Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Vëlo gëtt ëmmer méi beléift… bei den Déif!
Neiegkeeten

De Vëlo gëtt ëmmer méi beléift… bei den Déif!

De Vizepremierminister Etienne Schneider (LSAP) huet um Freideg der Deputéierter

dislike
Nazi-Verherrlechung, Schosswaffen an e Rakéitewerfer: Police gräift géint Hells Angels duerch
Neiegkeeten

Nazi-Verherrlechung, Schosswaffen an e Rakéitewerfer: Police gräift géint Hells Angels duerch

Déi belsch Polizisten hunn um Mëttwoch e gréissere Schlag géint

Wéi gutt kenns du d’Äisch?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Äisch?

D’Äisch ass ee vun eise wichtegste Waasserleef. Mee wéi gutt

D’Linda Gaasch als nei gréng Conseillère

D’Linda Gaasch als nei gréng Conseillère

No der Nominéierung vum Sam Tanson an der Regierung ass et elo um Linda Gaasch, fir déi gréng an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg no ze réckeclen.

D’Linda Gaasch ass 30 Joer jonk, wunnt zu Gaasperech an huet als éischt Ugewannte Friemsproochen, dunn Ëmweltwëssenschafte studéiert. Hatt schafft als ëmweltpolitesch Beroderin vun der EU-Deputéiert Tilly Metz.

Fir de Gemengerot steet d’Catia Fernandes, duerch d’Plënneren an eng aner Gemeng, net méi fir des Tâche zur Verfügung. D’Linda Gaasch ass hei dat Nächstgewielten. De François Benoy iwwerhëlt de Fraktiounssëtz vun déi gréng um Knuedler.

D’Stad Lëtzebuerg seet dem Sam Tanson Merci fir hire groussen Asaz, säit 2011, als Gemengeconseillère. Vun 2013 bis 2017 war si als Schäffin fir Mobilitéit a Finanzen aktiv. Dobäi huet si ee wesentlechen Deel zur Realiséierung vum Tram an zur Fërderung vum Vëlosverkéier bäigedroen.

An dësem Sënn wënscht d’Stad Lëtzebuerg dem Sam alles Guddes bei hiren neien Erausfuerderungen als Wunnengsbau- a Kulturministerin.

Foto: © déi gréng

Ähnlech Sujeten Comité Alstad, déi gréng, Gemengeconseillère, Linda Gaasch, Sam Tanson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel