Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CHAiLD & MAZ de 14. Mäerz 2020 an der Kulturfabrik
Neiegkeeten

CHAiLD & MAZ de 14. Mäerz 2020 an der Kulturfabrik

Nodeems den eenzegaartegen Duo CHAiLD & MAZ mat der Single

Oppene Bréif: Stellt iech ee Moment vir…
Neiegkeeten

Oppene Bréif: Stellt iech ee Moment vir…

Zum internationale Solidaritéitsdag mam Vollek vu Palestina, den 29. November,

money
Déi europäesch Zentralbank stellt sech op en Handelskrich an
Neiegkeeten

Déi europäesch Zentralbank stellt sech op en Handelskrich an

Während op alle Mäert d‘Suerge vun engem vum Trump provozéierten

Liicht Hausse beim Chômage

Liicht Hausse beim Chômage

Der Konjunktur geet et weiderhi ganz gutt, och wann de Chômagetaux vun 5,4% op 5,5% ugewuess ass. Woubäi zum 31. Januar 16.476 Leit gemellt waren, dat sinn 56 Eenheete manner wéi nach zum 31. Dezember. Esou zumindest déi offiziell vun der ADEM virgeluechten Zuelen.

Op ee Joer bezunn, sinn datt awer 1.319 Leit méi wéi am selwechten Zäitraum 2019 (+8,7%). De STATEC huet déi saisonal Variatiounen erausgerechent firwat et berengegt a géintiwwer dem Dezember nëmmen eng 0,1% Hausse ze notéieren ass. Esouwäit ass dann och alles gutt. Am Kontext vun de net-Residente sinn et 2.467 Leit déi op der ADEM ageschriwwe sinn (-8,9%).

Zuel vun de Beneficiairen déi an enger „Aarbechtsmoossnam“ sinn läit aktuell bei 4.210 Leit (-0,7%). Am Januar huet d‘Aarbechtsamt 2.883 Residenten Dossieren (-10,7%) an 653 net-Residenten Dossieren (-13,3%) opgemaach. D‘Zuel vun de Fraen déi Schaff siche läit bei 8.305 Eenheeten (+12,7%), bei de Männer sinn et der 8.171 (+5%). Ëmmer géintiwwer Januar 2019.

D‘Altersklass 45+ stellt mat 6.930 (+3%) déi gréisste Fraktioun, gefollegt vun den 30 bis 44järege mat 6.222 (+14%) an den ënner 30järege mat 3.324 Demandeuren (+11,8%). D‘Zuel vun den am Land Beschäftegte läit bei 471.312 (+3,4%). Ventiléiert een dës Zuelen, da sinn 274.419 Awunner beschäftegt (+2,4%). Domadder steet sech Lëtzebuerg am internationale Verglach gutt do.

Foto: © Berkeley Communications / unsplash

Ähnlech Sujeten ADEM, Chômage, Konjunktur, Statec
Nächsten Artikel Virrechten Artikel