Search

You may also like

Ofdreiwen, ass wéi sech engem bezuelte Killer ze bedéngen
International Neiegkeeten

Ofdreiwen, ass wéi sech engem bezuelte Killer ze bedéngen

E Mëttwoch huet de Poopst Francis de Schwangerschaftsofbroch an senger

Covid19-Gesetz dierf an d‘Verlängerung
International Neiegkeeten

Covid19-Gesetz dierf an d‘Verlängerung

An der Chamber huet um Dënschdeg déi nei Sessioun ugefaangen,

Sozialiste gewannen d‘Parlamentswahlen a Portugal
International Neiegkeeten

Sozialiste gewannen d‘Parlamentswahlen a Portugal

Bei de Parlamentswahlen a Portugal huet dem amtéierende Ministerpresident António

Berlin: Libyen-Konferenz bréngt Hoffnung

Ëmfaassend Schrëtter fir eng politesch Léisung vum Konflikt tëscht Regierung a Rebelle virgesinn

Berlin: Libyen-Konferenz bréngt Hoffnung

Nom groussen Treffen an de stonnelaange Gespréicher zu Berlin huet d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel verkënnt: „Mir kënne feststellen, datt sech all doriwwer eens sinn, datt mir de Waffenembargo respektéiere wëllen“. Elo soll et dann och kuerzfristeg zu engem Sommet kommen, deen d‘Grondlage fir en nohaltege Waffestëllstand schafe soll.

Am Uschloss un déi grouss international Libyen-Konferenz, huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres seng Zouversiicht an der Gitt behalen: „Mir hunn elo eng Wafferou mee nach keen echte Waffestëllstand“. Mat dëser Ausso sinn eng ganz Rei Agenturmeldunge „relativiséiert“ ginn, déi de Waffestëllstand schonn ugekënnegt haten. Woubäi et jo awer en Ënnerscheet tëscht béidem gëtt.

Wuertspillereien

Dofir nach emol den Ënnerscheet erkläert: eng Wafferou fundéiert um Accord tëscht zwou Parteien, oder der eesäiteger Entscheedung vun enger Partei, kuerzzäiteg all Kampfhandlungen anzestellen. D‘Zil vun esou eppes ass déi medezinesch Versuergung vun Zivilisten an/oder d‘Sondéierung vu Méiglechkeete fir e Waffestëllstand. En Wafferou kann zudeem geographesch begrenzt sinn.

Libyen-KonferenzBeim Waffestëllstand sinn d‘Ofsproochen technesch verflichtend, firwat deen och gären als Virstuf zum Friddensvertrag betruecht gëtt. Seng Dauer ass generell méi laang, huet konkret Konditiounen un déi sech ze halen ass an oft gëtt an dësem Kontext eng Demarkatiounslinn ugeluecht. Elo gëtt et zum Waffestëllstand ënnerschiddlech Definitiounen, wat dat Ganzt net méi einfach mécht.

Esou heescht et an der Landkrichsuerdnung vun Den Haag (1907): „De Waffestëllstand ënnerbrécht d‘Krichshandlunge mëttels engem wiesselsäitegen Ofkommes vun de Krichsparteien. Ass eng bestëmmt Dauer net festgeluecht ginn, kënnen d‘Krichsparteien zu all Ament d‘Feindséilegkeeten nees ophuelen“. De Krichszoustand bleift bis zum Ofschloss vum Friddensvertrag bestoen.

Libyen-KonferenzAn der Genfer Konventioun (1949) ass definéiert ginn, datt wann den Accord fir de Waffestëllstand vun alle Parteien ënnerschriwwen ass, dës verflicht sinn, Krichsgefaangen an internéiert Zivilisten nees Heem goen ze loossen. Domatter ass awer net den Austausch vun de Gefaangene gemengt, deen éischter als Geste ze verstoen ass an zum eigentleche Waffestëllstandsaccord bäidroe soll.

Zu de Fuerderunge vu Berlin

Bei der Libyen-Konferenz huet et eng Rei Fuerderunge ginn, déi de gewënschten an noutwennege Waffestëllstand erbäiféiere kéinten, wann se da respektéiert ginn. Gefuerdert gëtt ënnert anerem, déi vollstänneg Demobiliséierung an Entwaffnung vun de Milizen. Wie sech, wann de Waffestëllstand bis beschloss ass, net un den Accord hält, soll dann entspriechend haart sanktionéiert ginn.

Déi fréier däitsch Krichsministesch an neierdéngs EU-Kommissiounspresidentin, Ursula von der Leyen, huet sech mam Ausgang vun der Konferenz arrangéiert. Den US-Ausseminister Mike Pompeo ass zouversiichtlech, datt et zukünfteg manner Gewalt gëtt, och wa Libyen e komplizéiert Schluechtfeld bleift. Säi russesche Géigespiller Sergueï Lavrov gesäit Chance fir de Waffestëllstand.

Libyen-Konferenz

© ARD BaB (via Twitter)

„Europa wäert am weidere Verlaf vun de Verhandlungen eng wichteg Roll Spillen“, esou de Josep Borrell, EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten. Et misst ee sech elo beroden, wéi een de Waffenembargo kontrolléiert kritt, a wéi séier een de Waffestëllstand an engem Ofkommes ëmsetze kann. An och dëse muss dann uschléissend konsequent iwwerwaacht ginn. Net ganz einfach…

Iwwert de konkrete Beitrag deen d‘EU ze leschten hätt, muss beim Sommet vun den europäeschen Ausseminister (haut 20. Januar) berode ginn. De belsche Rotspresident Charles Michel, dee wuel ni eng Regierung op d‘Bee stelle konnt, net am Stand war e Land wéi d‘Belsch zesummenzehalen, ass iwwerzeegt, datt d‘Membere vun der EU bereet a fäeg sinn d‘Iwwerwaachung ze meeschteren.

 

„Mir si bereet ons Mëttel do ze mobiliséiere wou se am meeschte gebraucht ginn“, esou de Charles Michel, deen esou vu sech iwwerzeegt ass, datt hien et wot ze behaapten, datt d‘EU déi eenzeg Regionalmuecht ass déi d‘Moyenen huet all d‘Korridoren ze verspären, iwwert déi den Embargo kéint verletzt ginn. Woubäi et richteg ass, datt d‘EU-Länner dësen Embargo zanter 2016 anhalen.

mat indymedia/ber/bru

Foto: Wéi esou oft: zu Berlin hunn sech déi leit, déi de Konflikt iwwerhaapt eréischt méiglech gemaach hunn, net op hir eegen an egoistesch Interesse verzichte wëllen a wäerten, iwwert ee Waffestëllstand ënnerhalen. Si wëllen dann och net direkt, oder zumindest offensichtlech, de Krichsparteie weider Waffe liwweren. © Auswärtiges Amt

Related topics Angela Merkel, Berlin, Chalifa Haftar, Charles Michel, Fayez al-Sarraj, Gas, Josep Borrell, Libyen, Libyen-Konferenz, Petrol, Tripolis, Ursula von der Leyen, Wafferou, Waffestëllstand
Next post Previous post