Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

#SaveYourInternet – Fir d‘Fräiheet, géint den Artikel 13
Neiegkeeten

#SaveYourInternet – Fir d‘Fräiheet, géint den Artikel 13

De Samschden den 23. Mäerz sinn europawäit Demonstratioune géint d‘EU-Urheberrechtsdirektiv,

De Weltdag vum Radio, erkläert
Neiegkeeten

De Weltdag vum Radio, erkläert

Zënter 2012 gëtt vun der UNESCO de Weltdag vum Radio

Neie Gëftuschlag a Groussbritannien, zwee Briten a kriteschem Zoustand
Neiegkeeten

Neie Gëftuschlag a Groussbritannien, zwee Briten a kriteschem Zoustand

Um haidegen Donneschdeg trëfft sech déi britesch Regierung zu enger

Weess du ëmmer wat do op den Teller kënnt? (eng Analys)

Lëtzebuerg an de Weltdag vun der Liewensmëttelsécherheet

Weess du ëmmer wat do op den Teller kënnt? (eng Analys)

Liewensmëttelsécherheet ass wichteg a betrëfft eis alleguerten, egal op jonk oder al, krank oder gesond, aarm oder Räich. Woubäi déi „räich“ éischter manner geplot sinn, wéi de normale Bierger, mee elo schwiewe mir schonn of. De „World Food SafetyDay“ gouf gëschter zelebréiert, an déi nei Ministesch fir Konsumenteschutz, Paulette Lenert (LSAP) hat eng Rei Nouvelle parat.

An datt ass direkt zweemol net vu Muttwëll. Zum engen, well et bei eise franséischen Noperen nees en handfeste Skandal gëtt, zum aneren, well jidderee wësse wëll wat elo dem neie Kommissariat fir Liewensmëttelsécherheet a Bedruch seng Missioun ass. D‘Liewensmëttelindustrie ass leider vill méi schlecht wéi hire Ruff, och wann déi sech drop behaapt datt all Skandal en Eenzelfall ass.

Wann et de Konsumente bewosst wier wat se iessen, oder déi sech iwwerhaapt emol géife Gedanke maache mat wéi enge Methoden, Zousätz an aner Sauereie vun der Liewensmëttelindustrie geschafft gëtt, da missten déi meescht Betriber vun der Arméi geschützt ginn. Zumindest ginn dëse Brigangen d‘Iddien net aus, a Chimie ka wuertwiertlech „Wonner bewierken“ och fir de Profit…

E gesamtgesellschaftleche Problem

Zu Lëtzebuerg gëtt eng 40 Beamten, déi sech mat der Liewensmëttelsécherheet beschäftegen. Dat sinn der séier wéineg, an esou verkënnt d‘Kontroll zur Lotterie. An dat ass absolut kee Virworf un d‘Beamten oder d‘Ministesch, well et ee gesamtgesellschaftleche Problem ass, deem eleng mat Agenten um Terrain net bäizekommen ass. An ganz oft huet de Konsument et selwer an der Hand.

Beim Iessen ass wéi mam Kaf vun engem Occasiounswon: ass de Präis ze schéi fir wouer ze sinn, da sollt een d‘Fanger dovunner loossen. E Beispill: wa sechs Wirschtercher aus dem Ausland esou deier si wéi een eenzege vum Cactus, sollt een déi och am Regal loossen. Et muss ee wësse, datt et haut an der Liewensmëttelbranche méi Tëschenhändler wéi produzéierend Betriber gëtt.

An fir all d‘Ekonomisten ënnert de Konsumenten, déi elo op déi gënschteg Produktiounskäschten am Ausland verweisen, de Präis vun de Liewensmëttel riicht sech net eleng nom Misärsloun deen den Aarbechter bezuelt gëtt, wann en iwwerhaapt bezuelt gëtt. De Präis riicht sech zu bal 90% nom Präis vum „Inhalt“. Wann een Haut statt Muskel benotzt, oder Waasser „asprëtzt“ spuert ee Geld.

Eng hëllefräich Legislatioun

Fir sech beschtméiglechst géint déi schänterlech Methode vun der Liewensmëttelindustrie an hire drolege Gesellen ze schützen, huet sech Lëtzebuerg d‘lescht Joer e Gesetz ginn, an deem 18 EU-Direktiven ëmgesat ginn, déi zu enger verbesserter Liewensmëttelsécherheet bäidroe sollen. Dat an déi héich ugewannte Standarden, sinn esouwuel e grousse Fortschrëtt wéi eng Noutwennegkeet.

Et konnt een dann och liicht feststellen, datt den System, mat deem d‘Konsumenten elo alertéiert ginn, schonn däitlech Verbesserunge vun der Informatioun mat sech bruecht hunn. Zudeem sollt een net zécken sech um „Warnsystem“ ze bedeelegen an unzemellen. Richteg ass och, datt déi beschte Kontroll nëmmen esou gutt ka sinn, wéi d‘Motivatioun an d‘Formatioun vun de Kontroller.

Hei dierft d‘Digitaliséierung e gudde Support bidden. Et gëtt an der Dot esou eng riseg Mass un Informatiounen an Daten ze geréieren, datt den zoustännegen Autoritéiten d‘Aarbecht esoubal net wäert ausgoen. Et kann ee sech et awer och eppes méi liicht maachen, a lokal Produite virzéien, och wann dat eppes méi deier ass. Lëtzebuerg huet gutt Liewensmëttel, profitéiert esou deem esou ass.

Ähnlech Sujeten Gesetz vum 28. Juli 2018, Konsumenteschutz, Liewensmëttelsécherheet, Paulette Lenert, Verbraucherschutzministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel