Search

You may also like

money
Beschloss fir EU-Coronavirus-Finanzhëllef blockéiert
International Neiegkeeten Stories

Beschloss fir EU-Coronavirus-Finanzhëllef blockéiert

Spéitstens zanter dem Summer ass gewosst, datt déi Europäesch Unioun

Piratepartei setzt op staark Kandidate fir d‘Chamberswahlen
International Neiegkeeten Stories

Piratepartei setzt op staark Kandidate fir d‘Chamberswahlen

Et waren, datt muss ee leider festhalen, net der Däiwel

Zwielef GIFs fir et duerch de Gemengewahlkampf ze packen
International Neiegkeeten Stories

Zwielef GIFs fir et duerch de Gemengewahlkampf ze packen

De Gemengewahlkampf zitt gläich un. Spéitstens mat der Rentrée geet

Wafferou fir Libyen (mat Analys)

Zanter e Freideg gëllt a Libyen e Waffestëllstand – D‘Ofkommes wier ëmfaassend an dauerhaft, esou d‘Stephanie Williams, UN-Beoptraagte fir Libyen

Wafferou fir Libyen (mat Analys)

No Zéie Verhandlungen, hunn sech zu Genève d‘Vertrieder vun de Konfliktparteien – dat ass engersäits déi international unerkannte Regierung an anersäits d‘Fraktioun vum Generol Chalifa Haftar – op en Accord verstännegt kritt. Deen ass dann och direkt ënnerzeechent ginn, firwat et offiziell elo sollt eng Wafferou a Libyen ginn.

„Et ass en ëmfaassend an dauerhaft nationaalt Ofkommes mat soforteger Wierkung“, ënnersträicht d‘Stephanie Williams, déi amtéierend Sonnerbeoptraagte vum UN-Generalsekretär an Beoptraagte fir Libyen. Am Kontext vun dësem elo vereenbaarte Waffestëllstand, sollen elo déi auslännesch Söldner bannent de nächsten 3 Méint d‘Biergerkrichsland verloossen. Dat kléngt villverspriechend.

Libyen

Am Fall vu Libyen, wou een d‘Interesse vun „Drëttlänner“ wéi beispillsweis der Tierkei, mee och Russland, Ägypten an Länner vun der Europäescher Unioun, eng gewësse Roll spillen, sollt een elo net wierklech dovunner ausgoen, datt sech béid Krichsparteien un dëst Ofkommes halen. Vill ze vill diplomatesch Beméiungen hu gewisen, datt esouguer Biergerkrichsparteien sech net eens ginn.

Dës ënnerschiddlech Acteuren, sinn ënnert sech oft zerstridden an den Afloss vun auslännesche Muechten dréit och net zu bessere Verhältnisser bäi. De Sultan an en puer EU-Länner stäipen déi vun de Vereenten Natiounen unerkannte Regierung, Russland an Ägypten geséichen et léiwer, wann de Generol Chalifa Haftar, d‘Geschécker vum Land leede géif. Sollt ee Libyen elo opdeelen?

Neiufank mat Schwächten

Wann ee sécherlech dierf dovunner ausgoen, datt se bei der UNO zu Genève erliichtert waren an esou endlech nees emol en „Erfolleg“ virzeweisen hunn, heescht et net, datt dëst Ofkommes, wéi vun der UN-Sonnerbeoptraagte behaapt, Bestand wäert hunn, an zu weidere politesche Gespréicher féiere kann. Ze déif verankert sinn d‘Animositéiten déi d‘Biergerkrichsparteien sech vergënnen.

Et dierf een zudeem net aus den Ae verléieren, datt nom Stuerz an der Ermordung vum libeschen Diktator Muammar al-Gaddafi, d‘Land faktesch opgedeelt ginn ass. Dat tëscht der, vun der internationaler Communautéit unerkannten „Tripolis-Regierung“ déi vum Ministerpresident Fayez al-Sarraj geleet gëtt an dem Chef vun der „Nationalarméi“, Chalifa Haftar mat Sëtz zu Tobruk.

Libyen

Am Kontext vum Accord muss nach drop higewise ginn, datt sech d‘Kontrahenten net nëmmen um Verhandlungsdësch méi no komm sinn. Hei muss een eppes méi wäit aushuelen: Am Januar war et dem Generol gelongen, déi zentral geleeë Pëtrolsfuerderanlagen am Süde vum Land unzehalen, an d‘Land esou un de Rand vum wirtschaftleche Kollaps ze féieren. Eng gewëss Sënnvoll Aktioun.

Mat dësem strategesch wichtege Schlag, war et fir déi national Pëtrolsgesellschaft NOC – déi och wärend den unhalende Krichshandlunge lëschteg Handel bedriwwen, an den Erléis aus dësem ganz lukrative Geschäft, trotz de bekannten Differenzen tëscht de Krichsparteien opgedeelt huet – net méi méiglech de Betrib oprecht ze erhalen. Um Pëtrol sinn awer ganz vill Länner interesséiert.

Schwaarzt Gold fir de Fridden

Wann et ëm de Goss geet, besonnesch dee wou sech déi eenzel Leader wëllen an déi eegen Täsch stiechen, entsteet erstaunlecherweis ëmmer eng gewësse Kompromëssbereetschaft. D‘Notze vun de Rohstoffer Pëtrol a Gas, dat hunn d‘Krichsparteien erstaunlecherweis séier bekäppt, kann sech net ouni Wafferou realiséiere loossen. Esouguer d‘Hannermänner, hunn dës Reegel elo och verstanen.

Libyen

De Biergerkrich, deen a gewësser Form jo och ee Stellvertrieder-Krich ass, huet no bal zéng Joer d‘Erkenntnis bruecht, datt Business a „sech gläichzäiteg ëmbréngen“ a Kontradiktioun stinn. Dat awer hat de libesche Vizepremier Ahmed Maitik erkannt. Hie konnt den Tierken, de Russen an den Ägypter verständlech maachen, datt Libyen ouni d‘Gestioun vun de Ressource keng Zukunft huet.

Woubäi den Ahmed Maitik elo och net fir de „Fridden“ ass, mee sech als Virsëtzende vum Comité gesäit, an deem all d‘Biergerkrichsparteie versammelt sinn, an sech den Erléis aus dem Business mat Äerdgas a Pëtrol gerecht opdeele sollen. Anescht ausgedréckt: sech géigesäiteg ëmbréngen, Zivilisten ënnerdrécken a Folteren, Fraen a Kanner vergewaltegen ass ok, esoulaang d‘Geld fléisst.

Privileegien hu méi Gewiicht

Bei enger Fërdermeng vu ronn 1,2 Millioune Barrel geet et – obwuel d‘Pëtrolspräisser am Kontext vun der weltwäiter Kris am Keller sinn – nach ëmmer ëm vill Geld, zumindest fir all déi wou hei d‘Hand dierfen ophalen. Ëm d‘Zivilbevëlkerung geet et bei dësem aus pekuniäre Grënn erziilte Waffestëllstand erwisenermoossen net. Weder de libeschen, nach den internationalen Acteuren.

En Interessi de Konflikt ze beendegen hunn déi auslännesch Muechten allerdéngs net, a weder d‘Tierkei, nach Russland an Ägypten hunn eeschthaft wëlles sech aus Libyen zeréckzéien. Ganz besonnesch d‘Tierkei net, net ee militärescht Kooperatiounsofkommes an en Accord zur Notzung vun den Offshore-Ressourcen am Mëttelmier, mat der Tripolis-Regierung ënnerzeechent huet.

Libyen

D‘Europäer sinn net emol méi an enger Nieweroll opgelëscht, woubäi d‘Unioun och en zolitten Interessi un engem dauerhafte Waffestëllstand huet. Wier de Biergerkrich zu Enn, kéint ee Libyen nees als „séchert“ Land bezeechnen an d‘Migranten/Flüchtlingen dohinner zeréckbréngen, egal wéi mat dëse Mënsche verfuer gëtt. D‘EU wier esouguer gewëllt sech et eppes kaschten ze loossen.

Zu Bréissel dierft ee folgerichteg déi weider Entwécklung a Libyen mat Argusae verfollegen. Et hätt ee sech sécherlech och doriwwer gefreet, um Pëtrolsgeschäft bedeelegt ze ginn, mee déi vill onerwënschte Mënschen déi iwwert d‘Mëttelmier versichen Europa ze erreechen, sinn ee gudde Grond, dës Wafferou ze begréissen. Leider bekämpft een d‘Fluchtursaachen esou net wierklech.

mat indymedia/gva/tlv/lon

Foto: D‘UN-Sonnerbeoptraagte Stephanie Williams huet et fäerdeg bruecht, datt sech déi libesch Biergerkrichsparteien zu Genève op en dauerhafte Waffestëllstand accordéiert hunn. Et war déi véiert Gespréichsronn am „Palais des Nations“ zu Genève. © Violaine Martin / UN

Related topics Biergerkrich, Genève, Libyen, Pëtrol, Stephanie Williams, UNO, Waffestëllstand
Next post Previous post