Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chantier am Irgäertchen – eng Bunn gespaart!
Neiegkeeten

Chantier am Irgäertchen – eng Bunn gespaart!

Am Kader vun den Ëmbauaarbechte vum Echangeur Robert Schaffner (Irgäertchen)

surprise
Fräi Tribün: Cannabis – E Kaddo fir déi Jonk?
Neiegkeeten

Fräi Tribün: Cannabis – E Kaddo fir déi Jonk?

Et steet ausser Fro, datt déi geplangte Legaliséierung vum Cannabis

Eng verpasste Chance fir de reelle soziale Fortschrëtt
Neiegkeeten

Eng verpasste Chance fir de reelle soziale Fortschrëtt

En Juli ass um Krautmaart de Gesetzprojet 7311 gestëmmt ginn,

Wunneng verlount: Halloween zu Lëtzebuerg…? (Lieserbréif)

Wunneng verlount: Halloween zu Lëtzebuerg…? (Lieserbréif)

Wann een e Problem mat Locatairen huet, déi sech net korrekt behuelen (an dat ass nach ganz ferm ënnerdriwwen) an et riicht een sech z.B. un eng Assistante Sociale oder un de Konsumenteschutz, da kritt een anscheinend just negativ a skurril Äntwerten. Esou jiddefalls ass et mir ergaangen: De Konsumenteschutz ass nëmme fir Verbraucher zoustänneg a net fir Proprietären, an d’Assistante Sociale ass nëmmen zoustänneg wann déi Leit, déi Problemer hunn (domat sinn d’Locataire gemengt), si ëm Hëllef ruffen.

Déi aner Leit dierfen anscheinend och mol guer net ëm Hëllef oder ëm e Renseignement froen, well déi géife sech da nach laut dem Dateschutz strofbar maache well si eventuell Informatiounen iwwer aner Leit matgedeelt hätte, wou se net hätten dierfen, obwuel eng Assistante Sociale jo e Beruffsgeheimnis huet – an deemno och, am Fall wou si net kéint hëllefen, näischt dierf weider soen.

Wann een da Locatairen huet, déi och nach 2 Kanner hunn, an d’Fra nees an aner Ëmstänn ass, da sinn d’Chance ganz kleng, dass een do vill ënnerhuele kann. Déi Leit kënnen also mat zimlech rouegem Gewësse sécher sinn, dass si hir “Sauereie” weider kënnen dreiwen a kréien iergendwa wuel nach Hëllef vu lénks a riets fir Zoustänn, déi si zum groussen Deel selwer verursaacht hunn? An déi aner, dat si jo déi Leit, wou d’Geschäft maachen, déi mussen sech schéi brav fügen, fir Demarchen a Renovatioune bezuelen, a virun allem laaang Gedold hunn?

Hei am Land misst mol eng seriéis Diskussioun gefouert gi, wéi et ëm d’Rechter vun de Proprietäre steet. Sécher, et musse gutt Rechter fir Locataire ginn, déi Rechter wiere bestëmmt nach verbesserungswierdeg, mä op der anerer Säit kann et awer net sinn, dass Proprietäre – wéi et schéngt – och kaum oder nach manner Rechter hunn an dobäi nach zimlech op sech eleng gestalt sinn…

Verschidde Politiker plädéieren och nach ëmmer dofir, dass Leit, déi eng Wunneng eidel stoen hu nach gestrooft solle gi mat héijen Taxen. Soll ee sech vläicht mol froe, firwat vill Leit näischt méi verloune wëllen? Ech kenne genuch Fäll, deels selwer erlieft, aus dem enke Familljekrees, an och vu gudde Bekannter. Alles Fäll vu Leit, déi enorm schlecht Erfarunge mam Verloune vu Wunnenge gemaach hunn!

Matgedeelt vum Johnny Theisen

Ähnlech Sujeten Appartement, Assitante Sociale, Dateschutz, Halloween, Hëllef, Locataire, Politik, ULC, Wunneng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel