Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mir sinn Europa! Oder awer och net
https://moien.lu/libra-dating-cancer-man/ Sport

wing dating site

Der wäert zu Lëtzebuerg keng vun de Regierungsparteien a mat

https://moien.lu/who-is-uriel-dating/
https://moien.lu/libra-dating-cancer-man/ Sport

Amerika kënnegt INF-Accord mat Russland

E Freideg huet den US-Ausseminister, Mike Pompeo, annoncéiert, datt sech

D’Gewënner vum 8e Lëtzebuerger Filmpräis
https://moien.lu/libra-dating-cancer-man/ Sport

D’Gewënner vum 8e Lëtzebuerger Filmpräis

E Samschdeg, den 22. September huet déi 8. Editioun vum

Dammefussball 18. Spilldag: D‘Damme vum SC Ell zu Beetebuerg ënnerleeën

Dammefussball 18. Spilldag: D‘Damme vum SC Ell zu Beetebuerg ënnerleeën

Samschdeg 19 Auer, den Arbitter päift d‘Renconter tëscht dem SC Beetebuerg an dem SC Ell an der éischter Liga vum Dammefussball un, an ouni datt grouss gefackelt gi wier, hunn déi Beetebuerger Dammen den „Power-Play“ ageleet. E Gudde Gedanken, deen an der éischter Minutt zum 1:0 sollt féieren. Domatter war de Géigner gewarnt…

Och op dësem Spilldag hunn de Beetebuerger dräi Spillerinne gefeelt. D‘Justine Oswald an d‘Karen Marin stinn aus Verletzungsgrënn net zur Verfügung an d‘Kimberley Dos Santos, dierft och dës Saison net méi untrieden. Dat gesot, halen sech déi Beetebuerger Fussballerinne fest un der éischten Tabelleplaz fest, an dierfen sech elo selbstbewosst op den Titel virbereeden.

Gëschter also hunn se, hiert Zil kloer virun Aen, direkt d‘Spill iwwerholl, an de Géigner iwwert déi éischt zéng Minutten an d‘Schranke gewisen. Si hu gutt an d‘Spill era fonnt an mat engem direkten a proppere Passspill iwwerzeegt. D‘Kate Thill (20) huet dem Senada Ceman (31) seng Flank ugeholl an zum 1:0 era gesat. D‘Spill war nach keng 60 Sekonnen ugepaff…

Net ze bremsen…

Nom „Power-Play“ hätt een dierfen unhuelen, datt et sech um Terrain „eppes berouegt“, well de Spillfloss entspriechend nogelooss hat. Woubäi déi Beetebuerger Dominanz zu kengem Ament a Fro ze stelle war. D‘Damme vum SC Ell hunn, nodeems si sech erkritt haten an och an d‘Spill agräife konnten, „dergéint“ gehalen, dat leider net mam erwënschten Erfolleg.

De SC Beetebuerg huet déi Goalchancen, déi hinne vum Géigner gebuede goufen ausféierlech genotzt, an esou koum et an der 18. Minutt zum 2:0 duerch ee flotte lénks-Schoss (aus der Dréiung) vum Anouchka Besch (11). Dat war schonn eng Virentscheedung. An der 28. Minutt hätt den 3:0 fale kënnen, wéi d‘Anouchka Besch sech vum Céline Mangen (21) „hypnotiséiere“ gelooss huet…

Wann eis Goaler falen…

No der Paus sinn déi Eller Dammen entscheet besser opgetrueden. Si haten sech mental erkritt a stounge méi kompakt um Terrain. Si konnte mat engem flotte Spill iwwerzeegen, hunn de Géigner méi fréi gestéiert. Esou konnten si sech iwwer déi éischt Véierelsstonn gutt presentéieren an dem SC Beetebuerg d‘Stir bidden. An der 60. awer setzt d‘Kate Thill zum 3:0 eran an mécht de Sak zou.

Domatter war, esou seet et sech, d‘Bier geschielt. Beetebuerg huet et dunn och eppes „méi lues“ ugoe gelooss. Woubäi an der 75. Minutt d‘Anouchka Besch säin zweete perséinleche Goal era setzt. Dat war dann och schonn déi leschten Aktioun, an d‘Resultat geet dann och esou an d‘Rei. Den Damme vum SC Ell hir Saison ass awer net a Fro gestallt, si bleiwen op der sécherer 9. Plaz.

Dammefussball

Déi Beetebuerger wëllen net nëmmen den Titel als Champion, nee si stellen och den Usproch op d‘Coupe. Den Ament gesäit dann och ganz gutt aus fir den SC Beetebuerg© Luigi de Stephanis/moien.lu

Kommentar

Am Kontext vun dëser Renconter ass festzehalen, datt sech zwou Mannschafte géinteniwwer gestanen hunn, wou déi eng nach zolidd Ambitioune gewisen huet, déi aner d‘Saison scho mental am wäitste Sënn ofgeschloss hunn.

D‘Ufangsphas vum SC Beetebuerg huet däitlech gemaach, datt si d‘Entscheedung esou fréi wéi nëmme méiglech wollten erbäiféieren. No den éischten 18 Minutte a mat 2 Goaler Virsprong war dëst Zil – zumindest um Pabeier – schonn erreecht, a Beetebuerg huet de Match nach just misse geréieren. D‘Damme vum SC Ell hunn awer och eng flott Leeschtung gewisen.

Stëmmen zu Spill:

D‘Mara Boly (4) vum SC Ell bestätegt datt säin Team an der Ugangsphas vum Match vum Géigner „iwwerrannt“ ginn ass, an et en Ament gebraucht huet fir sech ze zortéieren. D‘Paus war genotzt gi fir sech ze motivéieren, an déi éischt Véierelsstonn an der zweeter Hallschent war et gelongen déi Beetebuerger ze kontrolléieren, woubäi eis Mannschaft keng Goalchance erausgespillt huet. De 4:0 ass dann och verdéngt, woubäi mir eis unhand eiser Leeschtung net schumme mussen.

D‘Tammy (29) vum SC Beetebuerg, mengt dat et net hiert „bescht Spill vun der Saison“ war. Eist Zill fréi eng Entscheedung erbäizeféieren an de Match ze gewannen hu mir wuel erreecht, mee et ass net emol esou einfach géint d‘Equipp vum SC Ell opzetrieden. Eis Konzentratioun gëllt elo dem Coupe-Match géint den RFCUL (1. Mee – 18 Auer – um Terrain Camille Polfer). Iwwer vill Gäscht géife mir eis freeën.

Opstellung vun den Equippen:

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 88 Amenis Correia, 18 Marie-Amelie Albrand, 9 Sadine Correia, 29 Tamara „Tammy“ Aniset, 21 Maurine Testard, 8 Lea Pizzimienti, 31 Senada Ceman, 20 Kate Thill, 14 Lucia Ruiz, 11 Anouchka Bësch. Reserven: 6 Sarah Witry, 16 Kim Nilles, 4 Marta Pires Da Silva. Trainer: Daniel Nunes Ferreira.

SC Ell: 21 Céline Mangen, 4 Mara Boly, 6 Annick Henkel, 14 Myriam Jacobs, 5 Lucie Malvaux, 20 Lisa Kneip, 17 Lydia Da Silva, 12 Joyce Zinelli, 9 Andreia Faria Dos Santos, 8 Vania Marisa Nogueira, 13 Jill De Bruyn. Reserven: 10 Hanna Thill, 11 Lorry Silva, 2 Carlyn Vosman. Trainer: Paul Wilwerding.

Foto: © Luigi de Stephanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten Dammefussball, SC Beetebuerg, SC Ell
Nächsten Artikel Virrechten Artikel