat gerechent, den Tournoi ouni Néierlag ze bestreiden. Duerch vill Wëllenskraaft, Kampfgeescht an Zesummenhalt ass et zu dësem iwwerraschende Resultat komm.

La wat? Lacrosse!

Säit dësem Schouljoer hunn d’Schüler aus dem LGK d’Méiglechkeet, fir an der Schoul Lacrosse ze spillen. Deen een oder anere freet sech sécherlech, wat Lacrosse dann iwwerhaapt ass. Ursprénglech gëllt et als eng Indianer-Sportaart, bei där zwou Ekippe versichen, en tennisballgroussen Haartgummiball mat Hëllef vum Lacrosse-Schléier an de géigneresche Gol ze schéissen. Dobäi dierf ee passen oder och mam Ball am Schléier lafen, ma et muss een awer drop uechten, net vum Géigner ëmgejauft ze ginn – et ass nämlech eng Vollkontakt-Sportaart.

Bei senger Visitt zu Lëtzebuerg vun zwou Wochen huet den Nationaltrainer Peter Graham net nëmmen dovunner profitéiert, Lëtzebuerg Lacrosse fit fir d’EM 2020 a Polen ze maachen, ma den Amerikaner ass och an d’Schoule gaangen, fir d’Schüler aus dem Lycée Guillaume Kroll op dësen Tournoi virzebereeden. Virdru si Spiller aus dem Veräin reegelméisseg an de Lycée gaangen an hunn den Training zesumme mam engagéierte Sportsproff geleet.

Lacrosse

Flénk ënnerwee! De Vizekapitän Gordon Lorentz hei bei enger Übung den Dag virum Turnéier.

4:3-Victoire an de leschten zéng Sekonnen als Grondsteen fir den Erfolleg

Den éischte Match war géint “Pick-Up” – eng gemëschten Ekipp aus dem LGK a Machelen. Gespillt gouf an engem 7-géint-7-Format op hallwem Futtballterrain. Normalerweis sinn zéng Leit pro Ekipp (néng Feldspiller an ee Goalkeep) op duebel sou groussem Feld ënnerwee.

Et waren nëmmen nach zéng Sekonnen op der Auer, éier beim Stand vun 3:3 de Clemens Schusterschitz säi véierte Goal an dësem Match erziilt huet. Dësen dramatesche Schlusspunkt vun engem intensive Match huet d’Ekipp offensichtlech befligelt a soumat ass ee mat breeder Broscht an déi nächst Matcher gaangen. Nieft guddem Offensivspill huet d’Verteidegung mat ënner anerem dem Ricardo Morim (Kapitän), David Bettendorff a Patrick Matos e staarke Match geliwwert.

Weider ass et du géint d’Ekipp aus Machelen, Organisateur vun dësem Jugendturnéier, gaangen. D’Hären-Ekipp vu Machelen ass dëst Joer iwwregens an déi éischt Belsch Liga opgestigen. No enger staarker Performance vum Goalkeep Gil Batting war d’Endresultat 8:0 fir den LGK.

Drëtten a leschte Match vun deem Dag huet den LGK géint déi hollännesch Ekipp mam Numm “Ogers” bestridden. D’Lëtzebuerger hunn do weidergefuer, wou se virdrun erfollegräich am Gaange waren: Mat enger gudder Mëschung aus Offensiv- an Defensivspill hu gläich véier Spiller jeeweils dräi Goler markéiert a soumat fir déi 12:2-Victoire gesuergt. Op d’Scorerlëscht konnte sech nieft dem Clemens Schusterschitz nach den Dany Gonçalves, de Gordon Lorentz souwéi de Luca Avogaro androen.

De Peter Graham weist sech houfreg opgrond vun dësem gelongenen Dag an ass stolz op d’Bouwen, déi an alle Beräicher eng gutt Figur ofginn hunn. Virun allem am Ugrëff mam Clemens Schusterschitz (9 Goler) an am Gol – eng Positioun, déi een eréischt kuerz virum Tournoi besat hat – hätt een iwwerzeegend Optrëtter geliwwert. Och de Vizekapitän Gordon Lorentz konnt duerch seng Erfarung, déi e bei sengem Match am Februar mat den Häre gesammelt huet, seng Matspiller um Terrain guidéieren.

Lacrosse an de Schoulen, ob elo mat Vollkontakt oder ouni, ass fir sämtlech Schoulen am Grand-Duché zougänglech. D’Federatioun bitt Lacrosse fir all Alter an all Niveau un. Weider Informatiounen an de Kontakt fënnt een op lacrosse.lu.

Lacrosse

Scho bal an engem professionelle Kader huet een d’Rees bis an dat iwwer 220 km entfernte Machelen gemaach.

Resultater

  • LGK 4 – 3  Pick-Up
    MVP (Most Valuable Player): Clemens Schusterschitz
    Goler: Clemens Schusterschitz (4)
  • LGK 8 – 0 Machelen
    MVP: Stephan Monteiro
    Goler: Clemens Schusterschitz (2), Stephan Monteiro (3), Patrick Matos (3)
  • LGK 12 – 2 Ogers
    MVP: Luca Avogaro
    Goler: Clemens Schusterschitz (3), Luca Avogaro (3), Dany Gonçalves (3), Gordon Lorentz (3)
  • Pick-Up 8 – 5 Ogers
  • Pick-Up 6 – 3 Machelen

Placéierung

1. LGK
2. Pick-Up (LGK/Machelen)
3. Machelen
4. Ogers

Kader

Ricardo Morim (Kapitän)
Gordon Lorentz (Vizekapitän)
Filipe Vieira
Gil Batting
Dany Gonçalves
Patrick Matos
Stephan Monteiro
Luca Avogaro
Bernardo Pereira
Malcolm Lorentz
David Bettendorff
Clemens Schusterschitz
Jackson Voogt

Trainer: Olivier Haan & Peter Graham

Opmaacherfoto: Eng staark Ekipp! D’Borschten aus dem Süde vum Land mëschen d’Lacrosse-Zeen op. Zesumme mam Trainer Peter Graham (an der Mëtt) a mat hirem engagéierte Sportsproff Olivier Haan (riets) representéieren si net nëmmen hire Lycée (LGK), ma och e Stéck wäit Lëtzebuerg.

Ähnlech Sujeten Lacrosse, Lëtzebuerg Lacrosse, LGK, Lycée Guillaume Kroll, Peter Graham
Nächsten Artikel Virrechten Artikel