Search

You may also like

What the Fakt – de weltwäiten Dag vum Schokelasbotter
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – de weltwäiten Dag vum Schokelasbotter

Och déi nosseg brong Crème huet sech een Éierendag verdéngt.

D‘Cité Judiciaire: ee Beiestack wou d‘Summe verklongen ass
Kultur Neiegkeeten

D‘Cité Judiciaire: ee Beiestack wou d‘Summe verklongen ass

Um Helleggeescht-Plateau, am juristeschen Epizenter vum Lëtzebuerger Land, treffen sech

Steesel féiert de Weltbuchdag
Kultur Neiegkeeten

Steesel féiert de Weltbuchdag

Déi Steeseler Gemeng, zesumme mat der Steeseler Kulturkommissioun invitéieren am

130 Joer Jean la Gaufre – E Lidd fir Merci ze soen!

130 Joer Jean la Gaufre – E Lidd fir Merci ze soen!

Zu Lëtzebuerg ass de Jean Kandel deem engen oder aneren dofir bekannt, datt hien d’Lëtzebuerger Sprooch duerch d’Musek ervirbréngt, an engems och Geschicht an Traditioun vun eisem Land opgräift. Nodeems elo duerch d’Pandemie vill kulturell Evenementer ewech gefall sinn, huet hien e Video verëffentlecht,bei deem op d’Melodie vum Hämmelsmarsch säi selwer geschriwwenen Text zur Schueberfouer an dem Stand vum Jean la Gaufre ze héiren ass.

Net nëmmen op den Oktav-Mäertchen, mee och op d’Schueberfouer, esou wéi mir se eigentlech kennen, musse mir dëst Joer verzichten. Schonn zënter 1959 begeeschtert de Jean la Gaufre mat sengen Eisekuchen an anere séisse Spezialitéiten um Mäertchen an op der riseger Kiermes um Glacis.

Iwwer 130 Joer existéiert soumat de Betrib vun der Famill Vandervaeren. Fir de Jean Kandel steet fest, datt et un der Zäit ass Merci ze soen, an dat mat engem selwer geschriwwene Text op d’Melodie vum Hämmelsmarsch.

Natierlech ass hien ëmmer op der Sich no bekannten an onbekannten, alen an traditionelle Lëtzebuerger Lidder, fir dat eegent Archiv vun iwwer 4.000 Wierker ze kompletéieren an esou e Beitrag fir eis Kultur ze leeschten. Vläicht fannt Dir jo souguer d’Operett „Sonili“, déi scho méi laang gesicht gëtt. Sollt Dir se fannen, mellt Iech ënnert jkandel@tango.lu.

Opmaacherbild: D’Becheler op der Fouer, vum Jean Kandel

Related topics Hämmelsmarsch, Jean Kandel, Jean la Gaufre, Letzebuerger Lidder, Pandemie, Schueberfouer, Sonili, Traditioun
Next post Previous post