Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iwwerfall op de Ritz zu Paräis: Brigange klauen d’Bijouen
Kultur Neiegkeeten Sport

Iwwerfall op de Ritz zu Paräis: Brigange klauen d’Bijouen

Se ware maskéiert, mat Aaxte bewaffent an hu fir „iwwer

Gesiichtserkennung: Microsoft deckt sechs Prinzipien op an fuerdert Gesetzer ze maachen
Kultur Neiegkeeten Sport

Gesiichtserkennung: Microsoft deckt sechs Prinzipien op an fuerdert Gesetzer ze maachen

En Donneschdeg huet Microsoft géintiwwer der Gesiichtserkennung en Ensembel vu

Hawaii: Explosioun um Vulkan Kilauea, d‘Awunner opgeruff sech a Sécherheet ze bréngen
Kultur Neiegkeeten Sport

Hawaii: Explosioun um Vulkan Kilauea, d‘Awunner opgeruff sech a Sécherheet ze bréngen

Um Donneschdeg ass no un der Kopp vum Vulkan Kilauea

LGX 2019: Eng „Convention“ vun de Superlativer

LGX 2019: Eng „Convention“ vun de Superlativer

Et ass elo offiziell. „LGX – Luxembourg Gaming Experience“ bereet sech op säi Comeback fir a fir déi 4. Editioun vun der „LGX Convention“ hu sech d‘Organisateure vill virgeholl. Dräi mol huet dësen Event am Casino 2000 zu Munneref stattfonnt, an elo plënnert dat ganzt op de Kierchbierg an d‘Luxexpo „The Box“. Dat Ganzt fënnt statt den 28. an 29 September, jeeweils vun 10 bis 18 Auer.

Datt den LGX säi Standuert wiesselt, ass dem Succès vun dësem Event geschëlt. Esou rechnen d‘Organisateure mat iwwer 10.000 Visiteuren. An do sinn 6.400M² net vu Muttwëll. Zum Verglach, zu Munneref ass dat Ganzt op 1.500M² ausgedroe ginn. Eng Vervéierfachung vun der Fläch bedeit sécherlech méi Aussteller, mee och entspriechend méi Aktivitéiten en e-Sport Tournoien.

Wéi versprach: Gaming, e-Sport an „nei Technologien“ sinn nees do, woubäi et och weider Theme wäert ginn. Et gëtt e „Japan Espace“ mat Anime, Manga, Poppen; dann e „Culture Pop Espace“ mat ebe Pop-Kultur, Kino a Comics, a schliisslech den „Dreamworld Espace“ wou et ëm Fantasy an och Science-Fiction geet, a wou e „Cosplay Village“ integréiert ass. Also d‘Offer ass nawell komplett.

Tournoien an Aussteller

Wat d‘e-Sport Tournoie betrëfft, esou kënnen an de neie Raimlechkeeten, bis zu 12 e-Sport Renconteren organiséiert ginn. Erwaart ginn sech eng 800 Spiller. Dat kléngt op den éischte Bléck net no vill – fir déi wou et wëlle mat den Conventions an Nordamerika oder Asien vergläichen – mee en Event an dëser Gréisst ass den Ament dat gréisst wat d‘Groussregioun ze bidden huet.

Bei den Aussteller konnten sech d‘Organisateure bis ewell ëmmer op d‘Presenz vun de groussen Nimm aus dem Milieu verloossen. An déi „grouss“ wéi Microsoft, Nintendo, Lenovo, Logitech oder och Samsung, fir der e puer erauszepicken, sinn also do. Et wäerten sech awer och nei Marke presentéieren. Flott och, datt et dëst Joer eng „Sales-Zone“ gëtt, wou fir Geld al Wonsch erfëllt kritt.

Wat et soss nach Neies gëtt

Interessant och de Fait datt den LGX bei senger Editioun vun 2019 op eng Rei nei Intervenanten ziele kann, déi deem Ganzen eng zolidd Plus-value bréngen. D‘Plattform 11F Gaming (si hunn eng 12.000 Follower) ass d‘Referenz zu Lëtzebuerg wann et ëm Gaming, e-Sport oder Livestream geet. Si këmmeren sech datt an de Beräicher Videospiller an e-Sport (Tournoien) alles cool ass a sinn och fir de Programm op der Bühn zoustänneg.

Ënnerstëtzt gi si vun der Ekipp „Metz Torii“ déi kierzlech e Salon zu Metz ofgehalen hunn an ronn 20.000 Fans vu Pop-Kultur, Japan, Gaming a villem méi, begréisse konnten. Mat derbäi och déi lëtzebuergesch Entreprise „Tsume Art“ – e Betrib deen eng international Renommée huet an op eng hallef Millioun Follower ziele kann – déi sech spezialiséiert huet an der Kreatioun vu Poppen (Tsume), Spiller (Yoka) a Gezei (Iki).

Bleift nach drop hinzeweisen datt sech d‘SSFL (Science-Fiction & Fantasy Society Luxembourg) – si organiséieren all Joers d‘Luxcon – och bedeelegt, dat an hirem spezifesche Beräich, wéi ebe genannt d‘Science-Fiction, Fantasy an de Cosplay. Si wäerten och e puer Artisten a Kreateure mat am Gepäck hunn. Wéi e gesäit ass d‘Offer net vun der Heck gepléckt an déi zwee Deeg an der Luxexpo „The Box“ dieften wéi am Fluch vergoen…

Ähnlech Sujeten 11F Gaming, LGX, Luxembourg Gaming Experience, Metz Torii, SSFL, Tsume Art
Nächsten Artikel Virrechten Artikel