Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Contournement vu Käerjeng ass beschlosse Saach
Kultur Neiegkeeten

De Contournement vu Käerjeng ass beschlosse Saach

Um Freideg huet de Regierungsrot den Tracé vun der neier

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Kichelchen
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Kichelchen

Aiii dat ass nees ee kuriéise Feierdag fir all déi

De „JIF“ rifft d‘Fraen zu Lëtzebuerg zum Streik op
Kultur Neiegkeeten

De „JIF“ rifft d‘Fraen zu Lëtzebuerg zum Streik op

Wat se genee op dësem Dag geplangt hunn, dat gouf

LGX 2019 – Eng villfälteg Welt aus Gaming, Pop Kultur a méi!

LGX 2019 – Eng villfälteg Welt aus Gaming, Pop Kultur a méi!
© Shari Pleimelding/moien.lu

Vivi Valkyrie © Shari Pleimelding/moien.lu

Um vergaangene Weekend huet d’LGX Luxembourg Gaming Xperience op seng 4. Editioun an d’Luxexpo The Box geruff. Wéi den Numm et scho seet stounge bei der LGX 2019 Gaming, Esports an nei Technologien am Virdergrond. Ofgerënnt gouf dat beléift Evenement mat diversen Zonen, gefëllt mat Geek a Pop Kultur, imaginäre Welten an enger fantastescher Atmosphär.

Wärend et an der Hal vun der Luxexpo The Box ëm Cosplay, japanesch Kultur, Computerspiller, Technologie an déi digital Welt gaangen ass, huet och d’Organisatioun selwer een neie Level ugestrieft. Mat 6.400 m² huet d’LGX 2019 seng Fläch quasi vervéierfacht, wouduerch een natierlech och déi verschidde Beräicher a Stänn villfälteg ausbaue konnt. Fir eng éischte Kéier konnt de Visiteur d’Gesamtheet vun dëser faarweger Welt kenneléieren an d’Interessen an verschidde Richtungen ausbreeden.

Koum een eran, esou war een direkt iwwerwältegt vun der Stëmmung. Vun der Entrée aus konnt een als éischt d’Merch Stänn besichen, ier et riicht aus viru gaangen ass bei d’Hardware & New Tech. Vir den Tour weider ze fuere goung et uschléissend an de gréissten a wichtegste Beräich vun der LGX: D’Gaming & Esports Zon huet 15 Meeschterschaften, Freeplay, Retro Gaming, Arcade Maschinnen a villes méi gebueden. Op 2 Bühnen si wärend dem ganze Weekend divers Presentatioune gehalen a Shows organiséiert ginn. Dorënner war och um Sonndeg Nomëtteg de Cosplay Contest, bei deem déi Persoun mam beschte Kostüm plus der dozou passender Inzenéierung ee Geldpräis vun 1.500 € mat Heem huelen duerft.

LGX 2019

© Shari Pleimelding/moien.lu

Nodeems een dëse risege Beräich, gefëllt mat enger Panoplie u Spiller vu fréier bis haut an den dozou gehéierege Konsolen a Computeren hannert sech gelooss huet, duerft een an d’Welt vun der Pop Kultur an dem Imaginären andauchen. Science Ficiton, Auteuren, Artisten a Cosplayer sinn hei openee getraff an hunn de gespaante Visiteur un hirer Aarbecht deelhuele gelooss. Op der Plaz goufe staark Konschtwierker vun zuelräichen talentéierte Kënschtler presentéiert. Sief et Zeechnen, d’Erstelle vu Figuren oder och d’Kreatioun vu komplexe fantasievolle Kostümer, hei konnt engem vu Begeeschterung emol de Mond opstoen. An dësem Kader géife mir ganz besonnesch d’Wierker vu Four Seasons Fox an dem Adams Alicia ervir hiewen. Si sinn nämlech net nëmmen duerch hir talentéiert Oder, mee och duerch ganz vill Sympathie am Gediechtnes bliwwen!

LGX 2019

D’Adams Alicia – Screaming Bean © Shari Pleimelding/moien.lu

LGX -De Wanter war do!

D’Organisateure vun der Luxembourg Gaming Xperience ware super houfreg nees op d’Ënnerstëtzung vun der BIL zielen ze kënnen. Esou koumt et um Weekend zu enger grousser Iwwerraschung fir all Game Of Thrones Fan. Zu Besuch waren nämlech den Tom Wlaschiha, deen an der weltbekannter Serie den Jaqen H’ghar/Faceless Men spillt, an de Marc Addy, deen d’Roll vum King Robert Addy verkierpert.

Déi berühmt Acteuren hunn op der Plaz gedëlleg mat all Fan ee Wuert geschwat, Fotoe gemaach an Autogrammer ginn. Dobäi muss een wierklech emol luewen, datt béid Hären iwwer Stonnen ee Laachen am Gesiicht haten an esou no um Publikum waren. Do ass sécherlech fir esou munch agefleescht GoT-Unhänger een Dram zur Wierklechkeet ginn.

LGX 2019

Den Marc Addy – oder och de King Robert Addy vu GoT © Shari Pleimelding/moien.lu

Virtuell Realitéit am Beräich Gesondheet

No esou ville Premièrë sollt een ee besonnesche Stand net vergiessen: D’Dokteren Ouni Grenzen hu sech der virtueller Realitéit ugeschloss an ee ganz neie Publikum begeeschtert. Och si duerften eng éischte Kéier bei der LGX dobäi sinn, wou si mat hirem Konzept d’Leit direkt mat op den Terrain geholl hunn. Speziell fir d’Gaming Foire huet d’Ekipp ee VR-Film entwéckelt, duerch deen all interesséiert Persoun den Alldag an engem Spidol an der zentral-Afrikanescher Republik mat erliewe konnt.

Wéi de Julien, logistesche Coordinateur bei den Dokteren Ouni Grenzen erkläert, wier de Publikum immens interesséiert. „Mir begéinen hei Persounen, déi mir normalerweis net erreechen, vill Jonker sinn dobäi.“ Et wier een och immens houfreg, datt d’Leit sech op dëser Plaz méi oppe weisen, wéi bei den üblechen Informatiounsstänn. Kee Wonner also, datt d’Ekipp duerch déi zuelräich Visitte méi wéi zefridden ass.

Ähnlech Sujeten Adams Alicia, Computerspiller, Cosplay, Dokteren ouni Grenzen, Esports, Faceless Men, Four Seasons Fox, Game of Thrones, Gamer, Hardware, Luxembourg Gaming Xperience, LuxExpo, LXG 2019, Marc Addy, Tom Wlaschiha, virtuell Realitéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel