Search

You may also like

GARDEN SOUNDS mam Remo Cavallini Trio um 29. August
Neiegkeeten Stories

GARDEN SOUNDS mam Remo Cavallini Trio um 29. August

Vun Enn August bis Enn September 2020 gëtt mat GARDEN

Hurrikan Florence: Éischt Affer an dausende Mënschen ouni Stroum
Neiegkeeten Stories

Hurrikan Florence: Éischt Affer an dausende Mënschen ouni Stroum

Den ugekënnegten Hurrikan „Florence“, dee mëttlerweil zum „Tropestuerm“ erofgestuuft ginn

Editorial: Anti-Rassismus oder schonn Absurditéit?
Neiegkeeten Stories

Editorial: Anti-Rassismus oder schonn Absurditéit?

Duerch d’Anti-Rassismus-Debatten ass grad a leschter Zäit eng richteg Juegd

Liquidatioun bei Saint Paul/Mediahuis

Chrëschtlech Gewerkschaft erwaart vun de Flammänner datt de Sozialplang och ee „soziale Plang“ ass

Liquidatioun bei Saint Paul/Mediahuis

Nodeems am Abrëll de Multimedia-Grupp Mediahuis NV als majoritären Aktionär dem Bistum, also villméi der Lafayette S.A., d‘Zeitung Lëtzebuerger Wort an alles wat derzou gehéiert ofkaf huet, war Rieds gaangen datt eng Rei Aarbechtsplaze kéinte verluer goen. Et gouf ee sengerzäit drop higewisen, datt keen d‘Absicht hätt Saint Paul nei opzestellen…

Datt awer eng Iwwernam bal zwangsleefeg och zur Restrukturatioun féiert, dat sollt engem nees ganz séier an Erënnerung geruff ginn. Chrëschtlech Nächsteléift a Verantwortung hunn dann och näischt mat wirtschaftlechen Imperativen ze dinn, hei geet et eenzeg an eleng ëm de Goss an deen erhoffte Profit, deen sech vun esou enger Iwwernam erhofft gëtt. Mediahuis bedreift kee Mäzenat.

An déi éischt déi dann hunn dierfen Notiz vun der „Verännerung“ huelen, waren d‘Botzfrae vun der Imprimerie Saint Paul. Si si géint „nach“ méi bëllegt Botzpersonal ausgetosch ginn. Net datt et vill Beruffer géif gi wou een nach méi schlecht bezuelt gëtt oder d‘Aarbechtskonditioune schlëmmer sinn, mee et gëtt sech zolidd ugestrengt, datt och jiddereen op senger Plaz ze bleiwen huet. Amen.

Beim vum OGBL organiséierte Protestpiquet géint de schänterlechen Ëmgang mat Mënschen déi Jorelaang hir Aarbecht anstänneg erleedegt hunn, hat et den LCGB virgezunn, léiwer op Distanz ze bleiwen, schliisslech huet een esou seng Affinitéiten. Et wier allerdéngs judiciéis gewiescht sech do unzeschléissen, well esou kann ee schlecht vun den Escher Komerode Géigeleeschtung erwaarden.

Wann ee sech selwer eppes virgemaach huet

Tjo an elo? Elo hunn déi Hären aus der Chefetage dach tatsächlech de 17. September ëmgesat, wat moien.lu Mëtt Abrëll ugekënnegt hat: de Sozialplang! 80 vun de ronn 330 Mataarbechter dierfen sech op eng Weiderwendung a Krisenzäite freeën an endlech all deene Saachen nogoen, déi laang leie bliwwe sinn. Woubäi de LCGB elo net gewëllt ass déi Leit dem neie Besëtzer auszeliwweren.

No zwou Verhandlungsronne gëtt dann emol ee Sozialplang gefuerdert deen dësen Numm och verdéngt a gläichzäiteg garantéiere soll, datt kee Salarié am Uschloss am Chômage lant. De LCGB verweist op de Kollektivvertrag, deen nach bis den 31. Dezember 2021 gülteg sollt sinn, an wou eng „Beschäftegungsgarantie“ enthalen ass. Déi soll an eng Existenzgarantie verwandelt ginn.

Och gëtt gefuerdert, datt déi gesetzlech Kënnegungsfrist soll verduebelt ginn (mindestens awer 6 Méint) fir de Leit eng Chance ze ginn sech nei orientéieren ze kënnen. Vir eeler Mataarbechter (ab 55 Joer) soll d‘Kënnegungsfrist esou verlängert ginn, datt déi betraffen uschléissend an d‘Pensioun goe kënnen. Zudeem bréicht et en echte Weiderbildung- an Neiorientéierungsplang.

Dat konnt jo kee wëssen

Als gutt Chrëschten haten d‘Gewerkschaftler vum LCGB de neie Patrone gegleeft, datt alles beim ale géif bleiwen an elo brauch et eng Drénglechkeetssëtzung mam Aarbechtsminister Dan Kersch fir d‘Kuelen aus dem Feier ze huelen. Dobäi hätt an der LCGB-Zentral och dee guttgleewegste Syndikalist misse wëssen, datt et zu enger Auslagerung vun enger Rei Departementer géif kommen.

Elo ass de Verloscht vun 80 Aarbechtsplazen – wann déi Betraffen dann entweder eng nei Schaff fannen oder an d‘Pensioun dierfen – zwar eng batter Saach, mee beim LCGB, wou een ëmmer een Zuch Virsprong op d‘Patronat huet, weess een och, datt de ganze Mëssel net der Mediahuis eleng geschëlt ass. Déi gesamt (Print)medien befannen sech schliisslech an enger struktureller Kris.

A jo et ass richteg, datt se och beim Wort – dat eegenen Aussoen no nach ëmmer 361.000 Lieser huet – domadder ze kämpfen hunn, datt hir Annonceure léiwer hiert Geld a YouTube oder soss sozial Netzwierker pompelen, wéi an en almoudesche Medium. Si selwer maachen et de Clienten dann och vir, besonnesch am Kontext vun hiren „neien“ an „innovative“ Produkter.

Eigentlech wier eng Entschëllegung ubruecht

Mee et sinn net nëmmen d‘Annonceuren déi Saint Paul abhande kommen. Och d‘Abonnente sinn net méi gewëllt – an Zäite wou den Internet bal alles wat wichteg ass gratis zur Verfügung stellt – sech hir Iwwerzeegung bestätegen ze loossen, wann et eppes kascht. Interessant och nach de Fait, datt den LCGB der Usiicht ass, datt d‘Covid19-Pandemie en Deel Schold un der aktueller Lag huet.

Firwat sech de LCGB sengerzäit net agesat a säin Afloss am Bistum geltend gemaach huet, fir bei der Iwwernam an den Diskussiounen zu enger net ze verhënnerender Restrukturatioun derbäi ze sinn, ass mindestens esou onverständlech, wéi de Fait, datt si d‘Iwwernam duerch Mediahuis net am Usaz kritesch begleet hunn. Woubäi spéitstens do jo all d‘Luuchten op rout iwwergaange sinn.

Och beim Ëmgang mam laangjärege Botzpersonal, hätt ee vläicht net sollen d‘Ae verschléissen a sech bewosst ginn, datt d‘Flamänner et net géifen dobäi beloossen. Sécher et huet och eppes mam Glawen an dat „Gutt vum Mënsch“ ze dinn an datt een ënnert Chrëschte gesittet matenaner ëmgeet. Dat klappt net ëmmer a vläicht wieren se beim LCGB gutt beroden elo den anere Bak hinzehalen.

Illustratioun: © Dimitri Houttermann / unsplash

Related topics Grupp Saint Paul, Imprimerie Saint Paul, Lafayette S.A., LCGB, Luxemburger Wort, Mediahuis NV, Sozialplang
Next post Previous post