Search

You may also like

money
„You name it, we fly it“ – D‘Cargolux am grénge Beräich
Neiegkeeten

„You name it, we fly it“ – D‘Cargolux am grénge Beräich

Dem CEO vun der Cargolux, de Richard Forson konnt ee

Nëmme Popcorn-Süchteger kréie méi wéi 8 richteg Äntwerten an eisem Kino-Quiz zesummen!
Neiegkeeten

Nëmme Popcorn-Süchteger kréie méi wéi 8 richteg Äntwerten an eisem Kino-Quiz zesummen!

[onionbuzz quiz-id=110][/onionbuzz] D’Kino-Landschaft zu Lëtzebuerg lieft erëm sou lues op.

Vun der Strooss an d’Politik: Wéi d’Greta eis d’Zukunft virun Aen hält
Neiegkeeten

Vun der Strooss an d’Politik: Wéi d’Greta eis d’Zukunft virun Aen hält

Op den Dag genau ass et ee Joer, datt d’Greta

Et muss nees Liewen an der Stad an de Quartiere ginn

Mat Mooss a Verstand fir eppes Animatioun an der Stad suergen, datt ass d‘Zil vum Programm „D‘Stad lieft“

Et muss nees Liewen an der Stad an de Quartiere ginn

Et ass eng grouss Erausfuerderung fir all d‘Acteure, déi net gewëllt sinn d‘Hänn an de Schouss ze leeën an de Summer einfach „passéieren“ loossen. De Covid19-Virus ass nach ëmmer do, mee mat eppes Beholl, sollt et duerchaus am Beräich vum Méigleche leien, datt Grouss a Kleng an der Stad d‘Vakanzenzäit awer nach genéisse kënnen. De Programm jiddefalls ass flott a villverspriechend.

Fir d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer, déi schon beim leschten „City Breakfast“ ugedeit hat, datt een zwar aus de bekannte Grënn dëst Joer keng Schueberfouer kann ausdroen, et awer soll an de Quartieren an um Glacis Animatioune ginn, war et sécherlech eng Erliichterung, gëschter ee ganz flotte Programm iwwert de Summer presentéieren ze kënnen. An deen huet wierklech Potential.

Bei der Entwécklung vun dësem Programm, war et dem Lydie Polfer wichteg, datt och wierklech jiddereen an der Stad vum Summer an den Animatioune profitéiere kann, firwat dann och all d‘Manegen an d‘Karusseller de Kanner fräi zougänglech sinn. Eigentlech muss een nëmmen dann Hand un de Portmonni leeën, wann et eppes ze gewanne gëtt (bsp. Intefëschen): Iessen an drénke souwisou mee och d‘Riserad mat senger Lounge op der Kinnekswiss, oder de Kino um Glacis.

Zudeem – et ass scho schlëmm genuch mussen op d‘Fouer ze verzichten – gëtt et um Glacis eng „Bud“ wou d‘Frënn vum „gebaakte Fësch“ op eng vun de gastronomeschen Traditioune kënnen zréckgräifen. Den Open Air-Kino ass esouwuel fir Gefierer wéi och d‘Foussvollek zougänglech. Wat elo den Detail vum Programm betrëfft, esou huet dësen de Laurent Schwaller virgestallt.

Eng Stad, 16 Standuerter

Fir de Chef vum Service „Foire & Marchés“ war et wichteg, d‘Animatiounen um Gebitt vun der Stad esou ze organiséieren, datt all Quartier berécksiichtegt ka ginn, ouni datt zu Nuisance kënnt. Dofir gëllen eng Rei Reegelen: dës sougenannt Quartier-Kiermesse fanne vum 18. Juli bis den 13. September statt, an dat all Dag vu moies 11 bis owes 22 Auer. D‘Nuetsrou soll respektéiert ginn.

Alles allem sinn 72 Attraktiounen esou iwwert den Territoire verdeelt ginn. Iwwerall gëtt et ee gudde Maufel z‘iessen, eppes fir d‘Schneekerte mee néierewou gëtt et Alkohol. Animatioun gëtt och an der Foussgängerzon vun der Uewerstad ugebueden. Hei fannen d‘Aktivitéiten op de Kräizunge statt an natierlech gëtt et och dëst Joer déi flott „Theaterplage“, wou ee sech eng Auszäit gënnen oder eng Partie Petanque spille kann. Hei start et schonn den 11. Juli (vun 10 bis 22 Auer)

Stad

© Ville de Luxembourg

Eng vun den Haaptattraktiounen dierft d‘Riserad (Summer Wheel) mat senger Lounge sinn. Dëse Manege mat seng 36 Gondelen an enger Héicht vu 50 Meter mécht dann och schonn den 11. Juli seng Dieren op. En Tour kascht: 6 Euro fir en Erwuessenen, 4 Euro fir d‘Butzen, mee et kann een och als Grupp (minimum 4 Persounen) fir 20 Euro dee groussen Iwwerbléck genéissen.

Open-Air Kino

Fir d‘Organisatioun vum Open-Air Kino um Glacis (17. Juli bis 1. August) huet d‘Stad sech op d‘Cinemathéik verlooss, ee verléissleche Partner mat Erfarung, deen en eppes besonnesche Konzept entwéckelt huet. Et gëtt net mat der amerikanescher Traditioun gebrach, firwat et 130 Plaze fir Autoe gëtt, mee zousätzlech huet et 27 Loungen fir véier Persounen, esou datt een als Grupp vu véier Leit op engem confortabele Canapé, déi 24 x 12 Meter grouss Leinwand och genéisse kann.

De Programm ass, an dat dierf ee jo och vun eiser Cinemathéik erwaarden, Familljefrëndlech gestallt ginn. Et gëtt „Kultkino“ wéi och „Neies“ an d‘Ekipp ronderëm de Claude Bertemes huet esouguer eng Rei Filmer selektionéiert déi besonnesch dem feminine Public dierften zousoen. Et gëtt zwee méi besonnesch Events. „Love it short“ (Kuerzfilmer aus Lëtzebuerg) an den „Oldtimer screening“ mam Gendaarm vu Saint Tropez; dee mat der Oldtimer Federatioun ugebuede gëtt.

Insgesamt si 16 Projektioune virgesinn, a mir erlaben eis ee redaktionnelle „Coup de Coeur“: den 23. Juli leeft Pink Floyd „The Wall“ an wéi gesot, d‘Plaz ass begrenzt, et sollt een sech also séier Entscheeden. D‘Billetterie ass schonn op, an et heescht et géif de Prinzip vum „den éischten ass vir“ ugewannt. Kuckt iech also de Programm un a maacht äre Choix, iert anerer hire gemaach hunn. D‘Filmer fänken normalerweis géint 21.30 Auer, de Präis pro Auto oder Lounge bedréit 10 Euro-

Wat ee soss nach wësse sollt

Fir datt dës ganz Animatioun onbeschwéiert vun all Mënsch ka genoss ginn, versteet sech, datt d‘Stad Lëtzebuerg sech en evolutiivt Sécherheetskonzept operluecht huet. Et gëllt also eppes Beholl un den Dag ze leeën, fir jidderengem d‘Freed un dësem jo awer eppes komesche Summer ze vergënnen. An dësem Sënn ass et verstänneg vum Alkoholausschank ofzegesinn.

Säitens de Forainen hält sech d‘Begeeschterung nach eppes a Grenzen. Esou wéi et de President vun der Vereenegung vun de Lëtzebuerger Forainen, Charles Hary, gesäit, betrëtt een hei Neiland. D‘Situatioun ass komplizéiert an datt d‘Bedreiwer vun de Manegen a Karusseller net vun hir Cliente, mee vun der Stad Lëtzebuerg bezuelt ginn, muss nach vu ville verënnerlecht ginn.

Archiv – © Martine de Lagardère/moien.lu

Natierlech fir hinnen, wéi sécher och deene meeschten am Land, eng richteg Schueberfouer léiwer gewiescht, mee och d‘Foraine wësse wéi wichteg d‘Gesondheet ass an datt een domadder net de Geck maache kann. De Charles Hary hätt et allerdéngs gefreet, wann een de Projet eppes éischter an Ugrëff geholl hätt, well jo do och nach aner Stied sech hätte kënnen uschléissen.

Tatsächlech ass dann elo schonn eppes Interessi ugemellt ginn, firwat et säitens de Foraine wuel nach wäert Informatioune ginn, wat wou wéini ka méiglech gemaach ginn. Wéi och ëmmer, de Programm vun der Stad steet, a vun de ville Quartier-Syndikater huet et bis ewell keng Reklamatioune ginn. Elo kann de Summer also awer nach gefeiert ginn, an dat ass richteg flott.

Note: An den nächsten Deeg geet eng interaktiv Kaart online, déi et engem erlaabt geziilt a gutt organiséiert virzegoen. Déi huet vill ze bidden, ass liicht verständlech a sollt ee sech wierklech zu Gemitt huelen.

Related topics D'Stad lieft, Karruseller, Kino um Glacis, Manegen, Riserad, Stad Lëtzebuerg, Summer in the City
Next post Previous post