Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Donald Trump steet wéinst der Jerusalem-Decisioun staark an der Kritik
International Neiegkeeten

Den Donald Trump steet wéinst der Jerusalem-Decisioun staark an der Kritik

Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, esou zumindest déi héchst

Liicht politesch Onrouen an der Belsch
International Neiegkeeten

Liicht politesch Onrouen an der Belsch

Nodeems de Charles Michel e Samschdegowend konnt gemaach huet, datt

Eng Lektioun fir de Juncker
International Neiegkeeten

Eng Lektioun fir de Juncker

De britesche Brexit-Minister David Davis huet ee Freideg gemengt, datt

Libesche Premier fuerdert international Schutztruppen

Libesche Premier fuerdert international Schutztruppen

Haut fënnt zu Berlin déi grouss Libyen-Konferenz statt, bei där zumindest d‘Wafferou muss um Enn erauskommen. Béid libesch Kontrahenten, dee vun der Weltcommunautéit legitiméierte Premierminister Fayez al-Sarraj an den oftrënnege Generol Chalifa Haftar sinn och agelueden…

Libyen-KonferenzFir de Fayez al-Sarraj, deen aktuell vun der tierkescher Arméi gestäipt gëtt, léisst et sech net méi ëmgoen, wann de Generol seng Offensiv net astellt, eng international Schutztrupp a Libyen opzestellen déi d‘Zivilbevëlkerung beschützt. De Chalifa Haftar, hat beim klenge Sommet zu Moskau de Waffestëllstand nach net ënnerschriwwen, an sech hei Bedenkzäit erausgeholl.

Um Samschdeg sinn d‘Häfen am Oste vu Libyen „zougemaach“ ginn an den Export vum Pëtrol, ob deen d‘Land ugewisen ass, gëtt bis op Weideres ausgesat. Offiziell heescht säitens dem Generol, datt d‘Vollek dës Moossnam ergraff hätt, eppes méi realistesch betruecht, geet et him drëms sech fir d‘Verhandlunge gutt opzestellen. Da erkläert dann nees och dem Fayez al-Sarraj seng Fuerderung.

Libyen-Konferenz

De Generol Chalifa Haftar kontrolléiert de gréissten Deel vu Libyen, während de Premier Fayez al-Sarraj d‘Regioun ëm Tripolis am Grëff huet. Wien elo mengt et géif bei dëser Libyen-Konferenz zu Berlin ëm d‘Zivilbevëlkerung oder Demokratie goen, sollt bedenken datt de Pëtrol an de Gas aus Libyen vill méi wichteg ass… zumindest fir déi wou un der Konferenz deel huelen.

„Esou eng Schutztrupp muss ënnert dem Daach vun de Vereenten Natiounen agéieren. Da musse Fachleit berode wien sech dorunner Bedeelegt. Dat kéint déi europäesch Unioun (EU) oder déi arabesch Liga sinn“, esou de libesche Premierminister. Hie gräift domatter awer och eng Propose vum EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borrell, op.

Deen hat als éischten d‘Optioun vun de Schutztruppen an d‘Gespréich bruecht, mee de libesche Premierminister schéngt vun den Europäer net wierklech iwwerzeegt ze sinn. „D‘Roll vun der EU war bis ewell bescheiden. Si ass den Erausfuerderungen a Libyen net gerecht ginn“, argumentéiert de Fayez al-Sarraj, dee rezent den Zesummeschloss mat der Tierkei offizialiséiert huet.

Libyen-KonferenzWéi et elo weider geet a wat déi Libyen-Konferenz haut bréngt? Wichteg wier et d‘Wafferou am Land hierzestellen an den diplomateschen „Austausch“ ze intensivéieren. Eng Schutztrupp ass eigentlech eng valabel Propose, léisst sech awer wahrscheinlech net ouni d‘Zoustëmmung vun der Tierkei a Russland ëmsetzen. Wéi eng Roll China bei dësem Sommet spillt ass och net gewosst…

mat indymedia/tlv/ber

Illustratioun: Jorono / Pixabay

Ähnlech Sujeten Berlin, Chalifa Haftar, China, EU, Fayez al-Sarraj, Gas, Libyen-Konferenz, Petrol, Russland, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel