LIH: Den OGBL kritt eng Rei Fuerderunge fir d‘Personal duerchgesat
Den OGBL, als eenzeg Gewerkschaft déi an der Personalvertriedung representéiert ass, an d‘Direktioun vum „Luxembourg Institute of Health“ (LIH) hunn leschten Donneschdeg d‘Erneierung vum Kollektivvertrag fir d‘Salariéeën ënnerschriwwen.
Heibäi handelt et sech ëm en Accord, deen der Kader-Konventioun déi fir ëffentlech Fuerschungszenter gëllt, ënnerstallt ass. Den Accord gëllt dann awer fir dat ganzt Personal vum LIH, also och fir d‘Salariée vun der IBBL (Integrated Biobank of Luxembourg).
Den OGBL deelt dann och mat, datt et sech hei ëm eng éischt Erneierung vum Kollektivvertrag handelt. Den initiale Kollektivvertrag war Enn Dezember 2016 ënnerschriwwe ginn. Bei de Verhandlunge konnte géintiwwer dem Text aus 2016, verschidde Verbesserungen erreecht ginn:
- eng Gehaltserhéijung vun 150 Euro/Mount fir den Ufank an d‘Enn vun der Carrière. Dëst fir all d‘Niveauen an d‘Paliere vun der Expertise, réckwierkend op den 1. Januar 2018 (mat Ausnam vun den Doktoranden an „postdoctoral fellows“ déi vun Drëttorganisme finanzéiert ginn);
- eng Erhéijung vun de Congésdeeg vun 28 op 32, mat der Integratioun vun de Feierdeeg, déi üblech sinn (wat bis 1,5 pro Joer kann ausmaachen);
- d‘Méiglechkeet, d‘Congésdeeg mat an dat „neit“ Joer ze huelen. (8 Deeg bis zum 30. Abrëll, oder dem 31. Dezember, wann et e Partikularofkommes tëscht dem Salarié an dem Patron gëtt, an engem Retour no engem Maternité- oder Elterecongé);
- d‘Klärung vun de Prozedure fir de Mechanismus fir d‘Validatioun vun de Propose fir d‘Evaluatioun;
- d‘Klärung vum Text am Bezuch op d‘Astreinten an d‘Heemaarbecht;
- d‘Adaptatioun vum Text zur Methodologie vun der Klassifikatioun vun der Funktioun an de Fuerschungsberuffer;
- d‘Aféiere vun der Deelzäitaarbecht wéinst perséinleche Motiver an engem festgeluechten Zäitraum, mat Retour a Vollzäitbeschäftegung no dëser Period;
- Mesuren zu Gonschte vun eelere Salariéeën, déi agefouert ginn an Zesummenaarbecht mat der Personaldelegatioun.
All déi bestoend Acquise vum Kollektivvertrag bleiwe vun den Erneierungen onberéiert. De Kollektivvertrag ass gülteg fir 1 Joer, also vum 1. Januar bis zum 31. Dezember 2018.
matgedeelt vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft vum OGBL