Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
No „Vetternwirtschaft“ a politeschem „Geklüngels“ feelen der DB 3 Milliarden Euro
International hookup security certificate

https://moien.lu/hookup-network-ad-partner/

Datt et der Deutsche Bundesbahn (DB) finanziell esou dreckeg geet

12 Saachen, déi s de maache kanns, fir der WM aus dem Wee ze goen
International hookup security certificate

12 Saachen, déi s de maache kanns, fir der WM aus dem Wee ze goen

Kee Frënd vu Fussball? Du wëlls Russland net aus politesche

Konscht a Natur: wéi alles zesummegehéiert weist eng Expo am Biodiversum
International hookup security certificate

Konscht a Natur: wéi alles zesummegehéiert weist eng Expo am Biodiversum

Um Dënschdegowend war am klenge Krees zu Rëmerschen, am Naturschutzzenter

Libyen: Trotzt russescher Vermëttlung nach kee Fortschrëtt

Libyen: Trotzt russescher Vermëttlung nach kee Fortschrëtt

Nodeems et zu Moskau net zu valabele Gespréicher komm ass, wëll sech de Chalifa Haftar eng weider Bedenkzäit geholl huet, huet sech elo Däitschland als Vermëttler ugebueden, an d‘Acteure vum libesche Biergerkrich op Berlin agelueden.

Et hat Hoffnunge ginn, datt beim Sommet zu Moskau, den „offiziell“ unerkannte President Fayez al-Sarraj an säi Géigespiller, de Rebelle-Generol Chalifa Haftar, sech kéinten op eng dauerhaft Wafferou verstännegen. Hoffnungen déi awer séier sollten der Realitéit Plaz maachen, well de Generol, dee wäit Deeler vum nordafrikanesche Land kontrolléiert, iwwert d‘Propose nodenke wëll.

Dat Dokument, datt ënnert der Vermëttlung vun de Russe virgeluecht ginn ass, an zu engem u sech méigleche Waffestëllstand sollt bäidroen, konnt de Generol net aus dem Stand ënnerschreiwen. Hie brauch Bedenkzäit a wëll den Text och mat sengen Alliéierte beroden, iert eng Entscheedung an der Saach ka geholl ginn. De Fayez al-Sarraj hat den Accord op Drock vun Ankara e Méindeg ugeholl.

Et ass deemno ee liichte Réckschlag, datt sech de Chalifa Haftar Bedenkzäit erausgeholl huet, an awer bleift de russeschen Ausseminister Sergueï Lavrov zouversiichtlech, datt déi vu Moskau an Ankara gläichermoossen ugestriefte „Berouegung“ am Biergerkrichsland ze bewierkstellegen ass. Also an éischter Linn geet et emol drëms Formal eng Wafferou ze vereenbaren an ze festegen.

Interessant, ugesiichts der Roll déi Berlin beim Stuerz vum Gaddafi-Regime 2011 gespillt huet, datt d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel, dann elo och zu engem Sommet fir de nächste Sonndeg agelueden huet. Hei heescht et, datt d‘Entrevue no Ofsprooch mam UN-Generalsekretär Antonio Guterres um Niveau vun de Staats- a Regierungscheffe stattfanne soll.

Vill ënnerschiddlech Interessen

Ageluede sinn d‘Vertrieder vu China, Frankräich, Groussbritannien an der Tierkei, wéi natierlech déi zwee Rabbelkäpp, de Fayez al-Sarraj an de Chalifa Haftar. Ob déi awer de Wee bis Berlin op sech huele wëllen, dierf bezweiwelt ginn. Wat och deels dem liicht aggressiven Toun vum Sultan zouzeschreiwen ass. Deen huet dem „Rebell“ schonn emol mat zolitte Konsequenze gedreet.

Offiziell heescht et, datt de Recep Tayyip Erdogan dem Putschist Chalifa Haftar mat der totaler Vernichtung gedreet hätt, sollt dësen sech weiderhin un der legitimmer an international unerkannter Regierung vun Tripolis vergräifen. Gett de Rebell keng Rou, da géif d‘Tierkei him déi Lektioun erdeelen, déi hie verdéngt huet. Dat ass eng droleg Opfaassung zum wéi ee Verhandlunge féiert.

Woubäi de Sultan dem Chalifa Haftar muss lass ginn, zumindest wann hien an der Regioun och seng wirtschaftlech Uspréch ëm- an duerchsetze wëll. Et hätt jo och soss wéineg Sënn gemaach, sech mat der al-Sarraj Regierung op konkret Verträg bei der Gas-Fërderung ze eenegen, an eng militäresch Hëllef unzebidden, déi et der „legitimmer“ Regierung erlaabt um Pouvoir ze bleiwen.

Mee et gëtt an der tëscht wäitaus méi Acteuren a Libyen, wéi d‘Land eigentlech brauch, zumindest wann et drëms géif goen, d‘Zivilbevëlkerung ze schounen an eng politesch Léisung erbäizeféieren. Et kéint een och behaapten, datt et an der Kausa Libyen nëmmen ëm Ressourcen a Muecht geet an déi wëll een allebéid net de Libyer iwwerloossen. Vläicht sollt een d‘Land opdeelen…

mat indymedia/tlv/mow

Foto: De Chalifa Haftar a seng Delegatioun hu Moskau verlooss ouni den Accord zur Wafferou ze ënnerschreiwen. Hien huet sech eng Bedenkzäit geholl firwat de Recep Tayyip Erdogan him dann och nees gedreet huet. Hien huet seng Zaldote schonn a Libyen opgestallt an déi elo net an ee Kampf ze féieren, wou se sech heldenhaft fir en neit osmanescht Räich asetze kënnen, wier jo eng Verschwendung vu Ressourcen. © IMEM

Ähnlech Sujeten Chalifa Haftar, Fayez al-Sarraj, Gas, Libyen, Mëttelmier, Moskau, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel