Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
De Konsumenteschutz kritiséiert geplangte Stroum- a Gaspräiserhéijungen
Neiegkeeten

De Konsumenteschutz kritiséiert geplangte Stroum- a Gaspräiserhéijungen

Schonn am Januar hat de Konsumenteschutz (ULC) déi Ufank vum

De Mäerz bei Netflix bréngt Neies a Bekanntes
Neiegkeeten

De Mäerz bei Netflix bréngt Neies a Bekanntes

Nodeems de Januar an de Februar scho relativ gutt Méint

EU-Ausseminister gesinn sech op Malta
Neiegkeeten

EU-Ausseminister gesinn sech op Malta

Um Freideg den 28.Abrëll hunn sech op Malta d’EU-Ausseminister getraff

LISER: 3. Forum vum bezuelbare Wunnraum

LISER: 3. Forum vum bezuelbare Wunnraum

Am Haus vun den Humanwëssenschaften um Universitéitscampus zu Esch-Belval, huet de LISER (Lëtzebuergescht Institut fir Sozio-Ekonomesch Fuerschung) war um Méindegowend – am Kader vun 3. Forum vum bezuelbare Wunnraum – e Ronndëschgespréich zum Thema „Wéi kann een den Erausfuerderunge vum bezuelbare Wunnraum zu Lëtzebuerg begéinen?“

E berechtegt Fro, wann et engem ze denke gëtt, datt Wunnen zu Lëtzebuerg zu engem Luxus ginn ass, deen sech nach kaum e Mënsch mat engem „normalen“ Akommes leeschte kann. Trotzdeem wiisst Lëtzebuerg weider, seng Bevëlkerung ass an de leschten aacht Joer ëm 20% gewuess. Dat ass net Fall fir de Logement, wou bestänneg méi Wunnenge gebraucht, wéi der gebaut ginn.

Esou ass et net verwonnerlech, datt de Marché vum „Immobilier“ e lukrativen ass. Mat enger Progressioun vun eppes ënner 5% zanter 2010, ginn awer och vill Spekulanten ugezunn, an déi si seelen drop aus, hir „Investitiounsimmobilien“ zu gënschtege Konditiounen ze verlounen. Mee et sinn net nëmmen déi „Giereg“ déi de Wunnengsmaart zu Lëtzebuerg sabotéieren.

Ze vill vun deem engen, net genuch dees aneren…

Hale mer emol fest, datt all Joer bis zu 13.000 Leit „bäikommen“, dogéint awer nëmmen al Joer bis zu 2.700 nei Wunnengen (zu 38% Eefamilljenhaiser) nei entstinn, dann erkennt ee schonn d‘Basis vum Problem. Net ze vergiessen, datt d‘Wunnengen „den Aarsch aus de Box“ kaschten, an een sech eigentlech op Generatiounen hin muss verschëlden, fir sech en Eegenheem ze leeschten.

Op där aner Säit steet de soziale Wunnraum – egal op „Abordabel“ oder „Subventionéiert“ – mat engem Potential vu ronn 3.500 Eenheeten. Domatter ass kloer, datt et wiesentlech méi Efforte brauch, an och iwwert d‘Aart a Weis muss nogeduecht ginn, wéi een an Zukunft baue wëll. Dat klassescht Eefamilljenhaus, ass op laang Siicht en Auslafmodell, wat un der Gréisst vum Land läit.

Interessant an dësem Kontext, wann een emol Ofstand vum „Mangel“ an de „Präisser“ hëlt: déi Wunnengen déi et zu Lëtzebuerg net gëtt, droen direkt zur Mobilitéitskris bäi. Et kommen esou all Dag méi Leit „vun Auswäerts“ bei eis Schaffen, wéi et „aktiv“ Residente gëtt. De Vertrieder vun der AIS (Sozial Immobilière), Gilles Hempel, gesäit dann och D‘Regierung an der Verantwortung.

De Staat an d‘Gemenge solle Wunnenge bauen

Fir de Julien Licheron vum LISER gëtt et keng honnert Léisungen. D‘Land hätt eng Disponibilitéit vun ëm déi 2.700 Ha, genuch Plaz fir bis zu 80.000 Wunnengen ze bauen. Wou ass hei de Problem? Iwwer 90% vun dëser Fläch sinn an Privathand, an et ass weder einfach nach bëlleg dorunner ze kommen. A Spekulanten – bei enger Plus-value vu 7% am Joer – hu keen Interessi um Verkaf.

Wann een elo awer net anescht kann, wéi d‘Entwécklung an de Bau vu sozialem Wunnraum virunzedreiwen, da muss een déi Léisungen notzen, déi op der Hand Leien. Esou beispillsweis d‘Gemengen iwwerzeegen als Bauhär opzetrieden. Mee do scheitert een un der Autonomie vun eben de Gemengen, déi jo och ënnerschiddlech Interessen ze vertrieden hunn.

Dobäi sollt ee mengen, datt grad d‘Gemenge sollten Interessi hunn ze bauen, well jee no Projet, kréien si hir Projeten tëscht 50% an 100% „Co-Finanzéiert“. Fakt ass och, datt et legal Mëttel gëtt fir géint eidel stoende Wunnraum virzegoen. Leider ass keng Gemeng bekannt – och Esch net – déi dës juristesch Mëttel genotzt hätten. Firwat deem esou ass, war um Méindeg net gewuer ze ginn.

De klenge Fazit

E Méindeg ass den Dauerthema „Wunnraum“ alt nees mat de bekannte Suergen, Reklamatiounen a Virschléi wéi et besser kéint sinn, behandelt ginn. Et sollt ee sécherlech begréissen, datt de Sujet ëmmer nees an d‘Aktualitéit kënnt, och oder vläicht grad, wëll déi grouss Politik zwar villes diskutéiert, net awer amstand ze si schéngt, reell a liewensfäeg Projeten ëmzesetzen.

Hei stellt dann an éischter Linn d‘Fro, wiem ass d‘Regierung, wiem sinn d‘Deputéiert an de Chamber an déi sëlleche Kommunalpolitiker wierklech verflicht? De Bierger schéngt et net ze sinn, well deem gëtt duerch d‘Blumm verständlech gemaach, datt wann een Aarm ass, ee och net kann zu Lëtzebuerg wunnen. An esou muenche vun „deenen“ si selwer um „Spill“ bedeelegt.

E realisteschen „modus operandi“ kann et nëmme ginn, wann déi bestoend Rechtsmëttel ugewannt an ausgebaut ginn, eng Loyersbrems agefouert an eben och selwer gebaut gëtt. Dofir sollt d‘Land och keng Angscht virun enger Rentemauer hunn, iert mir mam Kapp dogéint lafen, hu mir eis längst en bluddeg Nues un der Logementsmauer agefaangen…

Ähnlech Sujeten AIS, Fonds de Logement, LISER, Loyer, Soziale Wunnraum, Spekulatioun, Wunnengsnout
Nächsten Artikel Virrechten Artikel