Search

You may also like

D‘Chamber ëm Diskretioun gebueden
Neiegkeeten

D‘Chamber ëm Diskretioun gebueden

Wann de 24 Juni den „Noutstand“ säin offiziellt Enn erreecht

Meenung: “Wischi-Waschi” Taktik ouni politesch Verantwortung
Neiegkeeten

Meenung: “Wischi-Waschi” Taktik ouni politesch Verantwortung

An deene leschte 7 Wochen hu mir Europadeputéierten déi 27

Vill mam Bus ënnerwee? Dann ass dee Quiz hei eppes fir dech!
Neiegkeeten

Vill mam Bus ënnerwee? Dann ass dee Quiz hei eppes fir dech!

[onionbuzz quiz-id=199][/onionbuzz] Et ginn net grad wéineg Buslinnen am Land.

Ligue Médico-Sociale: Telefonsdéngscht „Info-Maman“ 22 00 99 88

Ligue Médico-Sociale: Telefonsdéngscht „Info-Maman“ 22 00 99 88

D‘Ligue Médico-Sociale huet e Freideg säin Informatiouns-Service fir jonk Mammen erëffent. „Info-Maman“ ass eng Kontaktstell fir déi jonk Mammen – an natierlech och déi jonk Pappen – déi sech Froen zum Wuelbefannen an der Entwécklung vun hirem Bëbee oder jonke Kand stellen.

Dëse Service, wéi all d‘Servicer vun der Ligue ass gratis a vertraulech fir déi wou eng séier Informatioun sichen. Déi Professionell vun der klenger Kandheet vun der Ligue, stinn de jonken Elteren iwwert den Telefon 20 00 99 88, vu méindes bis freides vun 9 bis 12 Auer a vun 13 bis 17 Auer zur Säit. Si gi Rotschléi zu allem wat d‘Kand betrëfft a kënnen d‘Elteren zu weidere Servicer orientéieren, falls dat noutwenneg ass.

An den nächsten Deeg, wäert d‘Ligue och seng gewéinlech Berodungsdéngschter fir Bëbeeën a jonk Kanner, esou wéi och seng Seancen „Info-Santé“ iwwer Zougäng aus der Distanz et interaktiv Telekonferenze weider ausbauen.

MédicoD‘Consultatioune fir Bëbeeën a jonk Kanner hunn zum Zil, d‘Promotioun an de Suivi fir d‘Gesondheet vun de Kanner vun 0 bis 4 Joer ze preservéieren . Si fonctionnéieren op Rendez-vous via Telekonferenz oder op der Plaz, am Kader vum Méiglechen. D‘Demande fir ee Rendez-vous kënne per Email un spse@ligue.lu adresséiert ginn.

D‘Seancen „Info-Santé“ sinn ee Moyen sech auszetauschen an am Grupp iwwer ausgewielten Themen ze diskutéieren. Zu dësen Theme gehéiere Sujete wéi: d‘Nieren, d‘Ernierung vum Kand, d‘Ernierung vun der schwangerer Fra, d‘Preventioun vun haislechen Accidenter, d‘Entwécklung vun de fënnef Sënner a villes méi.

Dës Seance ginn organiséiert an animéiert vu professionelle Mataarbechter aus dem Gesondheetssecteur, Infirmieren déi sech op déi kleng Kandheet spezialiséiert hunn, mee och Dieteticiennen. De Kalenner „Info-Santé“ ass disponibel um Site vun der Ligue ënnert dem Lien https://ligue.lu/sante-de-lenfant-0-4-ans. Déi Persounen déi hei wëlle matmaachen, si gebieden sech per Email un spse@ligue.lu anzeschreiwen. Si kréien dann ee Lien zougeschéckt fir sech der Seance unzeschléissen.

Méi Detailer fannt dir wéi gewinnt um Site www.ligue.lu

Matgedeelt vun der Ligue, fräi aus franséischen iwwersat vum Laure Schlesser.

Illustratioun: © Khoa Pham / unsplash

Related topics Bëbeeën, Berodung, Info Maman, Ligue Medico-Sociale, Mammen, Pappen
Next post Previous post