Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Henri Kox am Dialog mat de Gemengen
Meenung Neiegkeeten

Den Henri Kox am Dialog mat de Gemengen

E Méindeg 24. August war de Minister fir bannenzeg Sécherheet

What the Fakt – Den Abrëllsgeck a seng Geschicht
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – Den Abrëllsgeck a seng Geschicht

Besonnesch um éischten Dag vum Abrëll muss een immens virsiichteg

Messerattack bei Metrosstatioun zu Lyon
Meenung Neiegkeeten

Messerattack bei Metrosstatioun zu Lyon

Um spéide Samschdegnomëtten si bei enger Messerattack am franséische Villeurbanne

“Mier loossen keen am Reen stoen” (Lieserbréif)

“Mier loossen keen am Reen stoen” (Lieserbréif)

Erënnere mir eis, dat war dem Premier Xavier Bettel seng Ausso. Mäi Meedchen huet bis de 15. Mäerz 2020 Chômage kritt. Een Dag dono ass den “Etat de Crise” ausgeruff ginn, an et huet geheescht, dass déi d’Leit wou de Chômage ofleeft, dee géife weider kréien. Leider ass awer näischt méi iwwerwise ginn.

Zwou Mailen un d’ADEM si leider ouni Äntwert bliwwen. Dono e Bréif un den Här Minister Kersch gemaach. Ma, d’Äntwert koum schnell, an et huet geheescht, dass am Prinzip de Chômage géif weiderlafen. Dorops higewise bei der ADEM, koum awer keng Äntwert méi.

Eng Mail un den Här Premier Xavier Bettel, an un d’Corona-Helpline vun der Santé sinn och onbeäntwert bliwwen. E grousse Merci un den Här Marc Spautz, deen sech der Saach ugeholl huet, a leider d’Äntwert vum Här Minister Kersch an der ADEM kritt huet, dass just een Dag géif feele fir dass de Chômage géif weider ausbezuelt ginn.

Meng Fro un eis Regierung: Wei kann e Mënsch an engem Dag eng Aarbecht fanne wann de Rendezvous op der ADEM esou wéi och e Virstellungsgespréich scho virum 15. Mäerz 2020 annuléiert goufen? An déi Persoun dobäi och nach krank war, a 14 Deeg d’Haus net verloosse konnt? Ass dat de Sozialstaat, wou d’Regierung Milliarden Euro un Hëllefe versprach huet a versprécht, an op der anerer Säit awer enger Persoun, déi net weess wei et soll weidergoen e klenge Chômage am “Etat de Crise” refuséiert, an domat déi Persoun zur Verzweiwlung bruecht an an d’Depressioun gedriwwe gëtt? Bravo Lëtzebuerg!

Mireille Delli Zotti-Meyers

Opmaacherbild: © Ian Espinosa / Unsplash

Ähnlech Sujeten ADEM, Chômage, Dan Kersch, Depressioun, Keng Äntferten, Krisenzäit, Lieserbréif, Mireille Delli Zotti-Meyers, Verzweiwlung, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel