Syrien: Moskau uerdert eng Waffepaus an der Ghuta un
Russland, de Partner vum syresche Regimm, huet um Méindeg eng
Russland, de Partner vum syresche Regimm, huet um Méindeg eng
Lëtzebuerg wëll sech am Digitale behaapten, dem Land eng Virreiderroll
Den OGBL, als eenzeg Gewerkschaft déi an der Personalvertriedung representéiert ass, an d‘Direktioun vum „Luxembourg Institute of Health“ (LIH) hunn leschten Donneschdeg d‘Erneierung vum Kollektivvertrag fir d‘Salariéeën ënnerschriwwen.
Heibäi handelt et sech ëm en Accord, deen der Kader-Konventioun déi fir ëffentlech Fuerschungszenter gëllt, ënnerstallt ass. Den Accord gëllt dann awer fir dat ganzt Personal vum LIH, also och fir d‘Salariée vun der IBBL (Integrated Biobank of Luxembourg).
Den OGBL deelt dann och mat, datt et sech hei ëm eng éischt Erneierung vum Kollektivvertrag handelt. Den initiale Kollektivvertrag war Enn Dezember 2016 ënnerschriwwe ginn. Bei de Verhandlunge konnte géintiwwer dem Text aus 2016, verschidde Verbesserungen erreecht ginn:
All déi bestoend Acquise vum Kollektivvertrag bleiwe vun den Erneierungen onberéiert. De Kollektivvertrag ass gülteg fir 1 Joer, also vum 1. Januar bis zum 31. Dezember 2018.
matgedeelt vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL