Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Wéi kéint eis Bezéiung mat Groussbritannien nom Brexit ausgesinn?
Neiegkeeten

Wéi kéint eis Bezéiung mat Groussbritannien nom Brexit ausgesinn?

Fir wien wëll unhuelen, datt d‘Modalitéite vun der Scheedung tëscht

Groussbritannien huet e… Mayxit!
Neiegkeeten

Groussbritannien huet e… Mayxit!

Endlech huet d‘Theresa May agesinn, datt hir Politik op kee

Earth Overshoot Day: Vun haut un liewe mer op Kredit
Neiegkeeten

Earth Overshoot Day: Vun haut un liewe mer op Kredit

De Landwirt weess et, de Fëscher weess et de Konsument

De Lieutenant-Colonel Steve Thull gëtt neie militäreschen Häuptling

De Lieutenant-Colonel Steve Thull gëtt neie militäreschen Häuptling

Ab dem 29. September 2020 wäert de Lieutenant-Colonel Steve Thull d’Funktioun vum Generol Alain Duschène an der Lëtzebuerger Arméi iwwerhuelen. Dës Decisioun huet de Verdeedegungsminister François Bausch, no Berodung mat S.A.R. dem Groussherzog an dem Regierungsrot, bei der haiteger Reunioun decidéiert. Den aktuelle Stabchef vun der Arméi gëtt soumat gebiede sengem Recht op Pensioun nozegoen.

Ganzer 42 Joer ass de Generol Alain Duschène schonn am Déngscht. No 3 Joer als féierende Mann vun der Lëtzebuerger Arméi gëtt et elo Zäit Äddi ze soen, allerdéngs net ouni ee risege Merci vum Vize-Premier François Bausch ze kréien.

Beweegung a Changement

Mat dësem Choix soll ee Generatiounswandel am Militär bezweckt ginn. De Minister Bausch huet erkläert: „Ech hunn de Lieutenant-Colonel Steve Thull ausgewielt fir d’Arméi an d’Zukunft ze lenken an d’Missioun vun der Arméi, ugesiichts den aktuellen Erausfuerderungen a Saache Sécherheet zu Lëtzebuerg an der ganzer Welt, nei ze definéieren. Ech gesinn de Lieutenant-Colonel Steve Thull als Zaldot, dee capabel ass, d’Arméi ze moderniséieren, a wärenddeem déi nei Gefore bei der Sécherheet ze consideréieren, wéi beispillsweis d’Risiken a Saache Klimawandel oder Cyberofwier, wat fir all militäresch Planung an der Zukunft erfuerderlech ass.“

An den nächste Méint kritt dem Generol Duschène säin Nofolger d’Méiglechkeet, sech op seng nei Funktioune virzebereeden. A senger zukünfteger Tâche soll hie virun allem Wäert op d’Integratioun vu Fraen am Militär an d’Kommunikatioun no bausse leeën.

En huet eppes Opweises

De Lieutenant-Colonel Steve Thull huet tëscht 1987 bis 1991 seng Formatioun zum Offizéier zu Bréissel un der kinneklecher militärescher Schoul absolvéiert. Um 1. Oktober 1991 duerft hien den Titel Lieutenant unhuelen. Vun 2006 bis 2007 stoung een Zyklus am militäreschen Héichschoulwiesen zu Paräis un.

Bis ewell war de Lieutenant-Colonel Steve Thull Chef vum Peloton Mortiers, vum Peloton Anti-Char an dem Peloton Éclaireurs, ier hie Kommandant vun der Kompanie ginn ass. Uschléissend krut hien d’Chance verschidde Funktioune vum Stabchef unzehuelen, dorënner déi vum Offizéier vum Personal an den ëffentleche Relatioune vun der Arméi, déi vum stellvertriedende Kommandant vum Militärzentrum, déi vum stellvertriedenden Offizéier bei den Etüden an der Planifikatioun, wéi och déi vum Offizéier vun den Informatiouns- a Kommunikatiounssystemer.

Aktuell këmmert hie sech ëm d’Plangen an d’Ëmsetze vun Informatiouns- a Kommunikatiounssystemer, vun deenen d’Arméi staark ofhängeg ass, fir esou déi verschidden Exercicer an Operatiounen auszeféieren. Et sollt een och nach wëssen, datt hien un der Missioun IFOR vun der NATO a Bosnien-Herzegowina, wéi och un der Missioun EUFOR am Tschad an an Zentralafrika deelgeholl huet.

De Lieutenant-Colonel Steve Thull huet 52 Joer, ass bestuet a Papp vun dräi Kanner.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Henri Kox, delegéierte Verdeedegungsminister; Generol Alain Duschène, Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi; Roland Reiland, stellvertriedenden Direkter vun der Verdeedegung; Lieutenant-Colonel Steve Thull; Gilles Feith, Koordinator vun der Verdeedegung © Verdeedegungsministère

Ähnlech Sujeten Alain Duschène, François Bausch, Henri Kox, Lieutenant-Colonel Steve Thull, Moderniséierung, Regierung, S.A.R. de Groussherzog Henri, Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi, Steve Thull, Verdeedegung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel