Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann s du dir de Gielemännche selwer kaf hues…
International Neiegkeeten

should pisces man dating scorpio woman

Während an den USA den Zougrëff op d‘Date vun de

ukrainian matchmaking services
International Neiegkeeten

Op Aarbechtssich: Ee Réckgang vun 1,8% op ee Joer

D’Zuel vun de Leit, déi eng Aarbecht sichen a bei

Kann des Petitioun de Verkéierschaos léisen?
International Neiegkeeten

Kann des Petitioun de Verkéierschaos léisen?

Op mannst e Stéck vum Puzzle soll dës Petitioun duerstellen:

Libyen: Krichsgebitt Tripolis

Bei Bombardement vu Flüchtlingslager stierwe 44 Mënschen

Libyen: Krichsgebitt Tripolis

Nodeems de Generol Chalifa Haftar Ufank Abrëll seng „Arméi“ géint de Regime vum Fayez al-Sarraj a Richtung Tripolis entsandt huet, ass d‘Gebitt ëm déi libesch Haaptstad zum Krichsgebitt erkläert ginn. No engem Loftugrëff ass gëschter e Flüchtlingslager getraff ginn…

Beim Loftugrëff, an der Nuecht zum Mëttwoch, vun engem Lager mat afrikanesche Migranten, si laut UN-Bericht, 44 Mënsche gestuerwen an eng 130 anerer deels schwéier blesséiert ginn. D‘Zil vum Ugrëff war e Viruert vun Tripolis, d‘Uertschaft Tajoura, esou de Spriecher vun de libesche Rettungsdéngschter, Osama Ali. Dës militäresch Operatioun ass déi bis ewell gréisst säit Abrëll.

D‘Regierung huet dem Generol seng Truppe fir den Ugrëff verantwortlech gemaach a schwätzt vu Verbrieche géint d‘Mënschlechkeet. Si fuerdere vun de Vereenten Natiounen, datt déi de Virfall als Krichsverbriechen ënnersiche sollen. De Chalifa Haftar, Generol vun der selbsternannter „Libesch Nationalarméi“ (LNA), huet d‘Virwërf zréckgewisen a sengersäits d‘Regierung beschëllegt.

Säitens der UN-Kommissärin fir Mënscherechter, Michelle Bachelet, ass matgedeelt ginn, datt béid Konfliktparteien iwwert déi genau Positioun vum Flüchtlingslager informéiert waren. Esou wéi et sech géif duerstellen, wier e Krichsverbriechen net auszeschléissen. Den UN-Sonnergesandten, Ghassan Salame, schléisst sech der Analys vum Michelle Bachelet un a geet e Schratt weider.

Hien huet den Ugrëff op d‘Flüchtlingslager als „feig“ veruerteelt a fuerdert ugemoosse Strofe géint all déi ze verhänken, déi engersäits d‘Operatioun ugeuerdent an duerchgefouert hunn, an anersäits, datt déi „Parteien“ déi d‘Waffe geliwwert hunn zur Rechenschaft gezu ginn. Natierlech huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres dat Ganzt veruerteelt an eng onofhängeg Enquête gefuerdert.

Drénglechkeetssëtzung ass eng Nullnummer

No dësem Virfall ass et da vu Peru, déi aktuell de Virsëtz vum UN-Sécherheetsrot hunn, eng Drénglechkeetssëtzung vum UN-Sécherheetsrot aberuff ginn. Do sëtzen awer net nëmmen déi Länner zesummen, déi de Konflikt a Libyen veruerteelen, mee och déi vun deenen de Ghassan Salame erwaart, datt se wéinst hire Waffegeschäfter sollte veruerteelt ginn. E fromme Wonsch…

Wéi et aus diplomatescher Kreesser duerchgedrongen ass, waren d‘USA net gewëllt déi vun de Briten ausgeschafften „gemeinsam Erklärung“ matgedroen hunn. Grond: si hätten dofir net den Accord vu Washington. Am briteschen Text wier och en Appell enthalen, dee sech un déi libesch Konfliktparteie riicht, an dës opfuerdert d‘Kampfhandlungen direkt anzestellen.

Em Entworf wieren zudeem nei politesch Gespréicher gefuerdert ginn. Interessant, an aus dësem Grond ass déi amerikanesch „Entscheedung“ net ganz novollzéibar, am Pabeier gouf keng Partei direkt beschëllegt, den Ugrëff op d‘Flüchtlingslager kommandéiert ze hunn. No iwwer zwou Stonne war d‘Sitzung eriwwer ouni dat e sech op iergendeppes hätt verstännege kënnen.

Europäesch Interesse gi bedreet

Libyen, dat ass kee Krichsgebitt wéi vill anerer. Matten am Konflikt befannen sech laut UNHCR eng 60.000 Migranten, déi a Lager „festgehale“ ginn. Net ze vergiessen, datt et Dausende vun hinne gëtt, déi sech iergendwou verstoppt am Land ophalen. Libyen ass fir Migranten a Flüchtegen eent vu de wichtegsten Transitlänner op hirem Wee Richtung Europa. Och dat en traurege Fakt.

De Regime – oder wie soss eng „Regioun“ a sengem Grëff huet – huet fir dës Mënsche séier wéineg iwwreg, an dem Generol seng Muechtuspréch maachen d‘Lag net besser. Trotzdeem gëtt, well een dat esou „verhandelt huet“ all Mënsch deen a Libyen ouni gülteg Pabeieren opgegraff gëtt, an ee Lager gestach. Dozou gehéieren och déi, wou vun der Küstewaach um Mier ofgefaange ginn.

Natierlech freet sech d‘EU an als éischten den italieneschen Inneminister Matteo Salvini, wa wéi ënnert dem Muammar al-Gaddafi, d‘Libyer och weiderhin d‘Migrante géifen offänken an drun hënneren Europa ze erreechen. Et gehéiert sech allerdéngs net Flüchtlingen an e Krichsgebitt zréckzeschécken dat ee selwer verschëlt huet. ONGen dann als Kriminell ze bezeechnen ee Witz.

Hannergrond:

Libyen sëtzt op zolitte Pëtrolsreserven an et kaum eng Weltmuecht, déi dës Ressourcen net fir sech wéilt beusprochen. D‘Amerikaner an hir europäesch Allianz hate viru gutt aacht Joer gemengt, wa si sech dem Diktator entleedegen, da géif de Präis fir Mënschen un hirer Flucht ze behënneren eppes méi geréng ausfalen, an et kéint e Regime asetzen, deen engem Zougang zum Pëtrol gëtt.

Un dat Zeenario huet sech kee gehalen an zanterhier zerklappen sech divers „Arméien“ a Milizen ëm d‘Muecht am Land. De Chalifa Haftar – en ale Vertraute vum Muammar al-Gaddafi – kämpft géint dee vun der „internationaler Communautéit“ unerkannte Fayez al-Sarraj. Hie beherrscht e groussen Deel vum Land a gëtt zudeem vum libesche Parlament am Oste vum Land ënnerstëtzt.

De Regime huet awer net emol méi esou eppes wéi d‘Kontroll iwwer Tripolis a muss sech op regional Milize stëtzen. De Generol sengersäits huet déi beschten Aussiichten op d‘Victoire an d‘Loftschléi géint de Fluchhafe vun der Haaptstad huet hie selwer ugeuerdent. Ënnert dësen Ëmstänn, sinn d‘Aussiichten op eng politesch Léisung fir de libesche Konflikt besonnesch moer.

mat indymedia/tlv

Foto: An der Nuecht op e Mëttwoch war d‘Flüchtlingslager vun Tajoura aus der Loft ugegraff ginn. Heibäi si 44 Mënschen ëm d‘Liewe komm. © Mohamed Kassab

Ähnlech Sujeten Chalifa Haftar, Fayez al-Sarraj, Flüchtlingen, Libyen, Migranten, Tripolis, UN-Sécherheetsrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel