Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chamberwahlen: den CNFL appelléiert fir e besseren Equiliber
Neiegkeeten

Chamberwahlen: den CNFL appelléiert fir e besseren Equiliber

De Lëtzebuerger Nationalrot vun de Fraen (CNFL), hat gläich den

cfm dating 40https://moien.lu/dating-anxious/
dating service jacksonville fl
Neiegkeeten

A Russland wëll d‘Regierung den Internet kontrolléieren

Mam neie Gesetz gëtt sech déi russesch Regierung eng eegent

Migrante viru Lampedusa: Roum dréit domatter se zréck a Libyen ze schécken
Neiegkeeten

Migrante viru Lampedusa: Roum dréit domatter se zréck a Libyen ze schécken

Den italieneschen Inneminister Matteo Salvini, huet e Sonndeg domatter gedreet,

„LALA – Lauter lëschteg Lauter“ soll d’Liesen an der Spillschoul fërderen

„LALA – Lauter lëschteg Lauter“ soll d’Liesen an der Spillschoul fërderen

D‘Fuerscher vun der Uni-Lëtzebuerg hunn e wëssenschaftlech gepréifte Lies-Programm fir d‘Spillschoulen entwéckelt. Et soll dozou bäidroen, preventiv géint Léierschwieregkeete virzegoen an de Kanner esou e bessere Start an hir Schoulcarrière ze erméiglechen.

An hirem Communiqué weist d‘Uni-Lëtzebuerg drop hin, datt zu Lëtzebuerg all Joer ronn 5.000 Kanner nei an d‘Spillschoul ginn. Studien hätte gewisen, datt bal d‘Hallschent vun de Kanner am Alter vu 9 Joer an der „Lieskompetenz“ déi national Standarden net erreecht hunn.

Fir deem ze begéinen, hu Fuerscher vun der Uni-Lëtzebuerg e Präventiounsprogramm entwéckelt, mat deem Léierschwieregkeete verhënnert kënne ginn, iert et iwwerhaapt dozou kënnt. De Programm: „LALA – Lauter lëschteg Lauter“, ass fir den éischte Schoulzyklus entwéckelt ginn.

Spilleresch un d‘Saach erugoen

De Programm besteet aus klenge Sproochspiller an Aktivitéiten, déi den Enseignant e puer mol an der Woch mat de Kanner ausféiere kann. Am Mëttelpunkt steet de Papagei „Lala“ deen d‘Kanner an der Schoul besicht. All d‘Materialien an d‘Aktivitéite stëtzen sech op neiste Fuerschungsresultater a berécksiichtegen de lëtzebuergesche Schoulkontext an d‘Méisproochegkeet vun de Kanner.

„Nach iert d‘Kanner an d‘Primärschoul ginn, mussen si Kompetenzen entwéckelen, déi hinne spéiderhin d‘Liesen erliichtert. Mat de richtege Methoden kann een déi sougenannte Virleeferkompetenze schonn an der Spillschoul fërderen an de Kanner esou hëllefe, besser Liesen ze léieren“, erkläert de Prof. Dr. Pascale Engel de Abreu.

Näischt dem Zoufall iwwerlooss

De LALA-Programm ass an de leschte fënnef Joer an de Lëtzebuerger Spillschoulen ausprobéiert a wëssenschaftlech evaluéiert ginn. Un dëser „Evaluatiounsetüd“ hunn iwwer 200 Schüler an aacht Schoulen deelgeholl.

Véier Schoulen hunn iwwer 12 Woche mam LALA-Programm geschafft, während véier aner Schoulen sech un de normale Schoulprogramm gehalen hunn. D‘Resultater ware ganz positiv. Déi Kanner déi um LALA-Programm deel geholl hunn, konnten hir Virleeferkompetenze méi séier entwéckelen, wéi déi wou de Programm net absolvéiert hunn.

Besonnesch encourageant war d‘Erkenntnis, datt och Kanner mat engem anere Sproochhannergrond wéi dem lëtzebuergeschen, duerch de LALA-Programm gutt Fortschrëtter gemaach hunn. An dat obwuel de Programm op lëtzebuergesch duerchgefouert ginn ass.

Ka flächendeckend agesat ginn

„Ech mierken, datt d‘Kanner scho besser nolauschteren. Ausserdeem kënnen se méi séier e Laut an engem Wuert lokaliséieren oder e Wuert buschtawéieren“ erzielt d‘Nancy Kreis, Enseignante am 2. Zyklus, där hir Schüler 2017 mam LALA-Programm geschafft hunn.

D‘Fuerschungsversioun vum LALA-Programm ass ofgeschloss. Aktuell schaffe véier Schoule mat der LALA-Fuerschungsversioun. Ënnerstëtzt gouf de Projet vum Lions-Club vu Munneref, dem nationale Fong fir D‘Fuerschung (FNR). Eigentlech kann de Programm elo am ganze Land agesat ginn.

„Ech freeë mech, datt eis den FNR elo dobäi ënnerstëtzt déi neiste Fuerschungsresultater anzebauen, esou datt LALA kuerzfristeg an alle Spillschoulen am Land ka genotzt ginn“, esou de Prof. Dr. Pascale Engel de Abreu.

mat UNI.LU

Ähnlech Sujeten LALA-Programm, Lieskompetenz, Prof. Dr. Pascale Engel de Abreu, Spillschoul, Uni-Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel