Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du den ale Stater Tram?
International Meenung

Wéi gutt kenns du den ale Stater Tram?

Zënter Dezember 2017 huet eis Stad erëm en Tram. Mee

dislikegeek
Frankräich: Google kritt eng Amende vu 50 Milliounen
International Meenung

Frankräich: Google kritt eng Amende vu 50 Milliounen

D‘CNIL (Commission Nationale de l‘Informatique et des Libertés) werft dem

Katalounien brennt
International Meenung

Katalounien brennt

Am Hannerland vu Katalounien, net wäit ewech vun Tarragona hunn

Meenung: Liewenslänglech fir de Metzler vum Balkan, Ratko Mladic

Meenung: Liewenslänglech fir de Metzler vum Balkan, Ratko Mladic

De bosnesch-serbesche Generol Ratko Mladic, dee besser bekannt ass als „Metzler vum Balkan“ huet sech gëschter virun internationale Strofgeriicht fir Jugoslawien (ICTY) fir seng „Doten“ am Krich misse veräntwerten.

Hien ass dann och zu den Haag als dee récksiichtlose Mäerder erkannt a veruerteelt ginn deen hien ass. Krichsverbriechen, Verbrieche géint d‘Mënschheet an nach eng ganz Rëtsch aner Sauereie sinn dem mëttlerweil 74 järege virgeworf an, esou gesinn ech et och, nogewise ginn.

Vun 11 Punkten an der Uklo, hunn d‘Riichter et bei zéng als erwise gesinn datt hie schëlleg ass. De Mladic ass dann och, an dat dierft d‘Leed vun de Familljen net vergiess maachen, voll verantwortlech vir de Genozid vu Srebrenica, wou seng Miliz op säin Uerder hin am Summer 1995 8.000 Männer a Bouwen „geschluecht“ hunn.

An u sech ass et schlëmm genuch, datt et iwwer 20 Joer brauch, fir esou eppes wéi e Mladic, fir de Rescht vu sengem Liewen dohinner ze brénge wou en higehéiert. Woubäi ee wësse soll, datt de Mladic zwar den Haaptschëllegen och fir mech ass, mee net deen eenzegen ass deen agespaart gehéiert.

Mladic

Esou wéi e gewëssen Éisträicher och haut nach veréiert gëtt, esou huet de „Metzler vum Balkan“ och seng Unhänger. Déi schänterlech Beispiller vun engem serbesche Vollek, datt, esou wéi et de President Aleksandar Vucic richteg erkannt huet, besser berode wier an d‘Zukunft ze kucken, wéi an den „Tréine vun der Vergaangenheet ze erstécken“. Déi Daboen op dësem Bild waren sech awer emol net ze schued, bei engem Monument vum Prënz vu Serbien, Mihailo Obrenovic hirem „Held“ ze gedenken. © Oliver Bunic/AFP

Net manner wéi 70 Massaker konnten deem Knaschtert nogewise ginn, a wann een de Zeie gleewe kann, waren et der wiesentlech méi. A wéi et bei esou enger Ausgebuert aus der Hell dann och d‘Reegel, bereit een net eng Sekonn wat een ugeriicht huet. Besser, nach et vernennt een d‘Riichter Schëmmel a Bless an et geet een a Appell.

Gutt, dat mam Appell bleift novollzéibar, mee iwwer honnert Zeien hunn ausgesot, keen dovunner dee sech oder engem anere widdersprach hätt. Dozou nach ronn eng Millioun Säite Pabeier op deenen d‘Ausmooss vun der Gewalt beluecht ass. Also Mladic, wann een am Volleksmond och seet, datt „d‘Hoffnung als lescht stierft“, da looss mech dech drun erënneren, datt‘s du déi héchstperséinlech zu Sarajewo erschoss hues.

Datt dann och nach däi „Stammhalter“ Darko sech ugemoosst festzestellen: „D‘Geriicht huet d‘Gerechtegkeet duerch Krichspropaganda ersat“. Domatter ass dann ee weidere Sproch bestätegt: Den Apel fält net wäit vum Stamm.

Foto: D‘Famillje vun den Affer, Mënschen déi de Ratko Mladic a seng Milizen ëmbruecht huet, hunn am Memorial zu Potocari bei Srebrenica, hunn der Verhandlung vum internationale Strofgeriicht fir Jugoslawien (ICTY) mëttels enger Live-Iwwerdroung nogekuckt a gelauschtert. © Dimitar Dilkoff/AFP

Ähnlech Sujeten ICTY, Jugoslawien, Ratko Mladic, Srebrenica
Nächsten Artikel Virrechten Artikel