OGBL: Ënnerstëtzung vum Klimaprotest vun de Schüler
Zesumme mam Departement vun de Jonke begréisst an ënnerstëtzt den
Zesumme mam Departement vun de Jonke begréisst an ënnerstëtzt den
D’Delegatioun vum OGBL, bestoend aus dem President André Roeltgen, dem
An dësem Joer huet natur&ëmwelt de Fluessfénk zum Vull vum
D’Belugaen vum Park a Shanghai (China) op d’Westmännerinselen (Island) ze bréngen, war déi eng Erausfuerderung. Se no an no un hiren eigentleche Liewensraum ze winnen a se op d’Liewen dobaussen ze preparéieren, war déi nächst Erausfuerderung. No méintlaanger Aarbecht kann d’Ekipp elo houfreg zouginn, datt d’Walen am 32.000 Quadratmeter groussen an 10 Meter déiwe Bausseberäich schwammen.
Natierlech ass d’Aarbecht hei net gedoen. Et gëllt, d’Déieren am A ze behalen, fir hiert Wuelergoen an hir Gesondheet ze suergen, an esou de Succès an d’Erkenntnisser vun dëser Missioun an Zukunft ze notzen, fir weider Waasserbewunner an hiren natierleche Liewensraum z’entloossen.
Den Andy Bool, Leeder vu SEA LIFE Trust, ënnersträicht: „ Mir sinn absolut begeeschtert iwwert de Progrès, deen d’Little Grey an d’Little White gemaach hu, säit si am Pool an der Bucht sinn. Si iesse gutt an akklimatiséiere sech an hirer natierlecher Ëmgéigend an de baussechten Elementer. Mirhu si schrëttweis an d’Bucht entlooss, mee se zesummen an der Flora a Fauna vun der grousser Bucht déi éischt Kéier schwammen ze gesinn, war esou wonnerbar z’erliewen an huet eis ze verstoe ginn, datt d’Little Grey an d’Little White et genéissen, nees am Mier ze sinn.“
Wéi d’Cathy Williamson, vum WDC End Captivity Programm erkläert huet, hofft een, datt nach vill weider vun den 3.500 Walen an Delfinen, déi a Gefaangenschaft liewen an eisem Amusement dénge sollen, zeréck an hiren eigentleche Liewensraum dierfen.
Déi beandrockend Rees vun den zwee Belugae gëtt an engem zweedeelegen Documentaire gewisen, deen am Oktober lafe wäert. Heibäi ginn d’Erausfuerderunge vun dem komplexen Trajet an de groussen Engagement vun alle Bedeelegte wärend dëser Missioun gewisen.
Dës Artikele kéinten Iech och interesséieren:
Opmaacherbild: © SEA LIFE Trust