Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ministère wëllen eng mi “gesond” Präispolitik bei de Spidolsparkingen
International Neiegkeeten Stories

Ministère wëllen eng mi “gesond” Präispolitik bei de Spidolsparkingen

Zënter Woche sinn d’Präisser vun de Parkingen vun de Spideeler

What the Fakt – den Dag vum häerzhafte Laachen
International Neiegkeeten Stories

What the Fakt – den Dag vum häerzhafte Laachen

De weltwäiten Dag vum häerzhafte Laachen (engl. Global Belly Laugh

Ustrengend: den éischten Dag vum G20-Sommet
International Neiegkeeten Stories

Ustrengend: den éischten Dag vum G20-Sommet

Déi demonstrativ Komerodschaft vum Vladimir Putin an dem Mohammed ben

Libyen: e Konflikt mat ëmmer méi Acteuren

Libyen: e Konflikt mat ëmmer méi Acteuren

Dat nordafrikanescht Land huet vill Begierden erwächt an hei stinn sech mëttlerweil „Géigner“ géinteniwwer, déi an anere Kampfgebidder Säit u Säit kämpfen. Et gëtt ëmmer méi „Acteuren“ firwat d‘Situatioun zimlech oniwwersiichtlech gëtt. Hei eng Momentopnam…

Zanter elo gutt 18 Méint huet sech a Libyen e Kampf ëm d‘Muecht entfacht, bei deem et kenger vun de Säiten ëm Demokratie oder Mënscherechter geet, mee dat eigentlecht Zil doranner besteet d‘Kontroll iwwer d‘Buedemschätz ze kréien. Op där enger Säit hu mir de Fayez al-Sarraj, dee vun de Vereenten Natiounen (UN) unerkannte President vu Libyen.

Him steet de Generol Chalifa Haftar géinteniwwer, deen am Abrëll zum „Stuerm op Tripolis“ opgeruff huet. Dem 76 järegen seng „Truppen“ si gutt opgestallt an hu Kampferfarung. Si beherrschen dann och grouss Deeler vum Land, konnte bis ewell d‘Haaptstad Tripolis nach net anhuelen. An och hien huet seng „Frënn“ déi d‘Waffe bereetstellen.

LibyenDat gewosst, kann ee sech liicht virstellen, datt de Chalifa Haftar keng loscht op Verhandlungen huet. Ausser der Haaptstad huet säi Géigner Fayez al-Sarraj wéineg „an der Hand“. Dobäi hat et jorelaang Gespréicher tëscht de verfeinte Lager ginn, an et war sech esouguer op national Wahle gëeenegt ginn. Dat gouf och vun der internationaler Communautéit ënnerstëtzt.

Et erschéngt elo awer offensichtlech, datt de Generol muss zum Schluss komm sinn, datt hie bei dëse Wahle wéineg bis guer keng Chancen hätt, als Staatschef gewielt ze ginn. Dat hätt dann och bedeit datt hien u Muecht an Afloss verluer hätt. Dat stoung a Kontradiktioun zu de Muechtuspréch vum Chalifa Haftar, a esou huet hie sech fir de Krich entscheet.

Vill Käch verdierwen de Bräi

Mat der Aféierung vun de Kampfhandlungen an der „Krichserklärung“ un déi „legitiméiert“ Regierung war den diplomatesche Volet – an d‘Demokratie souwisou – ofgeschloss. Dunn hunn sech „international“ Acteuren dem Konflikt zougewennt, an déi verfollegen och an éischter Linn eegen Interessen, déi och wéineg mat Diplomatie an Demokratie ze dinn hunn.

Esou hunn sech dat vun den USA massiv ënnerstëtze Kinnekräich vu Saudiarabien, déi Vereenegt Emirater (UAE) a Russland op d‘Säit vum Generol gestallt. D‘Regierung vum Fayez al-Sarraj gëtt hirersäits vum Katar (dat den Ament net gutt op Riad ze spriechen ass) an der Tierkei gedroen. Mee et gëtt och eng Rei europäesch Länner, déi sech hei amëschen.

LibyenEsou ënnerstëtzt Italien libesch Milizen, déi dem Fayez al-Sarraj „nostinn“. Dat awer net wëll een zu Roum der „legitiméierter“ Regierung de Réck stäipe wëll, mee fir d‘Migranten dovunner ofzehalen, iwwert déi libesch Küst a Richtung Europa „weider ze reesen“. Paräis bleift op der Kampf géint den islameschen Terror konzentréiert a stäipt de Generol.

An elo huet de „Konflikt“ och nach duerch d‘Agräife vun der Tierkei eng nei Dynamik entwéckelt. Ankara wëll sech a Libyen esouwuel wirtschaftlech wéi och militäresch abréngen. Ekonomesch hu sech béid Länner (wann een dovunner ausgeet datt déi UN-legitiméiert Regierung datt kann) op ee maritiimt Ofkommes verstännegt, wat net ouni Folleg ass.

Mat dësem Ofkommes, erhiewen d‘Tierken elo Usproch op dat ëstlecht Mëttelmier, wou ugeholl gëtt datt et nach masseg Äerdgasreserve gëtt. Als Konterpartie bitt Ankara Tripolis eng militäresch Zesummenaarbecht un. Et ass net auszeschléissen, datt dat och den Asaz vu Buedemtruppe mat sech bréngt. Den Ament ass awer nëmme rieds vu Panzer- an Droneliwwerungen.

Jiddereen dee Loscht huet ka matmaachen

Krich dat ass fir deen „grousst Leed“ a fir anerer léist et eng „Faszinatioun“ aus. Esou ergëtt et sech datt Libyen zu enger grousse Spillplaz vu Fanatiker an Adrenalinjunkies verkënnt. Dat heescht, datt net nëmmen déi uewe genannte Länner d‘Krichsparteie mat Waffen a Munitioun zougeheien, mee et och „auslännesch Kämpfer“ gëtt, déi Mord an Doudschlag fir eng Fräizäitbeschäftegung halen.

Dat ass erwisenermoossen de Fall bei der Söldnertrupp déi sech als „Wagner Grupp“ ze erkenne gëtt. Si huet hiren Ursprong a Russland a stellt dem Generol Chalifa Haftar e puer honnert staark bewaffent Männer zur Verfügung. Dat huet Washington zur Kenntnis geholl, an ënnerstellt der russescher Regierung, datt dës Söldner – wat net nëmme Russe sinn – an hirem Optrag kämpfen.

LibyenMoskau wénkt erwaardungsgeméiss of, och wa gewosst ass, datt si de Generol ënnerstëtzen. Et ass allerdéngs och net esou, datt sech Washington domatter un den UN-Sécherheetsrot wenne kéint. Et si schliisslech och dank Saudiarabien, US-Waffen déi dem Generol ganz nëtzlech sinn a géint déi legitiméiert Regierung vun Tripolis zum Asaz kommen. Dat ass wirtschaftlech net oninteressant…

Dorausser ergëtt sech, datt sech béid Fraktiounen zanter Méint e Stellungskrich liwweren. Well och béid Lager massiv op- an ausgerëscht ginn, wibbelen d‘Fronte wéineg. Dem Generol seng Truppen, déi ufänglech „gutt virkomm“ sinn, hu missen zolidd Verloschter a Kaf huelen. Esou um Beispill vun der strategesch wichteger Stad Gharian südlech vun Tripolis, déi zréckeruewert konnt ginn.

D‘Tierkei erkennt eng Opportunitéit

Mam Asaz vun de kampferfarene Söldner vun der Wagner-Grupp, kéint sech allerdéngs d‘Blat zu Gonschte vum Generol wennen. Déi wësse mat den technesch méi evoluéierte Waffesystemer ëmzegoen, firwat de Chalifa Haftar militäresch eppes am Virdeel ass. Dëse Fakt dierft och mat en entscheedende Grond sinn, firwat sech Ankara abréngt an och Buedemtruppe bereetstelle kéint.

Et ass en entscheedende Schratt, deen der Tierkei och entspriechend Afloss a Libyen séchert. Dat bedeit awer och, datt d‘EU am nordafrikanesche Land un Afloss verléiert. Fir Europa sécherlech emol eng politesch Néierlag, déi awer zolidd wirtschaftlech Konsequenze mat sech bréngt. Mir sollte bedenken datt d‘EU (haaptsächlech Italien) och de libesche Pëtrol wëll notzen.

Richteg ass och, datt „offiziell“ d‘EU de Waffenembargo géint Libyen respektéiert, wat awer zur Konsequenz huet, datt de legitiméierte Regime vum Fayez al-Sarraj, dee vu Bréissel gestëtzt gëtt, entspriechend geschwächt bleift a seng Waffen a Munitioun do hierhëlt, wou si him ugebuede ginn. D‘Tierken hu sech zu kengem Ament un den Embargo gehalen a konnten hir Bezéiung festegen.

LibyenDëse verstäerkten Asaz vum NATO-Partner Tierkei kann een ënnerschiddlech bewäerten: zum enge kann een dat militärescht Partenariat tëscht Ankara an Tripolis als weider Eskalatioun betruechten, zum anere kann een et als Versuch gesinn, déi militäresch Iwwermuecht vun der Söldnertrupp ze neutraliséieren. Et gëllt als erwisen, datt Ankara mat alle Mëttel d‘Muecht vun Tripolis erhale wëll.

Ob et de richtegen Zäitpunkt wier nees diplomatesch anzegräifen? A wien soll do den éischte Schratt maachen? Dat sinn zwou Froen déi am Raum stinn a sech besonnesch op d‘Risike vun engem laangfristege Konflikt bezéien. Wat et méi ënnerschiddlech „Acteuren“ an engem Konflikt gëtt, wat et och ëmmer méi komplizéiert ass en Uspriechpartner fir Verhandlungen ze fannen.

Foto: Och Egypten mécht am libesche Konflikt mat. Den egyptesche President Abdel Fattah al-Sisi huet d‘Entsendung vu gepanzerten Eenheeten a Libyen ugeuerdent. Dës Eenheete sollen dem Generol Chalifa Haftar zur Säit gestallt ginn. Dat als Äntwert op déi tierkesch Militärhëllef. © Middle East Monitor

Ähnlech Sujeten Äerdgas, Ankara, Chalifa Haftar, EU, Fayez al-Sarraj, Libyen, Petrol, Russland, Saudiarabien, Tierkei, Tripolis, USA, Wagner Grupp
Nächsten Artikel Virrechten Artikel