Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Google Datenzenter: Näischt Genaues weess een net, mee et kann ee jo emol unhuelen…
https://moien.lu/dating-place-in-ktm-valley/

Google Datenzenter: Näischt Genaues weess een net, mee et kann ee jo emol unhuelen…

Dat mam „intelligente“ Wirtschaftswuesstem musse mir eis zu Lëtzebuerg nach

understand hookup culture
https://moien.lu/dating-place-in-ktm-valley/

850 Beem sinn an de leschten zwee Joer zur Kompensatioun frësch ugeplanzt ginn

Kompensatiounsmoossnamen, wann e Bam, dee laanscht enger Strooss steet, gefält

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 2
https://moien.lu/dating-place-in-ktm-valley/

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 2

Lëtzebuerg ass zwar kleng, mee dat heescht net, datt een

LISER: Eng Etüd iwwert d‘Evolutioun vun der Aarbecht

LISER: Eng Etüd iwwert d‘Evolutioun vun der Aarbecht

Dat Lëtzebuerger Institut fir Sozio-Ekonomesch Fuerschung (LISER) huet sech am Kader vun enger Etüd, mat der Entwécklung vun der Aarbecht zu Lëtzebuerg, fir den Zäitraum tëscht 1994 an 2018, beschäftegt, an e puer interessant Fakten opgedeckt.

Esou geet aus der Etüd ervir, datt 1994, nach 46% vun den Aarbechtsplaze vu Leit „besat“ waren, déi zu Lëtzebuerg gewunnt hunn an déi Lëtzebuerger Nationalitéit haten. Den Undeel vun den Auslänner déi am Land gewunnt a geschafft hunn, huet sengerzäit bei 28% geleeën, an d‘Part vun de Grenzgänger huet grad emol 26% ausgemaach. D‘Zäiten hunn sech antëscht eppes geännert…

2018, esou déi dréchen Zuelen aus der Etüd, sinn 46% vun den Aarbechtsplazen an den Hänn vun de Grenzgänger, déi iwwreg Plazen deelen sech gerecht tëscht de Residenten, op Lëtzebuerger oder Auslänner op. Ugesiichts dem unhalende Wirtschaftswuesstem an der Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg, dierft den Undeel vun de Grenzgänger, iwwert déi nächst Joren nach zouhuelen.

Mir hu se geruff

D‘Kristell Leduc, d‘Chargée d‘Etudes vum LISER, erkläert: „Lëtzebuerg huet zu Enn vun den 80er e massive Wirtschaftswuesstem erlieft, an huet missen iwwert d‘Grenzen no Aarbechtskraaft siche goen. Ouni d‘Grenzgänger wier et dem Land net gelongen de Wuesstem an d‘Weeër ze leeden“.

D‘Etüd, déi hei gemaach gouf, leet awer och duer, datt d‘Bevëlkerung disproportionéiert eelert. Hei stellt d‘Kristell Leduc fest: „Den Undeel vun der Jugend ass enorm zréckgaangen.

Hunn déi Jonk 1994 nach gutt d‘Hallschent vun de Leit mat enger bezuelter Aarbecht ausgemaach, esou ass dësen Undeel 2018 op ënner 30% gefall. Dogéint huet Zuel vun den eelere Beschäftegten, sech verduebelt, si haten 1994 nach en Undeel vun 11% a maachen 2018 ronn 25% aus.

Den Impakt op d‘Renten

Dat alles gewosst, sollt ee sech och nach dem Rapport vun der IGSS (Generalinspektioun vun der Sozialversécherung) unhuelen. Aus deem geet ervir, datt d‘Ausgaben – no aktuelle Berechnungen – vun der nationaler Pensiounskeess, 2023 méi héich wäerten Ausfalen, wéi d‘Einnamen.

LISER

Haut erhalen eng 170.000 Persounen eng Pensioun aus den generelle Rentesystem. Bei der jëtzeger Entwécklung sinn si 2030 dann zu hirer 290.000. An d‘IGSS wot och eng längerfristeg Schätzung vun der Evolutioun. Esou ginn hir Experte vu 490.000 Rentebeneficiairen aus.

An hei ass dann och, wou de Schong dréckt. Laut der Generalinspektioun, géif dat alles bedeiten, dat eis Reserven, déi eppes iwwer 16 Milliarden Euro schwéier sinn, 2043 opgebraucht wieren. Elo ass dann nom Patronat, hire Vertrieder an der Denkfabrick IDEA, och d‘IGSS dovunner iwwerzeegt, datt eng privat Zousazpensiounsversécherung ëmmer méi noutwenneg gëtt.

Ähnlech Sujeten Aarbecht, IGSS, Kristell Leduc, LISER, Renten, Sozialversécherung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel