Search

You may also like

Ungarn: Europarot kritiséiert Gewalt bei Ausweisung vu Migranten
International Neiegkeeten

Ungarn: Europarot kritiséiert Gewalt bei Ausweisung vu Migranten

Mat engem Bericht, huet en Dënschdeg den Europarot, déi widderholl

Ginn d‘Salariéeën aus dem Gardiennage vun der Kris iwwersinn?
International Neiegkeeten

Ginn d‘Salariéeën aus dem Gardiennage vun der Kris iwwersinn?

Esou wéi dat am groussherzogleche Reglement vum 18. Mäerz 2020

Chantier op der A6 tëscht dem Echangeur Helfenterbréck a Stroossen
International Neiegkeeten

Chantier op der A6 tëscht dem Echangeur Helfenterbréck a Stroossen

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt den Tapis op der Autobunn A6

LISER: Beweege mir eis genuch am Alter?

LISER: Beweege mir eis genuch am Alter?

De Manktem u Beweegung ass laut WHO de véiert gréisste Risiko-Facteur bei der Stierflechkeet. Aus dësem Grond ass eng Reduktioun vun 10% bei der Beweegungsarmut bis 2025 dat grousst Ziel vum Nationalen Aktiounsplang vun der Weltgesondheetsorganisatioun, déi domat am Zäitraum vun 2013 bis 2020 géint net-iwwerdrobar Krankheeten ukämpfe wëll.

Jonken Erwuessenen ëm 18 Joer gëtt gerode wärend der Woch ronn 150 Minutte moderéierte Konditiounssport oder 75 Minutten un intensiver kierperlecher Aktivitéit auszeüben. Natierlech ass och eng Mëschung aus béidem erlaabt – Haaptsaach et gëtt sech beweegt! Dobäi bitt Beweegung an all Alter nëmme Virdeeler: Sou gëtt net nëmmen de Risiko fir kardiovaskulär Krankheeten oder verschidde Kriibszorte reduzéiert, mee och déi kognitiv Fäegkeete ginn oprecht erhalen.

D’Lëtzebuerger Etüd SHARE, déi vum Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) geleet ginn ass, bitt een Abléck an d’Praxis vun de kierperlechen Aktivitéite vu Persounen iwwer 50 Joer. Dobäi konnten dräi verschidden Niveauen un Aktivitéite festgestallt ginn:

  • Intensiv Beweegung – gëtt op mannst 1 Mol an der Woch duerch Sport, schwéier Hausaarbecht oder professionell Aarbechte mat kierperlechen Ustrengunge praktizéiert.
  • Moderéiert Beweegung – gëtt op mannst 1 Mol an der Woch duerch einfach physesch Ustrengungen, wéi beispillsweis d’Schaffen am Gaart, den Auto botzen oder spadséiere goen, ausgeüübt.
  • Wéineg Beweegung – definéiert sech duerch Aktivitéiten déi ongeféier dräi Mol d’Woch ausgefouert ginn oder doduerch, datt quasi keng Beweegung am Alldag ageplangt ass.

LISER

Am Joer 2015 ass festgestallt ginn, datt ongeféier d’Halschent vun de Lëtzebuerger Bierger vu 50 Joer an driwwer op mannst 1 Mol d’Woch kierperlech aktiv sinn. Bei alle Länner, déi deelhuelen, placéiert de Grand-Duché sech an der Mëtt, hannert nordesche Länner wéi Dänemark (&+%) oder Schweden (59%). Lëtzebuerg steet allerdéngs virun de mediterrane Länner, wéi Spuenien (37%), Portugal (36%) an Italien (35%).

Dobäi kann ee kloer soen, datt d’Beweegung sech nom Alter ënnerscheed a mat zouhuelendem Alter verréngert. Dat männlecht Geschlecht ass de Fraen mat 54% zu 45% am Grand-Duché ee Stéck viraus. 64% vun de Männer tëscht 50 an 59 Joer beweege sech nach am moderéierte Beräich. Mat 70 Joer an driwwer läit d’Unzuel just nach bei 38%. Bei de Fraen ass de Prozentsaz souguer nach méi geréng.

Weider Detailer zur Etüd vun 2015 kann een HEI noliesen. Weider sozio-ekonomesch Indicateure fënnt een um Site vu LISER.

Related topics Beweegung, Etüd SHARE, Gesondheet, LISER, Sport, WHO
Next post Previous post