Search

You may also like

En neie Stroossebelag fir de Rondpoint vun der Route d’Esch an der Rue de Hollerich (02-03.09.2020)
Neiegkeeten

En neie Stroossebelag fir de Rondpoint vun der Route d’Esch an der Rue de Hollerich (02-03.09.2020)

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt de Rondpoint, deen duerch d’Route

Op de wierklech allerleschte Stëppel
Neiegkeeten

Op de wierklech allerleschte Stëppel

Nodeems et deem engen oder aneren an der brittescher Regierung

Renaturéierung vun der Péitruss: Ee Projet fir d’Natur an 2 Phasen
Neiegkeeten

Renaturéierung vun der Péitruss: Ee Projet fir d’Natur an 2 Phasen

Fort vum kënschtlechen Ekosystem, zeréck zur Natierlechkeet. Dëse Fréijoer fänken

Keng Liewensmëttelsécherheet ouni sécher Landwirtschaft

D'CSV fuerdert direkt Moossname fir Baueren a Wënzer

Keng Liewensmëttelsécherheet ouni sécher Landwirtschaft

D’Coronakris bestëmmt momentan eist Liewen an d’Aarbecht. Déi an éischter Linn sanitär Kris ass scho laang och als Wirtschaftskris an alle Beräicher spierbar. Esou och an der Landwirtschaft.

„D’CSV huet scho konstruktiv Virschléi zur Ënnerstëtzung vu Klengbetriber abruecht. Zousätzlech zum Covid19-Stabiliséierungspak vun der Regierung, dee mir ënnerstëtzen. Mee mir mussen nees nobesseren. Vill Moossnamen vum Hëllefspak vun der Regierung wende sech net u Baueren, Wënzer a Gäertner“, esou d’CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen.

Mee de landwirtschaftleche Secteur kämpft och mat Problemer beim Ofsaz an Akommes, obwuel en als systemrelevant erkläert ginn ass. „Och d’Landwirtschaft braucht Ënnerstëtzung an dëser Kris. Liewensmëttelsécherheet kann et just mat enger sécherer a staarker heemescher Landwirtschaft ginn. D’Familljebetriber sinn onofhängeg Klengentreprisen, genau wéi an anere Secteuren. Dofir fuerdert d’CSV, datt all bestoend Moossname vun der Regierung och op de landwirtschaftleche Beräich ugewannt ginn a soumat Gläichstellung herrscht“, sou d’CSV-Deputéiert Octavie Modert.

Konkret schléit d’CSV dofir folgend Direktmoossname vir:

  • Erweiderung vun de vun der Regierung virgeschloen Direkthëllefe vun 2.500 Euro fir Mikro-Entreprisen an Onofhängeger op Baueren, Wënzer a Gäertner;
  • Erweiderung vun de vun der CSV virgeschloenen, och an dräi Tranchen auszuelbaren Direkthëllefe vun 3.000 Euro op Baueren, Wënzer a Gäertner;
  • Erweiderung vum „Congé pour soutien familial“ och op den Agrarsecteur;
  • Schrëttweis Reprise vum Betrib a Gäertnereien a Bamschoulen a fräier Natur am Kader vun der Exitstrategie an mam strikten Anhalen vun de Sécherheetsofstänn an Hygiènesmesuren. Och de klenge Blummenhandel muss am Kader vun der Exitstrategie nees schrëttweis eropgefuer ginn, selbstverständlech mat Anhalung vun de sanitäre Sécherheetsvirkéierungen;
  • Méiglechkeet vun der Kuerzaarbecht fir Familljememberen, soufern si betraff si vun de Schléissunge vun der Regierung (Haffrestaurant, Wäistuffen,…)
  • Ariichtung vun enger Hotline och fir d’Landwirtschaft. D’Froe sinn hei spezifesch an oft besonnesch technesch, benéidegen dofir och sachlech fundéiert Äntwerten.

„Nach befanne mir eis eréischt am Ufank vun der Kris. Mee dëst dierf net den Ufank vum Enn fir eis Landwirtschaft a Wënzer sinn. Och hei drängt d’Zäit. Dofir musse mir elo hëllefen. Fir datt et muer net ze spéit ass“, esou d’Martine Hansen an d’Octavie Modert ofschléissend.

Weider Virschléi fir d’Zäit no der Kris wäert d’CSV zur passender Zäit noreechen.

Matgedeelt vun der CSV-Fraktioun

Opmaacherbild: ©  Gregory Hayes / Unsplash

Related topics CSV-Fraktioun, Exit-Covid19, finanziell Hëllef, Hotline, Landwirtschaft, Liewensmëttelsécherheet, Martine Hansen, Octavie Modert, Stabilisatiounsplang
Next post Previous post