Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Besser Ernierung dank Nutriscore? (Kommentéiert Analys)
International Neiegkeeten

Besser Ernierung dank Nutriscore? (Kommentéiert Analys)

Dat héieren se an de Belsch net gären (vun do

Wéi d’Elteren hire verstuerwene Bouf op eng lescht Rees schécken
International Neiegkeeten

Wéi d’Elteren hire verstuerwene Bouf op eng lescht Rees schécken

Fir déi eng kënnt d’Enn vum Liewe leider méi schnell,

D’Tierkei an d’EU hunn sech auserneegelieft
International Neiegkeeten

D’Tierkei an d’EU hunn sech auserneegelieft

Tëscht Ankara a Bréissel herrscht grousst Mësstrauen. De Protokoll vun

Israel: Gënnt sech Likud eng nei Spëtzt?

Israel: Gënnt sech Likud eng nei Spëtzt?

An Israel mussen sech d‘Membere vun der pseudo-liberaler Likud tëscht dem Jorelaange „Chef“ Benjamin „Bibi“ Netanyahu a sengem Erausfuerderer Gideon Saar entscheeden. Bis dohinner war eigentlech kloer: „et kann nëmmen ee ginn!“, mee dem „Bibi“ seng Zäit schéngt elo ofgelaf ze sinn.

De Mann deen de Benjamin Netanyahu Ofléise wëll ass 53 Joer jonk a Jurist. Hien ass e gellegt Produkt vun der rietskonservativer Likud a seng politesch Positioune sinn esouwäit riets, do kann och ee wéi de Jair Bolsonaro nëmme staunen. An den Netanyahu war scho ganz, ganz wäit um rietse Bord. Béid „Kandidate“ fir de Parteivirsëtz sinn dann och net frëndschaftlech verbonnen.

LikudAn esou stoung an engem Viruert vun Tel Aviv och net de Benjamin Netanyahu op der Bühn tëscht de bloe Fändelen, mee de Gideon Saar an deen hat en däitleche Message un de Public geriicht:

Mir mussen un d‘Wuel vun der Likud-Partei an dat vum Land denken. (…) A mir mussen eng Wourecht ausschwätzen: de Premier Netanyahu huet zwar eise Respekt, mee hien ass wéi blockéiert. Hien huet eis véiermol un d‘Muecht bruecht, mee eng fënneft Kéier wäert et net ginn“.

LikudEt dierft also Spannend ginn, wann déi iwwer 100.000 Parteimemberen sech tëscht béide Kandidate wäerten entscheeden. Den Netanyahu ass fir d‘Likud, war de Juncker fir CSV war: kee war esoulaang Premierminister, keen esoulaang Virsëtzende vun der Partei. An datt deen elo mat engem Konkurrent muss untrieden, gëtt an Israel als Zeeche gesinn, datt seng Carrière op en Enn geet.

Wéi et esouwäit komme konnt…

Elo ass et awer net esou, datt de Gideon Saar iwwer méi Charisma oder reell politesch Léisunge verfüügt. Et ass villméi esou, datt nodeems et dem Benjamin „Bibi“ Netanyahu net gelongen ass – an dat direkt zweemol hannerenaner – eng Regierung ze bilden, kee Mënsch dovunner ausgeet, datt et him beim drëtte Versuch kéint geléngen. Dat awer läit net un der Likud, mee u senger Persoun.

LikudMéiglech Koalitiounspartner, wéi dem Avigdor Lieberman seng „Israel Beitenu“ oder dem Benny Ganz seng „Kahol Lavan“ schléissen eng Zesummenaarbecht mat Benjamin Netanyahu aus. Datt de Likud-Chef och nach zanter November ganz Offiziell wéinst Korruptioun ugeklot ass, wäert dat ganzt net méi einfach maachen. Den ieweschte Geriichtshaff entscheet déi nächst Woch, op ee Premier ënner Uklo iwwerhaapt eng Regierung bilden dierf.

Den Interesséierte weist natierlech all d‘Virwërf zréck a klamert sech u seng Unhänger: „Mir kënne Grousses leeschten, mee dofir brauch ech iech. An dofir soen ech: Gitt wielen a mat der Hëllef vu Gott wäerte mir eis eng grouss Victoire bei de Virwahlen huelen, déi eis nees eng grouss Victoire bei de Parlamentswahlen abrénge wäert“. Mee ass dësen offensichtlechen Optimismus ziilféierend?

Eng „grouss Victoire“ ass laut den aktuelle Sondagen éischter ausgeschloss. Fir eng Koalitioun mat de Blo-Wäisse (sozialliberal) vum Benny Ganz oder den Nationaliste vum Avigdor Lieberman ze erméiglechen, missten sech d‘Parteimembere vun der Likud fir de Gideon Saar entscheeden, an esou stellt sech d‘Fro: „Gett haut emotional oder politesch pragmatesch de Likud-Chef gewielt?“.

Likud

Den israelesche Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu huet e Wahlkampfoptrëtt missen ofbriechen, nodeems aus Gaza Rakéiten op Ashqelon (Süd-Israel) ofgeschoss goufen. D‘Rakéit ass vum „Iron-Dome“ ofgefaange ginn an d‘Arméi huet wéi gewinnt en Géigenugrëff ageleet.

D‘Häerz vu ville Likud-Membere schléit nach ëmmer fir de Benjamin „Bibi“ Netanyahu. Mee aus enger reng rationaler Siicht, missten si sech zu gudder Lescht awer fir de Gideon Saar entscheeden. Hien ass deen eenzegen, dee realistesch Chancen huet, eng Regierungskoalitioun mat enger vun de genannte Partien hinzekréien. An dat éischt Zil vu Likud ass et jo, sech un der Muecht ze halen.

mat indymedia/tlv

Foto: Et kann nëmmen een de Chef sinn. Soll Likud weider regéieren, da misst sech fir de Gideon Saar (l) entscheet ginn. Mam Benjamin Netanyahu (r), wëll erwisenermoosse kee vun de méigleche Koalitiounspartner zesummeschaffen.

Ähnlech Sujeten Avigdor Lieberman, Benjamin Netanyahu, Benny Gantz, Gideon Saar, Israel, Likud, Wahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel