Search

You may also like

Public Forum zum Journalismus: Ureegend Diskussioun, vill oppe Froen
Neiegkeeten Stories

Public Forum zum Journalismus: Ureegend Diskussioun, vill oppe Froen

Enges muss een dem Forum bei hirer Diskussiounsronn gëschter loossen:

Palestina gëtt vun zwou neien UN-Agencen opgeholl
Neiegkeeten Stories

Palestina gëtt vun zwou neien UN-Agencen opgeholl

Palestina, scho Member vun der UNESCO säit 2011, ass vun

dislike
Meenung: Nee, „Féck de Grand-Duc“ ass net fein. Mee eng Diskussioun iwwert d’Monarchie kéint d’Land awer verdroen
Neiegkeeten Stories

Meenung: Nee, „Féck de Grand-Duc“ ass net fein. Mee eng Diskussioun iwwert d’Monarchie kéint d’Land awer verdroen

Nei Woch, neie Shit-Storm. Des Kéier mat dobäi: Déi jonk

Lifestyle: Wat d‘Kris un d‘Dagesliicht befërdert

Ëmmer méi Deguerpissementer, ëmmer méi Obdachloser… d‘Coronaviruskris räisst der Gesellschaft de Bok vum Gesiicht

Lifestyle: Wat d‘Kris un d‘Dagesliicht befërdert

Schonn am Mäerz, déi sanitär Kris huet den Etat de Kris ausgeléist a wien eppes Verstand hat, dee wousst dat gëtt net einfach, hei sollt ee sech op Schlëmmeres virbereeden an astellen. Mee et huet een den Androck, datt de Mënsch nach ëmmer mengt, et géif duer goen d‘Aen ze verschléisse fir dem Misär lass ze sinn. Net esou beim OGBL, wou ganz zäiteg konkret Mesure gefuerdert goufen.

Mesuren déi besonnesch a fir emol en Ufank ze maachen, deene sollen zerguttst kommen, déi ganz ënnen op der Sozialleeder stinn. Den OGBL hat esou Drénglechkeetsmoossname gefuerdert wéi: d‘afréiere vum Loyer, de Stopp vun den Deguerpissementer esou wéi och den zäitlech begrenzte Verbuet de Leit Waasser, Gas, Stroum an Telefon ofzestellen. D‘Regierung war drop agaangen…

Kee Mënsch ka bis zu 31. Dezember aus senger Wunneng gehäit ginn, an och de Loyer dierf bis dohinner net gehéicht ginn. Et gëtt jo alles gemaach wat noutwenneg ass, oder? Wann den OGBL duerchaus begréisst, datt d‘Regierung am Etat de Kris an am Kontext vum Lockdown gutt, also zefriddestellend, geschafft huet, et schéngt sech d‘Situatioun an der 2. Well ze verschlechteren.

Beim OGBL stellt ee grad fest, datt obwuel d‘Zuelen sech wesentlech méi schlecht duerstelle wéi am Fréijoer, an de modifizéierte Covid19-Gesetzer näischt méi virgesinn ass, fir d‘Leit ze schützen, déi riskéieren op d‘Strooss gesat ze ginn. An d‘Zuel vun den ugeuerdenten Deguerpissementer ass däitlech en Augmentatioun. Eng Konsequenz vum Akommes- oder Aarbechtsplazverloscht.

Se schéngen et besser ze wëssen…

Als éischt, an esou wuel och am häertste betraff, sinn all déi Mënschen de sech an héich prekären Aarbechtsverhältnisser befannen: Zäitaarbecht, Hallef-Tâchen, Freelance, soi-disant Selbststänneg beschäftegter, zäitlech begrenzt Aarbechtsverträg asw. Déi hunn et an normalen Zäite schonn net einfach an elo wou de Chômage zolidd unzitt, gehéieren si zu de Aussesäiter um Aarbechtsmaart.

De Cumul vun de Krisen – Sanitär-, Logement-, a Klimakris – ass längst eng ganz reell Bedreeung, och wann sech dat nach net esou richteg bemierkbar ze maache schéngt. Et sollt engem allerdéngs ze bedenke ginn, wann Associatiounen, déi wou sech ëm Mënschen ouni Daach iwwert dem Kapp këmmeren, ufänken Alarm ze schloen, well si déi Masse wou bei se kommen net méi betreit kréien.

Bedenklech ass och, datt et elo do ee Gesetz huet, mat deem esou zimmlech all Mënsch – et sief et geet ee richteg gudde Grond – no 23 Auer a bis 6 Auer gefällegst huet mam Aarsch doheem ze bleiwen. Elo erkläert d‘Gesetz net wéi een anzwousch bleiwe soll, wouriwwer een net verfüügt an och d‘Zankerten dinn sech an der Praxis zuweile schwéier domadder, wëll et un Optioune feelt.

Wann een nach kéint gutthalen, datt d‘Strummerte wärend der Spärstonn „mussen“ an e Foyer, da wier et sécherlech sënnvoll och der Demande entspriechend Plaze bereet ze halen. Leider verhält et sech esou, datt engersäits esou schon net genuch Foyere bestinn an déi opgrond den Oplagen elo manner Leit empfänke kënne wéi dat soss, iert de Covid19 seng Ronne gedréit huet, de Fall war.

a sollte gutt berode sinn et besser ze maachen

Eigentlech misst een op dës Entwécklung net hiweise mussen, mee mam Denken huet de Mënsch et zuweile ganz schwéier. Ëmmer op den eegene Nuebel konzentréiert, dann den Dauerstress an déi psychesch Belaaschtung duerch de Coronavirus… wéi soll een do nach en A oder en Ouer fir seng net esou privilegiéiert Matbierger hunn. Se hätte jo eppes léiere kënne wéi se nach kleng waren…

Et ass dann och nach Fakt, datt den OGBL zanter Joren op dës gesellschaftlech Diskrepanzen an Ongerechtegkeeten hiweist, de Mënsch – der Konjunktur ass et gutt gaangen – awer ëmmer méi op d‘Distanz zu de Gewerkschafte gaangen ass an d‘Patronat entspriechend motivéiert huet, sech nees méi Rechter unzëeegnen an deels ganz erfollegräich ze verdeedegen. De hu kee Loyer-Problem.

Fir eng sozial Katastroph ofzewennen, ëmmerhi steet de Wanter vrun der Dier, verlaangt den OGBL vun der Regierung elo Moossnamen ze ergräifen, an net eréischt ze reagéiere wann déi éischt Leit op eise Stroossen erfruer sinn. Zudeem muss sech proaktiv a konkret fir de Kampf géint Aarmut agesat ginn, woubäi d‘Sozialisten an der Koalitiounsregierung nach net wësse fir wien se kämpfen.

Den OGBL huet jiddefalls e puer Recommandatioune: Suspensioun vun den Deguerpissementer bis mindestens Fréijoer 2021, Afréiere vun de Loyere fir 2021 inklusiv Kontrollmechanissem, keen ofstelle vu Waasser, Gas, Stroum an Telefon; mee dofir d‘Schafe vu weidere Foyeren an Opnam-Méiglechkeete fir Mënschen ouni Daach iwwert dem Kapp oder a sozialer Nout.

Illustratioun: © Matheus Ferrero / unsplash

Related topics Aarbechtslosegkeet, Aarmut, Coronavirus, Covid19, Gesellschaft, Logementskris, OGBL, Soziales
Next post Previous post