D’Linn 26 fiert nees ab dem 7. Januar 2019!
D’Stad Lëtzebuerg informéiert de Publique doriwwer, datt ab dem 7. Januar 2019 d’Linn 26 erëm wéi gewinnt fuere wäert. Esou gëtt d’Linn 29 tëschent der Stater Gare, dem Houwald (Howald Ronnebësch) an der Cloche d’Or entlaascht.
D’Buslinn zirkuléiert um Mueren an u Stousszäiten all 30 Minutten tëschent den Arreten Howald, Peternelchen a Kockelscheuer Patinoire Quai 2 (och emgekéiert), an dat vu Méindes bis Freides. De Fuerplang ass heibäi un d’Zäite vun der Zuchlinn 90 ugepasst ginn, den Richtung Thionville fiert.
Weider Informatiounen an d’Zäite fannt dir ënnert newbus.vdl.lu.
Aktuelle Fuerplang vun der Linn 26: