Search

You may also like

Mord am Amazonas
Kultur Neiegkeeten

Mord am Amazonas

De Paulo Paulino Guajajara, bekannt als Kwahu Tenetehar, ee Member

money
Wéi kéint eis Bezéiung mat Groussbritannien nom Brexit ausgesinn?
Kultur Neiegkeeten

Wéi kéint eis Bezéiung mat Groussbritannien nom Brexit ausgesinn?

Fir wien wëll unhuelen, datt d‘Modalitéite vun der Scheedung tëscht

Oppene Bréif: Ech sinn d’Meedchen am Fall Kiesch
Kultur Neiegkeeten

Oppene Bréif: Ech sinn d’Meedchen am Fall Kiesch

All Geschicht huet méi ewéi eng Säit, an am Fall

Lindsey Stirling – Vun talentéierte Geiekläng an enger dreemerescher Show

Wiere mir dach nëmmen dobäi gewiescht...

Lindsey Stirling – Vun talentéierte Geiekläng an enger dreemerescher Show

Vergaangene Freideg ass déi amerikanesch Violistin an Dänzerin Lindsey Stirling an der Escher Rockhal opgetrueden. Et soll wuel eng fantastesch Show gewiescht sinn, an der d’Musekerin hir Fans an eng Welt vun den Dreem an dem Fantasteschen gezunn huet. Hätte mir eng Akkreditéierung kritt, esou hätte mir Iech een Androck vun dëser magescher Atmosphär ginn. Elo kënne mir allerdéngs nëmme vun Erzielungen ausgoen.

Schonn als Kand huet d’Lindsey Stirling dovu gedreemt, grouss erauszekommen – hei menge mir natierlech de musikaleschen Erfolleg, net d’Kierpergréisst. Déi jinsseg Amerikanerin konnt nämlech duerch d’Kombinatioun aus engem erfollegräiche Youtube-Kanal an der Participatioun un diverse grousse Concoursen säin Duerchbroch feieren a mat senger Gei op de Bühne vun der Welt optrieden.

Dobäi ass et d’Mëschung aus sengem musikalesche Fangerspëtzegefill um hëlzene Säiteninstrument, déi akrobatesch Choreographien a seng Léift zum Imaginären, déi d’Concerte fir d’Fans besonnesch attraktiv maachen. Och an der Rockhal soll d’Violinistin, zesumme mat sengen Dänzerinnen iwwert d’Bühn gesprongen a gedanzt sinn, wärend gezilt mam Bou iwwert d’Säite gestrach ginn ass.

De Programm ass vu bekannten an eelere Lidder bis hin zu neiem Material gaangen, sou krute mir et emol gezielt. Fir ee besonneschen Héngerhautmoment huet schliisslech dat neit Wierk zesumme mam Amy Lee „Love Goes On And On“ gesuergt. Fir déi 33 Joer jonk Musekerin war d’Frontfra vun der Band Evanescence nämlech ëmmer een immenst Virbild gewiescht. Mëttlerweil gehéiert d’Sängerin zum Frëndeskrees vum Lindsey Stirling, wouduerch schliisslech och ee Lidd entstanen ass. Wärend d’Violinistin an enger fräischwiewender Bull musizéiert huet, ass am Hannergrond d’Amy Lee projezéiert ginn.

Dës weidere soll sech de Concert vill ëm d’Thema Depressioun an de Wee aus den donkelen Zäite gehandelt hunn. Och d’Lindsey Stirling hätt un der wäit verbreeter psychescher Krankheet an un Anorexie gelidden. Säi Beispill soll ermuddegen, datt een et och aus schwéieren Zäiten eraus packe kann a seng Dreem ni soll opginn. Esou vill, wéi d’Musekerin driwwer geschwat huet, kéint een allerdéngs mengen, datt d’Lindsey selwer nach net ganz aus dësem donkele Lach eraus ass.

Sou wéi mir matgedeelt kruten, soll et awer ee super Optrëtt gewiescht sinn, dee jiddwereen emol live materliewe sollt. Een ausgefalent Bühnebild, moleresch Liichtspillereien an d’Interaktioun mam Publikum hunn de Concert zu engem Highlight vum Joer gemaach.

Opmaacherfoto: Vläicht huet et jo esou ausgesinn. Mir wëssen et net…

Related topics Amy lee, Concert, Depressioun, Esch-Uelzecht, Evanescence, Lindsey Stirling, Musék, Rockhal, Show, Violinistin
Next post Previous post