Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

coollove
Lycéesreform: Ëmstridden, awer noutwenneg
Kultur Neiegkeeten Stories

Lycéesreform: Ëmstridden, awer noutwenneg

Den Dossier Lycéesreform huet fënnef Joer gebraucht fir endlech an

Europa League: F91 huet trotz Néierlag impressionnéiert
Kultur Neiegkeeten Stories

Europa League: F91 huet trotz Néierlag impressionnéiert

Den AC Milan, deen sech zu gudder Lescht mat engem

Fligeraccident zu Kuba, wat bis elo gewosst ass
Kultur Neiegkeeten Stories

Fligeraccident zu Kuba, wat bis elo gewosst ass

Nom Fligeraccident um internationale Fluchhafe José Marti zu Havanna (Kuba),

Libr’art: Kënschtler sinn ass net ëmmer einfach, ausstellen awer och net

Libr'Art 2018 aus der Siicht vum Kënschtler

Libr’art: Kënschtler sinn ass net ëmmer einfach, ausstellen awer och net

Ausstellungen an Muséeën ze besichen ass wäertvoll vir eis Kultur a Wëssen. Wien awer elo denkt, datt Biller sech vun eleng ophänken, Skulpturen a Plastiken sech eegestänneg op de Sockel stellen an alles direkt riicht an adequat ënnerhalb vu kuerzer Zäit do steet läit zimlech falsch.

Als Beispill heivir kann een d’Libr’Art, eng international Ausstellung vun zäitgenëssescher Konscht, nennen, wou momentan eng Hand voll Lëtzebuerger hir Konschtwierker presentéieren. Wien bei der Umeldung seng Konschtstécker nach net fäerdeg huet, muss sech als éischt emol organiséieren an Iddie sammelen, fir sech duerno un d’Ëmsetzung ze maachen. Schonn eleng dësen Deel kann Woche bis Méint beusprochen.

Fir bei der Libr’Art ze bleiwen kann een als Kënschtler den Dag virum Vernissage opriichte kommen a witzegerweis esouguer mam Auto bis bei de Stand fueren. D’Hal vum LEC zu Libramont, déi bekannt ass vir hir riseg Foire Agricole, zielt ganzer zwou Etagen, woubäi sech d’Konschtausstellung op der éischter Etage befënnt.

Mat dësen immensen Dimensiounen vum Gebai huet et sech dunn gutt erginn, datt een seng schwéier Këschten net bis bei de Stand schleefen muss. Domat ass et awer nach net gedoe, well elo geet d’Millimeteraarbecht un.

Als Artist huet een d’Méiglechkeet doheem schonn alles vir ze plangen, ze decidéieren wou wat stoen an hänke soll a genau ze berechnen wéi vill Ofstand wou muss sinn, vir een harmonescht a schéint Gesamtbild ofzeginn. Natierlech gëtt awer och déi Fraktioun, déi dat spontan op der Platz kuckt an alles op Aemooss mécht.

Bei dëser grousser Expo an der Belsch muss een als Kënschtler ee Stand vun op mannst 8 Meter huelen, bei deem een Panneauen a Sockelen zur Verfügung gestallt kritt. Meeschtens steet een als aller éischt emol do, den Dreck, d’Pëschreschter an den Double-Face vun de vergaangenen Ausstellungen mat enger Spachtel erof ze krazen. An der Belsch hëlt een et net esou genau mat der Proppert.

Libr'art

Sech gutt ze „presentéieren“ ass och eng „Konscht“, woubäi dat zu Libramont op der Libr‘Art ganz gutt geklappt huet. © Martine de Lagardère/moien.lu

Nom Botzen kann een als Moler schlussendlech seng Biller ophänken, als Sculpteur seng Figuren opstellen.. Loosse mer drun denken, datt bis zu dësem Punkt scho puer Méint Aarbecht, an den Dag selwer puer Stonnen Geschaffs gerechent gi sinn.

Fir den eigentlechen Deel kann een elo wéinstens 2 Stonne berechnen, fir datt alles do steet oder hänkt, wou et dann hi soll. D’Sockelen mussen op d’Platz geréckelt ginn, am beschten esou, datt nach Leit dotëscht duerch goe kënnen, an awer no genuch beieneen fir een ästhetescht Gesamtbild ofzeginn.

Bei de Biller mussen d’Befestegungen op déi richteg Mooss geschnidde ginn, a spéider d’Biller op eng angenehm Héicht hänken. Datt d’Toilen a Rummen dobäi riicht sollten hänken, an dat och ausbalancéiert muss ginn, ass hei schonn evident.

Wann d’Motivatioun senkt an d’Nerve strapazéiert ginn

Zu gudder Läscht ass een virun der eigentlecher Ausstellung nervlech quasi um Enn ass, well ëmmer iergendeppes schif leeft. Verschidde Saache ginn zu Broch, Biller falen duerch eng net korrekt Befestegung erof oder et huet een essentiellt Geschir doheem vergiess.

Libr'art

Um Stand vun der Famill Pleimelding aus Lëtzebuerg, wou nieft zäertleche Rummen och Konscht aus Keramik ausgestallt ginn ass, war et besonnesch wichteg uecht ze doen, datt näischt zu Broch geet. © Martine de Lagardère/moien.lu

An dësem, scho bal onbrauchbaren Zoustand, entscheet ee sech als Kënschtler dofir, d’Astellen vun de Luuchten an de leschte Feischlëff kuerz virun der Vernissage ze maachen. Un dësem speziellen Dag huet ee schliisslech eng enorm Virfreed den Invitéen seng Wierker ze weisen. Esou geet een dann och méi locker mat Klengegkeeten um eegene Stand ëm.

Ee chaotesche belsche System

Eng Ausstellung an der Belsch ze plangen ass definitiv eppes anescht, wéi zu Lëtzebuerg. Natierlech ginn et iwwerall Ausnamen, mee fir d’Libr’Art ass d’Organisatioun speziell D’Informatioune vum Organisateur sinn vun Ufank un net komplett oder inkorrekt. Esou weess ee bis zum Dag vum Vernissage net, wat een ze erwaarden huet.

Wei scho gesot huelen déi Belsch proppert Material net esou eescht. Beim Stand leien iwwerall Kabelen vum Geliichts, d’Panneaue si voll mat Päsch oder Schreibsen. Och als Kënschtler muss een déi sechs Deeg vun der Ausstellung all säi Gedrénks an Iesse bezuelen, och wann ee fir ee Stand vun 8 Meter minimum 400 € ausgi muss. Do muss ee sech als Organisateur net wonneren, wann de Client säin eegent Gedrénks mat era bréngt. Mat engem Entréespräis vun 10 € pro Persoun ass d’Event och net geschenkt an definitiv ze deier, wann een als Famill well luusse kommen.

Zu Lëtzebuerg ass ee gewinnt um Dag vum Vernissage eng Coupe Schampes a Schnittercher zerwéiert ze kréien. Bei eisen Noperen kann ee frou sinn, wann een iwwerhaapt d’Waasser un dësem Dag offréiert kritt. Bei der Libr’Art war et esou, datt awer Béier, Wäin a Softdrinks fir näischt ugebuede goufen. Schnittercher oder eppes Klenges vir ze knabberen konnt een vergiessen.

Libr'art

Wa bis endlech alles opgeriicht ass, an zwar genee esou wéi ee sech dat deeglaang virgestallt huet, da kann een endlech nees entspaant an d‘Kamera kucken. Elo bleift nach just ze hoffen dat vill Leit sech d‘Saachen ukucke kommen, an dat eent oder anert Konschtwierk ka „vermëttelt“ ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Am grousse Ganzen muss ee sech d’Erëffnung vun enger Ausstellung an der Belsch och net esou schick virstellen, wéi dat bei eis de Fall ass. Am Land vun de Fritten an dem gudde Béier kënnt een esou, wéi ee grad Loscht huet, mee d’Talekeschung oder ee Kostüm sinn net obligatoresch.

An awer muss ee soen, datt et vir ee Kënschtler egal wéi ëmmer ee ganz besonnesche Moment ass, wann de Publique engem seng Wierker kucke kënnt an ee vill Resonanz kritt. Zemools bei esou enger grousser internationaler Ausstellung kann ee sech als Artist stolz presentéieren a wärend enger gewëssen Zäit ënnert Konschtinteresséierten, aner Kënschtler a Kritiker ze sinn. Eng Ausstellung ass eng immens wichteg Erfarung fir all Artist. Just esou kann een d’Kritik a Verbesserung ëmwandelen, seng Bekanntheet steigeren a Kontakter dobäi kréien.

D’Libr’Art ass op vum 27. Oktober bis den 1. November 2018. Vun 13:00 Auer bis 19:00 kann een d’Wierker vu 60 Kënschtler aus 11 verschiddene Natiounen bewonneren. Den Entrée kascht 10 €, um Site kritt een awer 50 %. Weider Informatiounen fannt Dir ënnert www.librart.be.

Ähnlech Sujeten Ann Pleimelding, Ausstellung, Konscht, Konschtaustellung, libramont, librart, Shari Pleimelding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel