Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Erstaunlech Erkenntnis an Australien
Meenung

Erstaunlech Erkenntnis an Australien

Et gëtt Saachen déi eiseree fir dat normaalst vun der

EU-Sommet: Theresa May verlaangt vun der EU Argumenter, déi se zu London verdeedege kann
Meenung

EU-Sommet: Theresa May verlaangt vun der EU Argumenter, déi se zu London verdeedege kann

Den EU-Sommet zu Bréissel steet alt nees bal exklusiv am

Um Escher Chrëschtmaart herrscht eng gutt Stëmmung
Meenung

Um Escher Chrëschtmaart herrscht eng gutt Stëmmung

Et ass ee vun, wann net esouguer deen éischte Chrëschtmaart,

Marilyn Manson, R Kelly, Jared Leto – Wann däin Liiblinsgsartist problematesch ass!

En Aarschlach virum Rideau, en Aarschlach hannert dem Rideau

Marilyn Manson, R Kelly, Jared Leto – Wann däin Liiblinsgsartist problematesch ass!

Don’t break
Don’t break my heart
And I won’t break your heart-shaped glasses
Little girl, little girl“

Marylin Mason

Heart-Shaped Glass

De Marilyn Manson a seng Musek waren fir mech e wichtegen Deel vu mengen Teenager-Joren. Haut hunn ech en Artikel vu Glamour gelies, dass hien, esou wéi de Johnny Depp an anerer, seng Partner mëssbraucht huet. Mee ech hunn dat mat 16 Joer net an sengen Lyrics gesinn an och net mat 26. Et war villäicht just en „Image“ an den 90er, mee Artiste an Alter Ego sinn haut ontrennbar. Obwuel hien selwer an Interviewen iwwert Fantasien vun Gewalt vis a vis vun sengen Partner geschwat huet. An hien ass net deen eenzegen.

A sengem Lidd ‘Kim’ fantaséiert den Eminem vum Mort vun senger Fra Kim.

Dass den R Kelly un jonken Meedercher interesséiert ass, ass scho bekannt. Hien huet d’Aaliyah bestuet wou hat just 15 Joer hat an hien nennt sech selwer stolz den ‘Rattenfänger von Hameln’ vum RNB.

Et huet keen dës ‘Geschichten’ eescht geholl!

Mee virun 10 Joer, wou den Marilyn Manson an d’Evan Rachel Wood zesummen waren, goufen et keng Konsequenzen, wann Artisten ëffentlech Gewalt verherrlecht hunn. Souguer wann se ëffentlech des Aktiounen diskutéiert hunn! Virun allem séit dem #metoo Mouvement, gëtt dat méi eescht geholl. D’Visibilitéit vun dëser Epidemie vu Gewalt a Mëssbrauch vu Fraen dréit dozou bäi dass een d’Wierk vu villen Artisten a Fro stellt. Dem Roman Polanski seng Filmer ginn trotzdeem nach ëmmer gekuckt!

Ass all Konscht, vum Artiste definéiert?

Kann een den Artist vun senger Kreatioun separéieren? Dem Artist seng Intentiounen representéieren net d’Entitéit vun senger Konscht. Mee wann een de finanziellen, politeschen an kulturellen Aspekt esou wei d’Machtstruktur consideréiert, dann ass et onméiglech, eng kloer Linn tëscht Kënschtler a Wierk ze zéien. Just, well s de Saachen kreéiers, déi Leit gären hunn, mécht dat dech en gudden Mënsch.

Et muss een selwer wëssen, weien Artiste een well ënnerstëtzen!

Wei een sou schéin ob Englesch seet: „Your fave is problematic“. Mee jidderee muss fir sech selwer entscheeden, wéi ee Artist ee wëll ënnerstëtzten! Ech ginn zum Beispill kee Film méi mam Johnny Depp kucken. Ech well Hollywood net ënnerstëtzen, esou laang gewalttäteg Männer do gefërdert ginn. Ech weess nach net wéi meng Léift fir dem Manson seng Musek elo affektéiert ass, mee ech mengen, déi Bewonnerung ass elo futsch. Fir verschiddener ass d’Wierk vun esou Artisten nach ze genéissen an et kann een driwwer ewech kucken. Eng simpel Affär ass et net! Et mécht awer keen Ënnerscheed, finanziell, kulturell oder politesch, ob ech meng DVD vum „Pirates of the Carribbean“ zum 20ten Mol kucken, oder net.

Ähnlech Sujeten #metoo, Hollywood, Sexismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel