Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Editorial: Quo Vadis Polen ?
International Neiegkeeten

Editorial: Quo Vadis Polen ?

Rietsradikal an nationalistesch huet sech Polen um 11. November, dem

Wëllkomm am Land: 5026 Persoune kruten d’Lëtzebuerger Nationalitéit
International Neiegkeeten

Wëllkomm am Land: 5026 Persoune kruten d’Lëtzebuerger Nationalitéit

Vergaangene Mëttwoch huet de Stater Gemengen- a Schäfferot seng nei

Egypten um Wee an eng Diktatur?
International Neiegkeeten

Egypten um Wee an eng Diktatur?

An Egypten geet et mat de Mënscherechter biergof, an dobäi

Libyen: De Generol an den Ueleg

Kuerz virun der Libyen-Konferenz zu Berlin ass den Export vum Pëtrol agestallt ginn

Libyen: De Generol an den Ueleg

Nom klenge Sommet vun de „Krichsparteien“ zu Moskau, bei deenen sech de Generol Chalifa Haftar Bedenkzäit gefrot huet, hunn elo d‘Häfen am Oste vum Land – déi vun de Rebelle kontrolléiert ginn – den Export vum Pëtrol agestallt. Esou kuerz virun der Libyen-Konferenz zu Berlin spëtzt sech d‘Lag am nordafrikanesche Land zou.

Wéi et säitens dem Spriecher vum Generol sengen Truppen heescht, hätt dat libescht Vollek d‘Häfen zougemaach. Déi „staatlech“ Pëtrolsfirma NOC huet hirersäits matgedeelt, datt et dem Generol seng Entscheedung war, d‘Häfen ze blockéieren. De Mustafa Sanella, deen d‘Geschécker vun der NOC leet, hat virun dëser „Eskalatioun“ gewarnt.

„Den Ueleg- a Gassecteur ass den Nerv vun der libescher Wirtschaft. Dee sollt net als Atout a politesche Verhandlunge benotzt ginn“, esou de Mustafa Sanella nom Sommet vu Moskau. Säin Appell gouf net gehéiert an et stellt sech elo d‘Fro, wéi en Afloss huet dës militäresch Decisioun op d‘Konferenz zu Berlin, déi muer stattfanne soll?

Zu dësem „Treffen“ huet d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel agelueden. Zu Berlin sollen ënnert der Leedung vun der UNO, béid Krichsparteien – also de Generol Chalifa Haftar an de President Fayez al-Sarraj – mat Vetrieder aus den USA, Russland, China, Groussbritannien an der Tierkei iwwert eng Deseskalatioun vun engen annoncéierte Konflikt geschwat ginn.

Net dat ee mengt e géif ëm d’Demokratie goen

Et ass allerdéngs net gewosst, ob weder de Chalifa Haftar nach de Fayez al-Sarraj un dëser Libyen-Konferenz deelhuelen. Am Biergerkrichsland, wou de President d‘Regioun ëm Tripolis mat der Hëllef vun tierekschen Zaldoten ënner Kontroll behält, si mëttlerweil esouvill Acteuren um Terrain, datt eng diplomatesch Léisung schwiereg gëtt.

De Fayez al-Sarraj gëtt vun der Tierkei gestäipt, de Generol ka sech op d‘Ënnerstëtzung vun de Russen, den Egypter, de Vereenegten Emirater a Jordanien verloossen. Donieft sti Milizen an Söldner op béide Säite bereet, sech d‘Käpp anzeschloen. Et ass ënnert dësem Gesiichtspunkt net méiglech ze klären, ob béid Géigner iwwerhaapt nach d‘Entscheedungsgewalt hunn.

Eng Wafferou wier en Ufank, mee dat dierft mat der Schléissung vun den Häfen an dem Export-Stopp fir Pëtrol nach eppes méi schwiereg ginn. Zudeem huet och de Sultan vun Ankara dem Generol Haftar mat „entspriechende Moossnamen“ gedreet, sollt hien dem Versuch net widderstoen, dem Regime vun Tripolis an d‘Schinnebeen ze trëppelen.

Interessant och de Fait, datt Italien de President, an d‘Fransousen de Generol als dee bessere Leader fir Libyen betruechten. Déi sinn allerdéngs net op Berlin ageluede ginn, dofir e Vertrieder vun der EU-Kommissioun, deen ugesiichts dem genannte Fait, beschtefalls en Appell un d‘Vernonft maache kann. Net ze vergiessen datt e Konflikt nei Flüchtlingen ervirbréngt.

mat indymedia/tlv/ber/bru

Foto: Bei sengem Besuch a Libyen huet den däitschen Ausseminister Heiko Maas sech mam Generol Chalifa Haftar getraff. Dee soll versprach hunn säi Bäitrag zum Erfolleg vun der Libyen-Konferenz ze leeschten an ass grondsätzlech bereet deelzehuelen. Hien huet anscheinend och zougesot, sech un de Waffestëllstand ze halen. © Auswärtiges Amt

Ähnlech Sujeten Berlin Konferenz, Biergerkrich, Chalifa Haftar, Fayez al-Sarraj, Libyen, Petrol
Nächsten Artikel Virrechten Artikel