Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mëttelmier: Wouhinner mat de Migranten?
International Neiegkeeten matty j and laura dating

https://moien.lu/free-dating-in-dumfries-and-galloway/

E Samschdeg war e Schëff vun der däitscher ONG „Sea-Eye“

money
Teletravail wier eng Optioun, d‘Politik gëtt domatter awer net eens
International Neiegkeeten matty j and laura dating

Teletravail wier eng Optioun, d‘Politik gëtt domatter awer net eens

Vun doheem aus schaffen – wat eng schéi Virstellung! Ass

Budget 2019: Keng Steiererliichterunge fir d‘Konsumenten!
International Neiegkeeten matty j and laura dating

Budget 2019: Keng Steiererliichterunge fir d‘Konsumenten!

No der Presentatioun vum Budget, dëse 5. Mäerz, muss festgestallt

Liuzhou Forest City: Wéi a China eng gréng Stad entsteet!

Liuzhou Forest City: Wéi a China eng gréng Stad entsteet!

Nodeems den italieneschen Architekt Stefano Boeri zuelräich beplanzt Gebaier op der ganzer Welt entstoe gelooss huet, duerft elo a China mat engem Grouss-Projet ugefaange ginn: Millioune Planzen a Beem ginn an der Liuzhou Forest City mat der urbaner Entwécklung kombinéiert.

Nom Succès zu Mailand mam Vertical Forest wollt d’Ekipp vum Stefano Boeri ee Schrëtt méi wäit goen an op enger Fläch vun 138,5 Hektar, direkt beim Liujiang Lake, eng ganz Stad entstoe loossen. Am nächste Joer soll esou am Süde vu China déi sougenannt Liuzhou Forest City ageweit ginn. Eng déck Millioun Planzen an iwwer 40.000 Beem ginn an, op a ronderëm déi verschidde Gebaier integréiert. Iwwer 30.000 Awunner soll déi gréng Stad zielen.

Wann d’Natur an d’Stad verbonne ginn

Wunnhaiser, Appartementer, 2 Schoulen, Akafszentren, Büroen, Spideeler an vill aner Servicer gi ganz a Gréng gedaucht. Dobäi déngen d’Elementer aus der Natur net nëmmen als Dekoratioun, mee sinn och een integralen Deel vun der Struktur. Grondsätzlech huet d’Land mat enger extrem héijer Loftverschmotzung ze kämpfen. Deem wëll den italieneschen Architekt elo entgéint wierken.

Liuzhou Forest City

© Stefano Boeri Architetti

Virdeeler fir d’Ëmwelt

De Berechnungen no kënne 57 Tonne Schuedstoffer an 10.000 Tonne CO2 absorbéiert ginn. Zur gläicher Zäit ginn ëm 900 Tonne Sauerstoff produzéiert. D’Planzen, bei deenen iwwer 100 verschidde Spezies vertruede wäerte sinn, ginn net nëmmen a de Parken a laanscht d’Stroossen gesat, mee souguer laanscht d’Fassade vun de Gebaier installéiert. De Virdeel läit doran, datt d’Lofttemperatur erofgeet, natierlech Barrièrë géint de Kaméidi opgestallt ginn an diverse Liewewiesen (Villercher, Insekten an aner kleng Déiercher) een neit Doheem gebuede gëtt.

Den Architekt erkläert, datt dëse Projet eng Premiere soll sinn. D’Erausfuerderung besteet nämlech doran, datt d’Stad seng eegen Energie produzéieren a sech esou selwer versuerge soll. Mat geothermaler Energie a Solaranlagen op den Diecher wëll een de Plang an d’Wierklechkeet ëmsetzen.

Iwwert eng Schnellstrooss kënnen d’Awunner vun der grénger Stad mat hirem elektresche Gefier an op Liuzhou kommen. Do bleift da just d’Fro, op d’Batterië vun den Autoen esou gréng a propper sinn, wéi d’Stad selwer.

Liuzhou Forest City

© Stefano Boeri Architetti

Wéi et dozou koum

De Projet vun der Bësch-Stad ass eng éischte Kéier 2015 op der internationaler Konferenz COP 21 zu Paräis presentéiert ginn. Duerch d’Entwécklung vum urbanen an architekturale Model, wouduerch d’Ëmwelt regeneréiert gëtt an d’Biodiversitéit nees gesteigert gëtt, gi mir a Richtung vun neie Generatiounen u Stied.

De Stefano Boeri setzt sech staark fir d’Studien an den Design vu Prototyppen vun ähnleche Stied a verschiddene Regioune vu China an. Knapp 2 Joer no der Presentatioun an der franséischer Haaptstad koum vum Liuzhou Municipality Urban Planning den Accord zum Bau vun der Stad.

Tëscht de villen negativen Nouvellen iwwert Bëschbränn, d’Zerstéierung vun der Biodiversitéit an der Klimakris ass dëse Projet emol eng schéin Oflenkung. Net nëmmen der Ëmwelt bréngen déi gréng Stad eppes, och Mënsch an Déier wäert dësen Ubléck gäre genéissen. Vläicht wäert et an Zukunft och an eiser Géigend beplanzte Gebaier ginn, woubäi een hoffe muss, datt schonn beim Bau den nohaltege Gedanken eriwwer kënnt.

Opmaacherfoto: © Stefano Boeri Architetti

Ähnlech Sujeten Äerderwiermung, Architektur, Biodiversitéit, China, gréng Stad, Klimawandel, Liuzhou Forest City, Loftverschmotzung, Stefano Boeri Architetti
Nächsten Artikel Virrechten Artikel